Lëtzebuerger Sprooch Lëtzebuergesch am Multilinguismus

D’Plaz an d’Gewiicht vun der Lëtzebuerger Sprooch polariséiert rëm. Eng Petitioun fir d’Lëtzebuergescht als éischt Amtssprooch huet mat 14 Dausend Ënnerschrëften e relative Succès. D’Petitioun gouf scho vill kommentéiert. "Ma am Fong gëtt et ee Konsens", seet de François Aulner an engem Kommentar.

François Aulner

Kommentar François Aulner

Kee Mënsch, och keen Auslänner, deen hei am Land lieft, géing am Dram drun denken d’Lëtzebuergescht ofzeschafen. Kee Mënsch géing awer och am Dram drun denken de Multilinguismus ofzeschafen, ouni deen de Lëtzebuerger Wuelstand onméiglech ass.

Par konter mengen op d’mannst 14.000 Leit, datt d’Lëtzebuerger Sprooch méi Plaz misst kréien, besonnesch méi wéi Franséisch. Eng Fuerderung, déi virun allem zeréckgeet op de mëttlerweil bekannte Frust, datt ee beim Bäcker säi Croissant op Franséisch misst bestellen. De faméisen: "en français, s’il vous plaît."

Ënnert der Konditioun, datt dës Ängscht net fir eng Nationalistesch Agenda benotzt ginn, hëlt d’Politik dee Frust zu Recht Eescht. Mee genee sou zu Recht ass et Versteesdemech ze hu fir Frontalieren oder Auslänner, déi hei liewen. Ofgesinn dovunner, datt si dacks wéineg bezuelt ginn oder am Fall vun de Frontalieren zwou bis dräi Stonne pro Dag am Verkéier verbréngen an ofgesi vun den aktuellen Aarbechts-Rhythmen, ass et fir si méi schwiereg d’Sprooch ze léieren, well d’Lëtzebuergesch-sproocheg Communautéit dacks isoléiert ass vun der Net-Lëtzebuergesch-sproocheger a vice-et-versa.

Lëtzebuergesch am Multilinguismus

Et geet am Fong net drëms wéi eng Sprooch ee schwätzt, mee wéi lieft ee besser zesummen. Dat geet wann ee Lëtzebuergesch am Multilinguismus fërdert. Net dat eent ouni dat anert. Wat kann ee maachen, fir datt Lëtzebuergesch méi Plaz kritt, ouni datt de Multilinguismus drënner leit?

Laangfristeg kéint d’Sprooch esou adaptéiert ginn, datt si eng Rechtssécherheet erëm gëtt. Eng Académie française à la luxembourgeoise, misst Zengdausende Wieder erfannen, déi am Moment feelen. Bis Lëtzebuergesch rechtssécher ass, kéint allerdéngs laang daueren. Wann et awer esouwäit ass, kéinten d’Texter op den dräi offizielle Sprooche publizéiert ginn.

Kuerzfristeg kéint Lëtzebuerger Grammaire an de Primärschoulen enseignéiert ginn. Mat enger uerdentlecher Programmatioun kéint sécherlech verhënnert ginn, datt aner Fächer drënner leiden. Déi aner Sproochen mussen awer och weider enseignéiert ginn.

An der Tëscht gëtt d’Lëtzebuergescht scho gestäerkt; ënnert anerem um Radio. Duerch d’Nationalitéit och: D’Lëtzebuergesch-Coursen si voll besat. Nach ni hunn esouvill Mënsche wéi haut Lëtzebuergesch geschwat.

Lëtzebuerg muss glänzen

Wat awer am Beschte fir d’Lëtzebuergescht wier, wier wann d’Awunner hei am Land, ob Lëtzebuergesch-sproocheg oder net, sech net diviséiere loossen. Wat am Beschte wier, wier wann een ënnert Frontalieren a Net-Frontalieren, ënnert Nationalen an auslännesche Residenten, méi Zäit matenee géing verbréngen. Wéi soll ee Lëtzebuergesch léieren, wann déi, di d’Sprooch kënnen, refuséiere mat deenen aneren ze kommunizéieren?

Leit iwwerzeegen d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren, dat geléngt Lëtzebuerg am Beschten, wa Lëtzebuerg glänzt. An et glänzt een och an der Manéier wéi ee seng Invitéen behandelt.


Lëtzebuergesch am Multilinguismus

Méi zum Thema

François Prum, Bâtonnier; a François Kremer, Fize-Bâtonnier
Barreau

Lëtzebuergesch- an Däitschkenntnesser sollen net d'Konditioun si fir zu Lëtzebuerg als Affekot ze schaffen, fuerdert de Barreau. De Lëtzebuergesch-Niveau dee verlaangt wier, wier net néideg.

Fernand Fehlen
Lëtzebuerger Sprooch

D'Fuerderunge vun der Petitioun ëm d'Lëtzebuerger Sprooch wieren onrealistesch, fënnt de Fernand Fehlen. Fir d'Revendicatiounen ëmzesetze wier d'Sprooch net developpéiert genuch seet de Sproochesoziolog.

Maria Castrovinci
Crèchen

D’Regierung an de Secteur vun der Kannerbetreiung hätten de Wëllen, fir sech ze verbesseren, seet d’Maria Castrovinci, Presidentin vun der Federatioun vun de private Crèchen (FELSEA).

Lëtzebuerg huet eng Sprooch fir d’Gesetzer, verschidde Sprooche fir en administratiivt Uleiës an eng national Sprooch. Eng ideal Basis fir e Sproocheschlaraffeland; kéint ee mengen.

Fred Keup
Nationalitéit

En Demokratie-Defizit gëtt et just, wann d’Leit hei am Land net méi matenee kënne schwätzen. Där Meenung ass de Fred Keup, Grënner vun der Plattform "Nee 2015, Wee 2050".

bigstock-Croissant-64385434-1024x685.jpg

De Fräie Mikro vum Danielle Igniti ass dëse Mëttwoch op Franséisch – eng Reaktioun op d’Resultat iwwer d’Awunnerwahlrecht beim Referendum.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen