Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass gutt fir de Patient?

Spidolsgesetz

Wat ass gutt fir de Patient?

Ze vill Reguléierunge fir d’Spidolsdoktere géif op Käschte goe vun de Patienten, mengt de Alain Schmit, President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren (AMMD). Fir d’Gesondheetsministerin Lydia Mutsch ass d’Standardiséierung vum Material a vun de Medikamenter d’Viraussetzung fir eng besser Prise en Charge vun de Patienten.

auto_stories

2 min

Lydia Mutsch

Aus ekonomesche Grënn géife mam geplangte Spidolsgesetz d’Dokteren agegrenzt ginn an der Interaktioun mam Patient, seet de President vun der AMMD. Den Alain Schmit kritiséiert eng Standardiséierung an de Spideeler. Op Käschte vun de Patiente géif gespuert ginn. D’Gesondheetsministerin huet deem widdersprach. “Et ass kee Spuergesetz”, sot d’Lydia Mutsch. Mam neie Gesetz géif et drëms goen, jidderengem am Land eng héichwäerteg Prise en Charge an héichwäertegt Material ze garantéieren. Dat wär aktuell net ëmmer de Fall.

Iwwert d’Definitioun, wat den Dokter am Spidol brauch, muss den Dokter mat agebonne ginn, fuerdert den Alain Schmit. Nëmmen d’Doktere kéinte wëssen, wat fir e Material fir wat fir ee Patient a Fro kéim. Der Lydia Mutsch no géif a kengesfalls déi therapeutesch Fräiheet vum Dokter ageschränkt ginn.

Wéi fräi ass den Dokter?

An der Kritik vun der AMMD um Spidolsgesetz géif et eigentlech ëm déi eege finanziell Interessie vun den Doktere goen, schreift d’Patientevertriedung an engem Communiqué. Anescht wéi behaapt, géif net d’Wuel vum Patient am Virdergrond stoen.

D’Patientevertriedung werft der AMMD ënnert anerem vir, géint standardiséiert Material ze si fir méi Suen ze verdéngen. Zum Beispill bei Protheesen an Implantater. Den Alain Schmit seet, hie géif déi Reprochen net verstoen. Et wäre schliisslech d’Spideeler, déi d’Material géifen akafen, an och d’Spideeler, déi géifen d’Präisser fir d’Material aushandelen. D’Dokteren hätten sech d’Wuel vum Patient zum Beruff gemaach, seet de President vun der AMMD.

Beim Depot vum Projet de loi iwwert d’Reform vun de Spideeler am September wär hien iwwerrascht gewiescht, wéi an Zukunft d’Gouvernance an e Spideeler geregelt soll ginn. Domadder géifen d’Administratiounen d’Doktere “bi-passen”, seet de Alain Schmit. “Eis geet et ëm de Patient, dee sech säin Dokter frei wiele kann.” Dat wär jo och de Fall, seet d‘Lydia Mutsch.

Urgencen

“Mir hu kee qualitative Problem, mee e Problem mat de Waardezäiten”, seet d’Ministesch. Et géifen eng Rei Ursaache ginn, firwat et an den Urgencë Problemer gëtt: den Tri, Personaldecken a Patienten, déi net gutt informéiert sinn.

Esouwuel d’Ministerin wéi d’AMMD si géint d’Schafe vun neie Maisons médicales. D’Lydia Mutsch proposéiert, dass a méi isoléierte Géigenden, beispillsweis am Oste vum Land, “Cabinets de groupe” geschaaft ginn. D’Doktere sollen a Gemeinschaftspraxen zesummen en Urgence-Service fir Patienten ubidden. D’Ministerin wéilt dat och finanzéieren.