Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sou koum et zum LuxLeaks-Prozess

LuxLeaks

Sou koum et zum LuxLeaks-Prozess

De sougenannte LuxLeaks-Prozess fänkt dësen Dënschdeg zu Lëtzebuerg un. Dräi Persounen, dorënner zwee fréier Mataarbechter vu PricewaterhouseCoopers an de franséische Journalist Edouard Perrin musse sech viru Geriicht veräntwerten. Si kréie virgeworf, vertraulech Dokumenter vum Auditeur, sougenannte Steierrulingen, illegal eraus geschmuggelt ze hunn. D'Whistleblower riskéieren eng Prisongsstrof vu bis zu 10 Joer. Wéi ass et zu deem Prozess komm?

auto_stories

8 min

Den Antoine Deltour am Haff vun der Cité Judiciaire

De 5. November 2014 ass déi sougenannte LuxLeaks-Affär ausgebrach, mat der international koordinéierter Publikatioun vu Steierrulingen. Den Auditeur PricewaterhouseCoopers hat dës ganz avantagéis Steierarrangementer tëschent der Lëtzebuerger Steierverwaltung a multinationale Konzerner vermëttelt.

Steierrulinge kommen un d'Ëffentlechkeet

De Gros vun dësen Dokumenter kënnt vum Antoine Deltour, deen tëschent September 2008 an Oktober 2010 bei PwC geschafft huet. D’Dokumenter hätt hie während där Zäit kopéiert, ouni dobäi eng informatesch Protektioun ëmgaang ze hunn. "Aus Iwwerzeegung", sot den Deltour virun engem Joer bei engem ëffentlechen Debat an der Stad. Wann ee géif mierken, datt verschidde Steieren net géife bezuelt ginn, géif dat e Gefill vun Ongerechtegkeet schafen.

D’Kopië vun de Steierrulingen hätt den Antoine Deltour 2012 dem France 2 Journalist Edouard Perrin ginn. De Perrin huet eng Partie vun den Dokumenter fir d’Emissioun "Cash Investigation" vum 15. Mee 2012 benotzt, fir déi Lëtzebuerger Steierpraktiken a bezuch op Konzerner unzeprangeren.

De 5. Juni 2012 huet PricewaterhouseCoopers eng Plainte deposéiert. D’Lëtzebuerger Justiz konzentréiert sech - wéi et schéngt - séier op de Fransous Deltour als Haaptverdächtegen a freet a Frankräich d’Ausliwwerung vum fréiere PwC-Mataarbechter un.

Deltour a Raphael H ginn ugeklot

Den 12. Dezember 2014, ee Mount no de Luxleaks, gëtt hie vum Lëtzebuerger Parquet ugeklot. "Ech hunn d'Kontroll iwwer d'Dokumenter verluer, déi ech kopéiert hat," erkläert den Antoine Deltour. Hie wär net mat allem d'Accord, wat domat gemaach gouf: "Datt Nimm vu Cliente genannt ginn an dee vu mengem fréieren Employeur PricewaterhouseCoopers Luxembourg. Meng Motivatioun war et, systematesch Praktiken unzeprangeren."

Den Antoine Deltour hätt géint d'Gesetz verstouss a misst seng Verantwortung iwwerhuelen, sot de Pierre Gramegna an enger Reaktioun op d'Inculpatioun vum Antoine Deltour. "Hie muss mat de Konsequenze vu sengem Akt liewen," esou den DP-Finanzminister.

Ee Mount no der éischter Uklo entléisst PwC en zweete Mataarbechter. Den Antoine Deltour hat preziséiert, datt 16 publizéiert Rulingen aus der Zäit no senger Demissioun beim Auditeur waren. Den 23. Januar 2015 gëtt dann och eng zweet Persoun an deem Dossier ugeklot. Den Numm "Raphael H." ass eréischt zënter kuerzem bekannt. Dem Lëtzebuerger Wort no hätt hien e Vertraulechkeets-Accord mat PwC ënnerschriwwen.

Am Géigesaz zu him scheit den Antoine Deltour d’Ëffentlechkeet net, och wann hien - wéi bei engem Diskussiounsowend an der Stater Cinemathéik - net onbedéngt wëllkomm ass. "Hien ass de Moment hei zu Lëtzebuerg inculpéiert. An ech mengen, dann ass et net de Moment fir een offiziell als Stad Lëtzebuerg ze invitéieren," huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer am Abrëll 2015 erkläert.

Uklo vu Journalist léist Kritik aus

Den 23. Abrëll 2015 gouf de France 2-Journalist Edouard Perrin vum Parquet ugeklot. Dat ass op d’Kritik vum Europäesche Journalisteverband a vun EU-Deputéierte wéi der franséischer Ecologistin Eva Joly oder dem däitsche Lénke Fabio de Masi gestouss: "Mir respektiéieren d'Onofhängegkeet vun der Justiz, mir respektéieren awer och d'Pressefräiheet," sou den de Masio. "Lëtzebuerg verletzt mat der Uklo d'Recht op Meenungs- an Informatiounsfräiheet, sou wéi d'Europäesch Mënscherechtskonventioun, respektiv d'Charta vun de Grondrechter."

Op all dës Kritike reagéiert de Parquet de 27. Abrëll mat engem Communiqué: D’Pressefräiheet wier net a Fro gestallt. D’Inculpatioun vum Journalist Perrin hätt och näischt mam Fall Deltour ze dinn, mee wier eréischt nom Verhéier vum zweeten Ugekloten zustan komm: den Edouard Perrin hätt dee méiglecherweis dirigéiert, fir no Dokumenter ze sichen, déi hie besonnesch interesséiert hätten. De liberale Fraktiounschef Eugène Berger sot an der Chamber, et wär net d'Regierung, net d'Parlament an net Lëtzebuerg, dat géif inculpéieren. "Et ass einfach d'Justiz, déi hir Aarbecht mécht."

Dem CSV-Deputéierte Laurent Mosar no misst een ënnerscheeden tëschent enger Persoun, déi op illegalem Wee wëll Illegalitéiten opdecken, an enger Persoun, déi dat selwecht aus ethesche Grënn mécht. Hie kéint d'Decisioun vum Parquet par Rapport zum Journalist juristesch novollzéien.

Kee Versteesdemech hat dogéint de Justin Turpel, déi Lénk. Lëtzebuerg hätt sech keen Déngscht geleescht, fir e Journalist z'inculpéieren, deen investigativ géif virgoen. "An där Logik wäert op eemol de ganzen Internationale Konsortium vun de Journalisten zu Lëtzebuerg inculpéiert ginn."

"En neien Typ vu Staatsbiergerschaft"

Den éischte Juni 2015 huet den Antoine Deltour virun der Spezialkommissioun vum EU-Parlament ausgesot, déi sech mat Konsequenze vun de LuxLeaks beschäftegt huet. De Whistleblower huet sech fir ee bessere Schutz vun de "lanceurs d’alerte" wéi hien agesat. Gelueft gouf hien ënnert anerem vum President vun der Spezialkommissioun, de franséische Chrëchtdemokrat Alain Lamassoure. Hien hätt en neien Typ vu Staatsbiergerschaft initiéiert, deen d'Gesetz géif briechen an déi juristesch Konsequenze géif a Kaf huelen, fir en Debat ze lancéieren. Dee kéint am Interessi vun der Ëffentlechkeet stoen, wann d'Politik hir Aarbecht géif maachen.

E puer Deeg méi spéit war den Deltour ee vun de Laureate vum Europäesche Biergerpräis vum Europaparlement. Dräi Méint drop war et esouguer d’Nominéierung fir de prestigiéise Sacharow-Präis. Den 8. Januar 2016 gouf d’Decisioun vun engem Prozess zu Lëtzebuerg annoncéiert géint den Antoine Deltour, de Raphael H an den Edouard Perrin. Déi fënnef Uklopunkten: Verstouss géint de "Secret d’affaires" a géint d’Beruffsgeheimnis, Vol, Blanchiment a Fraude informatique.

Den éischten Abrëll huet sech ee Solidaritéitscomité fir den Antoine Deltour an den Edouard Perrin zu Lëtzebuerg gegrënnt, mat Persounen aus dem ëffentleche Liewen an och Journalisten. Hie géif mat sengem Engagement d'Recht op Informatiounsfräiheet ënnerstëtzen, erkläert den David Broman vun der Wochenzeitung Le Jeudi.