Fënnef Méint nodeems Planetary Resources eng Filial zu Lëtzebuerg opgemaach huet, gëtt d’Lëtzebuerger Regierung Aktionär am Mammenhaus vun der amerikanescher Space-Mining-Entreprise, déi zu Redmond am US-Staat Washington baséiert ass.
E Kooperatiouns- an Investitiounsaccord fir 25 Milliounen Euro gouf vun der Lëtzebuerger Regierung, der Société nationale de crédit et d’investissement (SNCI) a Planetary Resources ënnerschriwwen. De Mario Grotz vum Wirtschaftsministère präziséiert am 100,7 Interview: 13 Milliounen Euro ginn iwwert d’SNCI an d’Fuerschung an Entwécklung bei Planteray Resources Luxembourg investéiert. 12 Milliounen Euro ginn als Kapital direkt an d’Mammenhaus vu Planetary Resources an den USA investéiert.
Am Verwaltungsrot gëtt Lëtzebuerg do duerch de Georges Schmit vertrueden, Direktiounsmember vun der Lëtzebuerger spaceresources Initiative.
Strategie mat bestëmmen
Als ee vun den Haaptaktionäre kéint Lëtzebuerg d’Strategie vu Planetary Resources mat bestëmmen, seet de Mario Grotz. Et wier wichteg, do ze sëtzen, wou Decisioune geholl ginn. Gläichzäiteg géif awer och dee neie Secteur vum Space Mining hei zu Lëtzebuerg viru gedriwwe ginn andeems Sue fir d’Fuerschung bei Planetary Resources hei am Land zur Verfügung gestallt ginn.
Och d’Kapital, dat an d’Mammenhaus investéiert gouf, géif herno nees zum Deel a Fuerschungsgsaktivitéiten zu Lëtzebuerg investéiert ginn. Als Géigeleeschtung entwéckelt Planetary Resources eng Partie Aktivitéiten - zum Beispill Kommunikatiouns-Systemer am Weltall - exklusiv hei zu Lëtzebuerg.
Wirtschaftleche Retour erwaart
De Lëtzebuerger Staat géif sech natierlech e wirtschaftleche Retour vun der kommerzieller Notzung vu Ressource vun Asteroiden erwaarden, esou de Mario Grotz. Ma och duerch d’Entwécklung vum Space-Mining-Secteur, an deenen dozou néidegen Technologien, géif e komplett neie Wirtschafts-Secteur zu Lëtzebuerg entstoen. Do géif e ganzen “Eco-System” opgebaut ginn, mengt de Mario Grotz.
Et misst awer nach méi an d’Fuerschung investéiert ginn, an d’Finanzéierungsinstrumenter missten esou ausgeriicht ginn, datt se fir d’Entreprisen an deem Secteur passen. Dat géif och nei Aarbechtsplaze schafen – allerdéngs géif do virun allem héich qualifizéiert Personal gebraucht ginn. All déi Entwécklunge géifen awer hëllefen, weider Entreprisen aus dem Space Mining Secteur op Lëtzebuerg unzezéien.
Presentatioun vum neie Gesetz nächst Woch
Dat neit Lëtzebuerger Gesetz fir d'Exploitatioun vu Weltall-Ressourcë soll Enn der nächster Woch vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider op enger Pressekonferenz virgestallt ginn. Et ass um amerikanesche Space Act baséiert, mam Ënnerscheed, dass dat amerikanescht Gesetz nëmmen amerikaneschen Entreprisen d’Kommerzialiséierung vu Ressourcen aus dem Weltall erlaabt.
Lëtzebuerg geet méi wäit a mécht déi Exploitatioun op fir all Nationalitéiten. Dem Mario Grotz no wier et elo och wichteg, aner Partner-Länner mat u Bord ze kréien an e gemeinsamt Verständnis ze kréien, fir spaceresources an engem internationale Kader weider ze entwéckelen.