Radioen

On air

Webinar  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch tëscht Wonschdenken a Realitéit

Sproochendebat

Lëtzebuergesch tëscht Wonschdenken a Realitéit

D'Diskussioun iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch leeft op Héichtouren. Hunn d'Leit genuch Informatioune fir den Debat ze féieren a rationell iwwer de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen ze schwätzen?

auto_stories

5 min

De Peter Gilles vun der Uni Lëtzebuerg. Foto: Michel Brumat / Universitéit Lëtzebuerg

De Master "Langues, cultures et médias - Lëtzebuerger Studien" bitt eng wëssenschaftlech Approche zu der Lëtzebuerger Sprooch, der Linguistik, der Grammaire an der Orthografie. Gläichzäiteg gëtt sech mam kulturellen, historeschen a sozialen Ëmfeld vun der Sprooch ausernaner gesat. An awer hat d'Uni dëst Joer net genuch Studente fir de Master kënnen ofzehalen. Dat zu engem Ablack, zu deem op ville Plazen nees no méi Lëtzebuerger Sprooch gefuerdert gëtt.

Fir Peter Gilles, ee vun de Professere vum Master, wier et schwéier ze soen, wat d'Grënn fir déi wéineg Aschreiwunge wieren. D'Qualifikatioun, den Interessi an d'Perspektiven, all dëst wiere Facteuren, déi eng Roll géife spillen. De Master wier awer net déi eenzeg Offer am Beräich Luxemburgistik, betount de Linguist: Aner Formatiounen a Course wiere gutt besicht. "Den Interessi bei de Studente selwer ass do. Den Interessi fir eng grouss Formatioun ze maachen ... dat ass eng aner Diskussioun."

Net genuch informéiert?

"Ech hunn dacks d'Impressioun, datt d'Ëffentlechkeet, wat d'Lëtzebuergescht konkret ugeet, net richteg informéiert ass", esou d'Feststellung vum Peter Gilles. D'Uni wier immens engagéiert, wat d'Offer u Coursen, d'Recherche an d'Kommunikatioun géif concernéieren - net nëmmen am akademesche Kontext mee och am ëffentleche Kader. "Mir maachen alles bekannt wat mir fuerschen a wat mir un Neiegkeeten erausfonnt hunn. Dat maache mir iwwer Facebook, iwwer Twitter, iwwer eis Internetsäiten a sos iwwer d'Medien." Eng vun dësen Internetsäiten ass infolux.uni.lu op där sech d'Bierger iwwer d'Sprooch kënnen informéieren a renseignéieren.

Dacks géif gesot ginn, iwwer d'Lëtzebuergesch géif näischt gemaach géif ginn, bedauert de Peter Gilles. "Ech mengen, da muss ee sech als éischt richteg informéieren", betount den Unisprofesser.

Ee Problem mat der Méisproochegkeet?

De Fred Keup, Member vun der "Actioun Lëtzebuergesch" behaapt, d'Leit hätten d'Gefill, datt d'Lëtzebuergescht am Alldag ëmmer manner present wier. "Et kann een ëmmer manner schwätzen, et héiert een d'Sprooch ëmmer manner." Senger Meenung no géif et ee Kommunikatiounsproblem ginn: Vill Leit wieren net gutt am Franséischen. Dat géif si virun Hürde stellen. Déi Leit, déi sech géife fir d'Sprooch asetzen, géifen dacks diskriminéiert ginn, mengt de Fred Keup, deen och d'Initiativ "Wee 2050 - Nee 2015" gegrënnt huet. Dobäi wéilten déi Concernéiert d'Saach pragmatesch ugoen. "Déi meescht Leit wëllen eppes fir d'Lëtzebuerger Sprooch maachen, mee och un der Méisproochegkeet festhalen."

Fir de Peter Gilles vun der Uni Lëtzebuerg ass d'Méisproochegkeet net ewech ze denken. D'Lëtzebuergescht géif zënter den 1980er Joren ëmmer méi an de Fokus kommen: Iwwert d'Sproochegesetz vun 1984 hätt d'Lëtzebuergescht d'Funktioun vun der Nationalsprooch kritt. "Fir vill Lëtzebuerger ass dat den Haapt-Identitéitspool." Parallel dozou wier den zweeten identitären Aspekt fir all d'Lëtzebuerger awer d'Méisproochegkeet. "Op een dat wëll oder net."

"Et ass eng Realitéit"

Op d'Méisproochegkeet géif et dem Linguist no verschidde Vuë ginn - zum Beispill wéi vill Franséisch oder Däitsch ee bräicht oder wéi vill d'Lëtzebuergescht misst representéiert ginn. Den Haaptproblem, esou de Peter Gilles, wier datt d'Lëtzebuerger sech an der Méisproochegkeet net géife wuel spieren. "Dat drécke si iwwer d'Lëtzebuergescht aus, an deem si soen et wier ze weineg Lëtzebuergesch do an d'Identitéit wier net richteg representéiert."

Et géif ee Widdersproch bestoen, esou de Chercheur: Op där enger Säit géif d'Fuerderung stoen, datt d'Lëtzebuergesch als éischt Sprooch soll gefërdert ginn. Op der anerer Säit misst dat awer am Kontext vun der Méisproochegkeet geschéien. "D'Méisproochegkeet ass d'Realitéit vu Lëtzebuerg, schonn ëmmer gewiescht." Déi kéint een elo net ignoréieren a Lëtzebuerg als Haaptsprooch no fir stellen. D'Fro déi ee sech misst stelle wier éischter déi, wei d'Lëtzebuergescht an der Méisproochegkeet kéint funktionéieren.

Lëtzebuergesch schreiwen

Tëscht dem geschwaten a geschriwwene Lëtzebuergesch ass dacks eng grouss Diskrepanz. Trotz enger festgeluechter Orthografie, schéngt alles erlaabt ze sinn. Op de soziale Medie gesäit een dacks, datt - wa Lëtzebuergesch geschriwwe gëtt - vill Feeler do stinn. "Et gëtt meeschtens oder ni korrekt geschriwwen", fënnt de Fred Keup vun der "Actioun Lëtzebuergesch". Hie fënnt dat awer net dramatesch. Dat wichtegst wier, datt geschriwwen a geschwat géif ginn. D'Lëtzebuerger Sprooch misst present sinn. "A wa jiddferee Feeler mécht, da fäert och kee fir ee Feeler ze maachen." Esou géif méi onkomplexéiert mat der Sprooch ëmgaange ginn.

Och de Peter Gilles vun der Uni Lëtzebuerg fënnt dëse laxen Ëmgang mat der Sprooch net problematesch. De Gebrauch vum Lëtzebuergesche wier am Gaange sech ze veränneren. Duerch de Gebrauch vun de soziale Medie kéinten d'Leit op eng einfach Manéier schreiwen, ouni sech un d'Orthografie ze halen. "Dat ass an där Phase an där mier elo sinn immens praktesch fir d'Lëtzebuergescht ze stäipen." Wichteg wier, datt d'Lëtzebuergescht am Schrëftleche iwwerhaapt present wier. Dat wier nämlech eng rezent Entwécklung

D'Roll vum Enseignement

D'Orthografie hätt et den Ament awer nach schwéier, esou de Peter Gilles. Regele géif et zwar ginn. Mee si géifen net ëmgesat ginn. "Wéi soll eng Sprooch sech etabléieren, wa si a kengem offizielle Schoulsystem enseignéiert a sanktionéiert gëtt", freet de Sproochwëssenschaftler. Datt d'Leit vu sech aus richteg géife schreiwen, wier ze vill verlaangt an et géif d'Leit aschüchteren.

De Chercheur fënnt, et géif dacks op Grond vun der Orthografie gestridde ginn, besonnesch an de soziale Medien. Géif engem eng Meenung net gefalen, géif als éischt op d'Feeler am Lëtzebuergeschen higewise ginn. Da géif eng Persoun erof gemaach ginn, well si net richteg Lëtzebuergesch schreiwe géif. "Ech géif soen, sief frou datt si iwwerhaapt Lëtzebuergesch schreift."

D'Orthografie wier dem Peter Gilles no wichteg, "mee am Kontext vun engem Educatiounssystem an deem si och etabléiert ass." Soss wier si nëmmen eppes fir Spezialisten.