Regierungsëmbildung no Récktrëtt Maggy Nagel Bettel an Arendt an d'Kultur, Hansen gëtt Logementsminister

Déi ëmstridde Ministerin Maggy Nagel ass de Moien zeréckgetrueden. De Walfer Député-Maire Guy Arendt (DP) gëtt als Staatssekretär neie Member vun der Regierung, wou hien de Xavier Bëttel am Kulturministère ënnerstëtzt. De Staatssekretär Marc Hansen avancéiert am Wunnéngsbau zum Minister.

x-bettel-g-arend.jpg
Xavier Bettel a Guy Arendt (© Claudine Bosseler)

Wéi den 100,7 gemellt huet ass déi liberal Kultur- a Logementsministesch Nagel de Moie während dem Regierungsrot zeréckgetrueden. D'DP-Regierungsmemberen haten hire Parteikolleg Lex Delles proposéiert fir d’Maggy Nagel an der Regierung z’ersetzen. Den 31 Joer alen Député-Maire vu Munneref huet awer refuséiert. "Ech wëll elo net einfach no zwee Joer Buergermeeschter 'Äddi a Merci' soen", sou de Lex Delles am 100,7-Interview.

De Premier Xavier Bettel huet an der Mëttesstonn annoncéiert, datt hien de Kulturressort géif iwwerhuelen. Assistéiert gëtt hien do vum Guy Arendt (DP), deen als Staatssekretär neie Member vun der Regierung gëtt. De Guy Arendt, vu Beruff Affekot, war bis dohin Député-Maire vu Walfer. Fir den Deputéierten aus dem Bezierk Zentrum réckelt de Claude Lamberty an d'Chamber no.

Ëffentlechen Drock wier ze grouss gewiescht

D'Maggy Nagel war ëmstridden, besonnesch wéinst hirer Aarbecht am Wunnengsbau, wou si wäit hannert de Regierungsziler bliwwe wier. Enn Mäerz vun dësem Joer hat si de Staatssekretär Marc Hansen zur Säit gestallt kritt, deen elo neie Logementsminister gëtt. Déi fréier Ministesch wollt hire Récktrëtt, op eis Nofro hinn, net kommentéieren.

Dat huet de Premier Bettel fir si gemaach. “D’Maggy Nagel ass zur Konklusioun komm, datt den ëffentlechen Drock ze grouss war,” sou de Regierungschef virun der Press. Duerch hir Demissioun wéilt si verhënneren, datt de Ministère oder d’Demokratesch Partei zu Schued kommen.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen