Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Tierkei huet näischt an der EU verluer"

Aussepolitik

"D'Tierkei huet näischt an der EU verluer"

D'EU muss méi ferm si mat der Tierkei, seet de Laurent Mosar. Den aussepolitesche Spriecher vun der CSV fuerdert ënner anerem, datt d'Bäitrëttsverhandlunge mat Ankara ofgebrach ginn.

auto_stories

3 min

"All Toleranz huet hir Grenzen", seet de Laurent Mosar (CSV)

D'Tierkei gehéiert fir de Laurent Mosar net an d'EU, an dat onofhängeg vun den Diskussiounen iwwert d'Doudesstrof. Den tierkesche President Recip Erdogan hätt sech déi lescht Wochen allerdéngs net beandrocke gelooss vun de Menacë vun der EU a vun den USA, stellt de Laurent Mosar fest. Dowéinst fuerdert den CSV-Deputéierten datt béid Säite méi konsequent optriede géintiwwer dem tierkesche Regime.

D’Attitude vum Erdogan wier awer net nei. "Dat ass e Mënsch, deen sech einfach iwwer alles ewech setzt an deen d'Mënscherechter net als Prioritéit a sengem Land consideréiert", sou de Laurent Mosar.

Dem Putin säi fermen Toun

De Laurent Mosar géif sech wënschen, datt d'EU an hire Leadere méi fest mat der Fauscht op den Dësch géinge schloen. De Wladimir Putin hätt gewisen, datt e méi fermen Toun eppes bewierkt. De russesche President wier relativ sec mam tierkesche Staatschef gewiescht. Elo schéngen d’Relatiounen tëscht Russland an der Tierkei nees besser ze sinn, mengt de Laurent Mosar.

D'EU-Ausseministeren hunn Ankara opgefuerdert, datt d'Gewalt am Land ophéiert. Gläichzäiteg brauch d'Europäesch Unioun d'Tierkei bei der Flüchtlingspolitik. "Et muss een d’EU-Bäitrëttsverhandlungen an d'Flüchtlingskris vunenee trennen", seet de Laurent Mosar. Et géing näischt verhënneren, datt d'Verhandlungen iwwert d'Flüchtlingspolitik viru ginn.

Där Negociatioune géif d'EU och mat Länner wéi Jordanien an dem Libanon féieren, déi keng Ambitiounen hätten an d’EU ze kommen. Doriwwer eraus géif d’Tierkei d'Refugiéen net ophuele "wéinst de schéinen Aen" vun der Europäescher Unioun, mee well d'Land Milliarde vun Euro e kritt, esou de Laurent Mosar.

"Wirtschaftresponsabel bestëmmt net amused"

Den CSV-Deputéierte mécht sech och Suergen ëm déi tierkesch Ekonomie. Déi hätt geboomt an de leschte Joren. Dat wier och ee vun de wéinege Meritte vum Recip Erdogan. "Ech ka mer awer virstellen, datt déi Responsabel vun der tierkescher Wirtschaft net amused sinn iwwer déi aktuell Evolutioun. An de leschten Deeg héiert een ëmmer méi Leit aus der tierkescher Wirtschaft iwwerleeën op se net solle fortgoen."

Eng aner grouss Erausfuerderung fir de Laurent Mosar ass de Kampf géint de radikalen Islam. Dee wier ëmmer méi Gaang den Islam ze vergëften, deen u sech eng friddlech Relioun wier. Dem CSV-Deputéierte mécht déi Entwécklung Angscht an déi dierft een och net ënnerschätzen. Et misst een sech och froe stellen iwwert d'Lienen tëscht Golfstaaten wéi Saudi-Arabien an dem Katar a radikalen Organisatioune wéi den Islamesche Staat oder El Kaida. Dowéinst misst een och déi wirtschaftlech Relatioune mat de Golfstaaten op de Leescht huelen, seet de Laurent Mosar.

"Ech sinn en tolerante Mënsch"

Den CSV-Deputéierten ass bekannt fir seng kloer Sprooch. Hie gesäit sech als en tolerante Mënsch, dee gutt mat Kritik kéint ëmgoen.

"Mee all Toleranz huet hir Grenzen. Ech kann all Relioun acceptéieren. Wann et awer esou ass, datt eng Relioun an hiren extreemster Branchen awer keng Toleranz méi huet géintiwwer net Gleewegen oder Gleewege vun anere Reliounen, dann hunn ech awer e Problem." De Laurent Mosar sot och, datt et deen Ament un der Politik wier fir ze soen: Elo ass Schluss!