Sproochendebat Lëtzebuergesch geschwënn EU-Sprooch?

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet d’Iddi relancéiert, fir d’Lëtzebuergesch als offiziell Sprooch op EU-Niveau unerkennen ze loossen. De Kulturministère gouf elo chargéiert, fir d'Konditiounen an d'Prozeduren nozesichen, fir d'Lëtzebuergescht unerkennen ze loossen.

das /pre / fa / cwi

Claude Meisch
Den Educatiounsminister Claude Meisch

"Ech wëll ee Wee fannen, fir Lëtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch kënnen ze consideréieren", esou den Educatiounsminister. De Kulturministère gouf elo chargéiert, fir d'Konditiounen an d'Prozeduren nozesichen, fir d'Lëtzebuergescht unerkennen ze loossen.

D’Reaktioune bei der politescher Oppositioun op d’Iddi, fir Lëtzebuergesch als EU Sprooch unerkennen ze loossen, si positiv:

  • De Gast Gibéryen betount, d'ADR hätt sech schonn zënter laangem dofir agesat: "Mir si frou, datt eis Iddi elo opgegraff gëtt." Den Opwand wier net esou grouss. Net all Dokumenter missten iwwersat ginn, mee wann ee Bierger un d'EU-Kommissioun schreiwen, da misst hie kënnen eng Äntwert op Lëtzebuergesch kréien. D'Lëtzebuerger Regierung misst dobäi hëllefen.
  • Och d'CSV fënnt d'Propose vum Claude Meisch gutt. Mee d'Méisproochegkeet dierft net vernoléissegt ginn, betount den CSV-Deputéierte Gilles Roth. D'Lëtzebuerger Sprooch wier schonn zënter laangem am Bewosstsinn vun der Populatioun: Déi aktuell Sproochepetitioun wier een Ausdrock dovun.

Am 100,7-Interview huet de Claude Meisch iwwerdeems weider Pisten opgezielt, iwwer déi d'Lëtzebuergescht weider kéint gefërdert ginn:

  • D'Sprooch als Optioun an de Lycéeë proposéieren
  • Ee Stufesystem an der Erwuessenebildung: Immigrante kéinten no a no verschidden Niveauen zertifiéiere loossen.
  • D'Orthografie duerch d'Kommunikatioun mam breede Public fërderen

Interview mam Claude Meisch

Reaktioune vun ADR an CSV

Méi zum Thema

Peter Gilles
Sproochendebat

D'Diskussioun iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch leeft op Héichtouren. Hunn d'Leit genuch Informatioune fir den Debat ze féieren a rationell iwwer de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen ze schwätzen?

François Aulner Kommentar
Lëtzebuerger Sprooch

Kee Mënsch, och keen Auslänner, deen hei am Land lieft, géing am Dram drun denken d’Lëtzebuergescht ofzeschafen. Kee Mënsch géing awer och am Dram drun denken de Multilinguismus ofzeschafen, mengt de François Aulner.

Claude Lamberty a Fernand Kartheiser
Lëtzebuerger Sprooch

D'Petitioun, déi d'Aféiere vum Lëtzebuergeschen als Amtssprooch an Nationalsprooch fuerdert, misst eescht geholl ginn. Dat fannen esou wuel de Claude Lamberty (DP), wéi de Fernand Kartheiser (ADR).

Fernand Fehlen
Lëtzebuerger Sprooch

D'Fuerderunge vun der Petitioun ëm d'Lëtzebuerger Sprooch wieren onrealistesch, fënnt de Fernand Fehlen. Fir d'Revendicatiounen ëmzesetze wier d'Sprooch net developpéiert genuch seet de Sproochesoziolog.

 

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen