Radioen

On air

Tockcity  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luuchte bei EZB stoungen op Rout

Kandidatur vum Henri Grethen fir BCEE

Luuchte bei EZB stoungen op Rout

Den Henri Grethen huet seng Kandidatur zréckgezu fir Spuerkeess-President ze ginn. Seng Chancë fir zu Frankfurt gréng Luucht ze kréie stounge souwisou schlecht: d'EZB wollt d'Nominatioun refuséieren.

auto_stories

3 min

D'Europäesch Zentralbank (EZB). Foto: picture alliance / Daniel Kalker

D’Europäesch Zentralbank war 100,7-Informatiounen no am Gaang d’Nominatioun vum Henri Grethen als Spuerkees-President ze refuséieren. D’Prozedur, déi am August offizell lancéiert gouf, war awer nach net ofgeschloss, well et war nach keng Propositioun an déi zoustänneg Gremie gaangen.

Dozou muss et och net méi kommen, well d’Regierung huet de Freideg, de 4. November annoncéiert, datt den Henri Grethen seng Kandidatur zréckgezunn huet. Grënn goufe keng genannt.

De fréieren DP-Politiker an aktuelle Member vum Europäesche Rechnungshaff wëll keen Interview ginn. Hie präziséiert awer, datt et seng Decisioun war fir seng Kandidatur zréckzezéien.

Frankfurt krut an der Suite vun der Finanzkris vun 2007-2008 e Matsproocherecht bei der Nominatioun vu Conseilsmembere vu systemesche Banken. Critèrë sinn ënnert anerem d’Onofhängegkeet vum Kandidat a seng Experienz am Bankewiesen.

Schlecht Preparatioun

Den Henri Grethen huet Ufank Oktober net verstoppt, datt säin Interview zu Frankfurt net gutt verlaf ass. Hie war eisen Informatiounen no net op déi detailléiert Froe virbereet. Un de Froen, déi gestallt goufen, soll kloer gi sinn, datt Frankfurt d’Nominatioun vum Henri Grethen scho virum Interview kritesch gesinn huet.

A Regierungskreesser gouf d’Prozedur bis virun e puer Wochen ënnerschat. Op eis Nofro hin huet et e puer mol geheescht, "déi Saach géif rullen" an et géif kee "Grond gi sech Suergen ze maachen".

Wie gëtt also neie Spuerkeess-President?

D’Regierung huet de Freideg präziséiert, datt d’Spuerkeess mam Victor Rod nach ëmmer e Präsident huet. De fréieren Direkter vum Commissariat aux Assurances huet e Mandat am BCEE-Verwaltungsrot bis Mee 2019. Wéi laang hien nom Echec vun der Kandidatur vum Henri Grethen un der Spëtzt vum Verwaltungsrot bleift, ass net gewosst.

Als méiglechen neie Kandidat gëtt elo ënnert anerem de Kik Schneider gehandelt. De fréieren DP-Politiker a fréiere Member vum Staatsrot verléisst dëst Joer den Direktiounscomité vun der BGL BNP Paribas.

Bis op Weideres keng Regierungsembildung

Den Nicolas Schmit kann no méintelaangem Waarden net wéi gehofft dem Henri Grethen säi Mandat um Europäesche Rechungshaff iwwerhuelen. De sozialisteschen Aarbechtsminister wollt mat deem Wiessel seng politesch Carrière un den Nol hänken.

D’LSAP hat sech schonn am Summer op deen Zeenario preparéiert. D’Ost-Deputéiert Tess Burton war informell vun der Parteispëtzt designéiert gi fir nozeréckelen. An de leschte Méint huet si sech 100,7-Informatiounen no op déi Aufgab virbereet. Well dem Henri Grethen säi Mandat um Rechnungshaff bis op Weideres awer net nei ze verginn ass, falen déi Pläng an d’Waasser.


Luuchte bei EZB stoungen op Routplay_arrow