Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher & Maxime Delpierre - Drips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Whistleblower wëlle Fräisproch

Luxleaks Appellprozess

Whistleblower wëlle Fräisproch

No den dräi éischten Deeg vum Prozess an zweeter Instanz kënne béid ugeklot fréier PWC-Mataarbechter duerchaus mat enger Erliichterung vun hirer Strof rechnen. Well si vertraulech a politesch brisant Dokumenter un e Journalist weiderginn haten, ware si Enn Juni zu Prisongsstrofe mat Sursis veruerteelt ginn. Allerdéngs gesi sech den Antoine Deltour an de Raphaël Halet als Whistleblower, déi am Intressi vun der Allgemengheet gehandelt hunn. Si wëlle fräigesprach ginn. Sengersäits dierft dem Journalist Edouard Perrin säi Fräisproch confirméiert ginn.

auto_stories

5 min

Supporter vun den ugeklote Whistleblower virum Stater Geriicht

De Parquet, vertrueden duerch den éischten Avocat général John Petry, huet a sengem Requisitoire de Fräisproch vum Journalist gefuerdert. Den Edouard Perrin hätt zwar dem fréiere PWC-Mataarbechter Raphaël Halet gehollef, géint säi Beruffsgeheimnis ze verstoussen: De Perrin, fir seng Source ze schützen, hat dem Halet geroden, vertraulech Dokumenter un eng net-verschéckten E-mail, op déi och hien Zougank hätt, ze hänken.

Fir de Parquet hätt de Journalist allerdéngs seng Aarbecht responsabel an am Intressi vun der Allgemengheet gemaach. Hie wier dofir vun der europäescher Mënscherechtskonventioun geschützt. “Fir mech ass dat esou evident”, seet den Edouard Perrin. Mee hei géif et virun allem ëm ee “kolossale Schued” goen. “Milliarden a Milliarden u Steieren, déi net erakommen, wéinst dem System, deen ënnert anerem vu PWC entwéckelt ginn ass. Do läit den allgemengen Intressi”.

Me Bernard Colin, Raphaël Halet, Edouard Perrin a Me May Nalepa

Wéini ass ee Whistleblower?

Viru Geriicht stinn awer zwee fréier Mataarbechter vu PWC, déi dee System opgedeckt hunn. Bei hinnen dréint sech alles ëm d’Fro, ob si als Whistleblower oder “lanceurs d’alerte” unzegesi sinn, an zwar am Sënn vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun, respektiv vun de Recommandatioune vum Conseil de l’Europe.

De Statut vu Whistleblower hätte si sech nodréiglech erfonnt, fir sech viru Geriicht ze verdeedegen, soen d’Affekote vu PriceWaterhouseCoopers. Dem Parquet no géife si déi meeschte Critèrë wuel erfëllen: am ëffentlechen Intressi authentesch Revelatioune gemaach ze hunn. Problematesch wier allerdéngs de Critère vun der Proportionalitéit: Den Antoine Deltour hätt net iwwer 20.000 Dokumenter dierfte kopéieren a weiderginn, an op kee Fall géint säi Beruffsgeheimnis verstoussen.

“Parquet kënnt mat Critèren, déi net existéieren”

A grad ewéi PWC mengt de Parquet, datt den Deltour kee Whistleblower war, dee Moment wéi hien d’Steierrulinge kopéiert hat. Dat hätt hien och net misste sinn, äntwert säin Affekot William Bourdon. Wichteg wier, datt den Antoine Deltour aus Iwwerzeegung, als Bierger, also am gudde Glawe gehandelt hätt. “Hei geet et drëms, Critèren duerchzesetzen, déi net existéieren an och net als solch vum Europäescher Riichter opgestallt ginn, fir ëm all Präis eng Veruerteelung ze kréien”, sou de Me Bourdon.

Op alle Fall hätt de Parquet d’Debatt – anescht ewéi am éischte Prozess - op dat Wiesentlecht zentréiert. Dowéinst wier een och optimistesch, datt den Antoine Deltour kéint fräigesprach ginn.

"De Steierbeamte Marius Kohl huet d’Norm geschaaft"

D’Verdeedegung vum fréiere PWC-Salarié Raphaël Halet huet hirersäits viru Geriicht d’Legalitéit vun de Steierrulinge vun der Auditsgesellschaft PWC a Fro gestallt. De pensionéierte Steierbeamte Marius Kohl, dee joerzéngtelaang responsabel war fir d’Autorisatioun vun deenen Tax rulings, hätt selwer d’Norm geschaaft fir déi extrem niddreg Besteierung vun Entreprisen. De Marius Kohl misst dofir als Zeie gehéiert ginn – den Haaptintresséierten huet sech allerdéngs, grad ewéi am éischte Prozess, krank schreiwe gelooss.

“De Marius Kohl huet déi massiv Steierflucht validéiert, ‘au pif’”, seet de Raphaël Halet. Am éischte Prozess hat hie beschriwwen, wéi PWC Woch fir Woch Dosende Steierrulingen an de Steierbüro 6 gedroen huet. D’Auditsgesellschaft hat d’Dokumenter schonn am viraus op Bréifpabeier vun der Steierverwaltung ausgedréckt. “Näischt vun deem, wat ech bis elo gesot hunn, ass kontestéiert ginn. Weder vun der Lëtzebuerger Regierung, nach vu PWC oder der Steierverwaltung”, seet den Halet. “D’Beweiser sinn do. Et ka sinn, datt se hinnen net gefalen. Mee d’Geriicht wäert deem musse Rechnung droen.”

Me Philippe Penning, Antoine Deltour a Me William Bourdon

“Souguer eng Geldstrof wier inakzeptabel”

Géint den Antoine Deltour fuerdert de Parquet nëmmen nach sechs Méint Prisong mat Sursis aplaz zwielef Méint. De Raphaël Halet soll net méi néng Méint mat Sursis, mee nëmmen nach eng Geldstrof kréien. Wat fir deem seng Affekotin May Nalepa ëmmer nach inakzeptabel wier. “Fir den Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff ass souguer eng Geldstrof eng grave Sanktioun, well se aner eventuell Whistleblower kéint ofschrecken, Informatiounen am Intressi vun der Allgemengheet erauszeginn.” Doriwwer eraus wier hire Client vu PWC entlooss ginn, fir den éischten Avocat général wier dat u sech schonn déi schlëmmste Strof, déi et am Aarbechtsrecht gëtt.

Näischt anescht wéi e Fräisproch wëllen déi zwee Ugeklot Deltour an Halet. Si ginn doranner international ënnerstëtzt, eng sëllech Supporter haten sech och um éischte Prozessdag op Lëtzebuerg deplacéiert. Dorënner déi däitsch Whistleblowerin Brigitte Heinisch, déi vun hirem Patron – engem Spidolsgrupp - entlooss gi war nodeems si Mëssstänn an hirem Altersheem opgedeckt hat. Siwe Joer hat hir Ausenanersetzung mat der däitscher Justiz gedauert.

Schutz vu Whistleblower op EU-Niveau néideg

Um Enn huet d’Brigitte Heinisch virum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff gewonnen. “Dat war nëmme méiglech duerch eng breet Solidaritéit, déi mer entgéint bruecht gi war. An och d’Gewerkschaft hat sech um Enn op meng Säit gestallt.”

Whistleblower mussen op EU-Niveau besser geschützt ginn, doriwwer schéngt sech lues a lues ee Konsens ze forméieren. Den Antoine Deltour verweist op eng Rei Initiativen, déi eng breet populär Ënnerstëtzung bräichten. Ënnert anerem huet déi gréng Fraktioun am EU-Parlament am Mee vun dësem Joer eng deementspriechend Direktive proposéiert, op Basis vun där elo diskutéiert gëtt.

Datt Deltour an Halet an éischter Instanz veruerteelt gi waren, wier op eng Faille am Lëtzebuerger Gesetz zeréckzeféieren, erkläert de franséische gréngen EU-Parlamentarier Pascal Durand. “D’Geriicht seet: ‘ech si gezwongen ze condamnéieren’. Tëschent den Zeilen awer schéngt d’Geriicht dat ze bedaueren, andeems et seet: ‘jo, si hunn den allgemengen Intressi verdeedegt’”. Fir de grénge Politiker gëtt hei de Fanger op den europäeschen allgemengen Intressi geluecht. An dee géif iwwert den nationalen Intressie stoen.