Radioen

On air

Notturno  |  Kyle Kidd - Tms

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Produzenten op engem High

Cannabis a Kanada

Produzenten op engem High

Kanada wëllt Marihuana an den nächste Joeren legaliséieren. Dat kéint fir Produzente vu medizineschem Cannabis a fir de Staat e lukratiivt Geschäft ginn. Verléiere géif dat organiséiert Verbriechen.

Yascha Wecker / ys

auto_stories

4 min

De Sébastien St-Louis bedreift zënter engem Joer eng hight-tech Marihuanaplantage an engem klengen Duerf an der Géigend vun der kanadescher Haaptstad Ottawa. Hie ka ronn dräi Tonnen am Joer produzéieren. Alles ass mat modernster Technik ofgeséchert.

Hien ass ee vun de 27 accreditéierte Produzenten a Kanada, déi ënnert strenger Opsiicht vum Gesondheetsministère Marihuana fir medizinesch Zwecker däerfe produzéieren. D’Produite ginn u Leit verkaaft, déi ënnert serieuxe Krankheete leiden an an e Rezept vum Dokter hunn.

Dem Sébastien St-Louis seng Firma "Hydropothécaire" verkeeft de Produit réischt zënter dräi Méint. A schonn elo muss hie seng Produktiounsfläch vergréissere fir mat der grousser Demande kënne matzehalen.

Legaliséierung fir rekreative Gebrauch

Mee domat net genuch. Wéi de kanadesche Premier Justin Trudeau am Dezember zejoert ugekënnegt huet, datt d’Legaliséierung vu Marihuana eng vun de Prioritéite vu senger Regierung wier, war séier kloer, datt dem Sébastien St-Louis säi Projet ganz aner Dimensioune misst unhuelen. An enger éischter Phase wäert hien d'Fläch ëm knapp 3 Hektar mat Zäre vergréisseren.

Bis 2018 wëllt hien am Ganze 14 Hektar u Fläch  fir d’Produktioun prett maachen. D’Versprieche vun der liberaler Regierung géing nämlech ee ganz neien, a lukrativen Marché opmaachen, erklärt de Sébastien St-Louis. "D'Ouverture vum rekreative Marché wär eng immens Opportunitéit. Menger Meenung no kéint dat un d'Vente vum Alkohol erukommen."

De Sébastien St-Louis ass net deen eenzegen, dee mat der geplangtener Legaliséierung Profit wärt maachen. Experte schwätzen vun engem Marché, dee Milliarden Dollar kéint wärt sinn. Kee Wonner also, datt d’Marihuana-Produzenten a Kanada zënter der Annonce vum Justin Trudeau op engem "High" sinn.

Vill Gewënner, ee Verléierer

Iwwer d’Halschent vun hinnen gi vun der kanadescher Associatioun fir d’Industrie vum medizineschen Cannabis CMCIA vertrueden. D’Generaldirektesch vun der Associatioun, d’Colette Rivet mengt, datt d’Legaliséierung vum Marihuana eng Chance fir d’Produzenten ass, fir hir Investissementer weider ze rentabiliséieren. "Déi meescht Produzente si frou, datt de Marché sech wäert vergréisseren. Si wëlle sécher implizéiert ginn, wannn de Marché fir de rekreative Gebrauch opgeet.

Bis zu enger Milliard Dollar u Steiere kéint de geregelte Verkaf vun der Drog a Kanada erabréngen. Dat soe verschidden Economisten, déi sech op de Modell vun der Legaliséierung am US-Staat Colorado baséieren. 

Just d'organiséiert Verbrieche kéint bei dësem Geschäft verléieren, esou den Ekonomist um Fraser Institut zu Vancouver, de Stephen Easton. "Dat wichtegst doranner ass, datt ee mat der Legaliséierung der organiséierter Kriminalitéit eng enorm Zomm u Revenuë kéint ewechhuelen. Milliarde vun Dollaren. Dat ass a mengen Aen dee gréisste Virdeel vun dëser Moossnam."

Legalisatioun - wéi a wéini?

Dem Sébastien St-Louis seng Firma leet vill Wärt op d’Qualitéit vum Produit, dee se verkeeft. Fir hien ass et dowéinst immens wichteg, datt d’Regierung och no der Legaliséierung op deem Punkt keng Kompromësser ageet. "Op eisem Produit stinn ëmmer d'Wäerter vun de Cannabinoïden oder Wierkstoffer. Et ass wichteg, datt autoriséiert Produzente mat Erfahrung an d'Legislatioun mat abezu ginn, fir dee Qualitéitsstandard ze halen."

Deen Appel lancéiert och d’Associatioun vun de Cannabisproduzenten CMCIA. Fir si wär d’Zesummenaarbecht eng Garantie dofir, datt d’Gesondheet vun der Bevëlkerung esou gutt wéi méiglech geschützt géif, esou d’Generaldirektesch Colette Rivet.

Nach weess kee genee, wéini de Marihuana a Kanada legal gëtt. D’Begeeschterung ass scho grouss bei de Produzenten. Elo bleift ofzewaarden, ob d’Regierung hiert Verspriechen och anhält.