Radioen

On air

Notturno  |  Richard Thompson - The Calvary Cross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir probéiere jidderengem entgéint ze kommen"

Fonds Belval

"Mir probéiere jidderengem entgéint ze kommen"

"Belval est à nous" - sou heescht eng Initativ vu Studenten an Unis-Mataarbechter, déi sech Mëtt dës Joers gegrënnt huet, fir d'Unis-Liewen op Belval méi lieweg ze gestalten an de Fonds Belval net wéineg kritiséiert hunn. "De Fong lauschtert op seng Kritiker, all Kritik gëtt eescht geholl" - dat seet elo de Luc Dhamen, Direkter vum Fong. Hie rifft seng Kritiker dozou op, Gedold ze hunn a seet, et wär scho vill geschitt.

auto_stories

4 min

De Luc Dhamen seet et géif een d'Kritiken u Belval eescht huelen

Am Summer hate Studenten a Proffe vun der Uni bemängelt, datt d'Uni net lieweg genuch wier. Diskussioune gouf et och mat der Uni selwer iwwer d'Reservatioune vun de Säll. De Luc Dhamen gëtt zou, datt ee Startschwieregkeete gehat hätt. "Mir hunn d'lescht Joer dräi Gebaier vun den Universitéiten an de Recherchezentren ageweit, datt et do vläicht Optiméierungsbedarf gëtt, ass jo ganz kloer", sou den Direkter vum Fonds Belval, deen zanter Juni 2015 op sengem Posten ass. "D'Jalone sinn awer richteg gesat". Lo misst de Potenzial, deen do ass, genotzt ginn.

An der Tëschenzäit wier schonn u Verbesserunge geschafft ginn, zum Beispill wat d'Uni betrëfft. Deemno geréiert d'Uni d'Auditoiren op den dräi Stäck vun der Maison du savoir zanter September komplett selwer. "Wann ee Professer wëll ee Sall reservéieren, da fiert en direkt iwwer d'Uni", sou de Luc Dhamen. Uganks ass d'Reservatioun vun de betraffene Säll iwwer de Fonds Belval gelaf, dee fir d'Gestioun an déi kommerziell Notzung vun de Gebaier um Site zoustänneg ass.

"Mir komme laanschteneen"

D'Gestioun an domat och d'Verloune vum groussen Auditoire um Rez-de-Chaussée, an deem regelméisseg gréisser Evenementer organiséiert ginn, leeft weider iwwer de Fonds Belval. "Mee wann d'Uni de groussen Auditoire brauch, dann organiséiere mir dat", sou de Luc Dhamen. Do géif een och ëmmer laanschtenee kommen. D'Uni muss och näischt fir d'Locatioun bezuelen, fir aner Acteure kascht de groussen Auditoire 4.000 Euro pro Dag.

Am Mee dëst Joer huet sech d'Initiativ "Belval est à nous" gegrënnt. Studenten a Professeren hu kritiséiert, d'Uni wier keng lieweg Plaz an dat wier, ënnert anerem, dem Fong seng Schold. Een Aspekt vun der Kritik: Et dierfte keng Affichen an de Gebaier opgehaange ginn. De Luc Dhamen weist déi Kritik vu sech: Et hätt ni ee verbueden, Affichen opzehänken, et wieren och an der Tëschenzäit Surfacen an deem Sënn bäikomm. "Do kënnt keng Zensur vum Fonds Belval".

An och hei wier zanter September d'Uni selwer en charge: D'Ännerung an der Gestioun vun den dräi Stäck vun der Maison du savoir ass net op d'Säll limitéiert, mee betrëfft och d'Technik, d'Gäng, an och, zum Beispill, d'Botzaarbechten, déi ufalen.

Ee Container fir d'Studenten

Ënnert de Kritike vu "Belval est à nous" war och déi, datt et keng Plaz géif ginn, wou Studente sech kéinten ophalen, zum Beispill, wa mol eng gréisser Paus tëscht zwee Coursen ass. Och do wieren Ännerunge komm, seet de Luc Dhamen. Zanter dem éischte September gouf de Studenten de fréiere Container vun der ADEM zur Verfügung gestallt. Och hei läit d'Gestioun - an domat d'Schlëssele vum Gebai - an den Hänn vun der Uni.

De Luc Dhamen bemierkt och, datt d'Uni am Gaang wier, eng Studentevertriedung op d'Been ze stellen, "Fir datt mer och ee méi offiziellen Uspriechpartner hunn".

Kompenséieren, wou et néideg ass

Alles an allem rifft hien d'Belval-Kritiker dozou op, Gedold ze hunn. "Mir si jo alleguer d'lescht Joer an d'Gebaier komm an et wousst kee richteg, wéi et leeft", sou de Luc Dhamen. Et géif awer versicht ginn, do ze kompenséieren, wou et néideg wier. An der Tëschenzäit géifen deemno méi Miwwelen an der Maison du savoir stoen an et wier een Informatiounsguichet vun der Uni installéiert ginn.

An ongeféier engem Joer soll dann d'Maison des arts et des étudiants fäerdeg sinn, déi de Studenten och zur Verfügung soll stoen. Gepréift gëtt am Moment - op Propose vum Fong - ob een an deem Gebai ee Commerce ewechléisst, fir de Studentecafé do ënnerzebréngen. "Mir probéiere jidderengem entgéint ze kommen", sou dem Luc Dhamen seng Konklusioun.

Nach vill Projeten

Iwwerhaapt wier nach ëmmer vill ze dinn um Belval. Alles an allem stinn de Moment Investissementer vu ronn 400 Milliounen Euro un.

An der Ëmsetzung sinn de Moment folgend Projeten:

- Maison des arts et des étudiants. Geplangten Ouverture: Rentrée 2017

- Maison du nombre. Geplangten Ouverture: Januar 2017

- Maison du livre. Geplangten Ouverture: 2018

Nei Projeten:

- Nationalarchiven; Planung ass am Gaang.

- Laboratoire des ingénieurs; Planung fänkt un.

- Zwee weider grouss Laboratoiren; Planung fänkt un.

- Centre sportif, mat ënnert anerem grousser Schwämm; Planung fänkt un.

Kee Plang fir Mëllerei, Highway a Gebléishal

"De Site Belval ass wäit dovun ewech, fäerdeg ze sinn", seet de Luc Dhamen. Bis elo wier "eppes Klenges méi" wéi d'Hallschent vun alle geplangte Projeten ëmgesat. Wat allerdéngs d'Erhale vun Industrie-Relikter ugeet, sou gëtt et wéineg Neies. De Moment géif et kee Projet ginn, fir déi al Mëllerei, d'Gasleitungen oder d'Gebléishal notzbar ze maachen.

Och eng Rekonstruktioun vum sougenannten Highway, der fréierer Transportstrooss tëscht den zwee Héichiewen, ass fir de Moment net geplangt. D'Amicale des Hauts-Fourneaux A et B, grad wéi och de Mouvement écologique haten sech an de leschte Joren ëmmer erëm dofir staark gemaach. Et wier een awer a regelméissegem Kontakt mat der Amicale, sou de Luc Dhamen.