Findel Luxair méi bëlleg wéi Aviapartner
Aviapartner huet net genuch Clienten um Findel fonnt fir als Handling-Agent duerchzestarten. Dat hätt domat ze dinn, datt Luxair méi avantagéis Konditioune fir alleguer d’Fluchgesellschaften ausgehandelt hätt. Dat seet den Direkter vu Lux-Airport Johann Vanneste am 100,7 Interview.
Hien ass iwwerzeegt, datt d’Zil vun der EU -Direktiv fir eng méi grouss Kompetitivitéit ze schafen erreecht wier. Dat obwuel Aviapartner nach guer net um Lëtzebuerger Fluchhafen installéiert ass. De Johann Vanneste schléisst net aus, datt déi Belsch Firma an deenen nächste Joren um Findel Fouss faasst. D'Lizenz vun Aviapartner als Handling-Agent ass siwe Joer laang gülteg.
Aviapartner hat am Fréijoer no enger Ausschreiwung den Zouschlag kritt fir nieft der Luxair den zweeten Handling Agent um Findel ze ginn.