Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sault - God In Disguise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Maisons médicales sollen d'Urgencë méi entlaaschten

Gesondheet

D'Maisons médicales sollen d'Urgencë méi entlaaschten

Am Fall vun enger klenger Urgence gi vill Patienten nach ëmmer éischter an eng Urgence an d'Spidol, wéi an d'Maison médicale, déi am Fong dofir do ass. Eng Sensibiliséierungscampagne soll elo hëllefen.

auto_stories

3 min

Dacks gi Patienten bei enger klenger Urgence an d'Spidol amplaz an d'Maison médicale (Foto: monkeybusinessimages)

Ronn 40.000 Leit goufen d’lescht Joer an deenen dräi Maisons médicales hei am Land traitéiert. Zanter datt dës Etablissementer Enn 2008 an der Stad, zu Esch-Uelzecht an zu Ettelbréck opgemaach hunn, ass d'Zuel vun de Visitten op nationalem Niveau eropgaang.

Trotzdem ginn ëmmer nach vill Leit éischter an eng Urgence an d'Spidol, wéi an eng Maison médicale. Dat stellt déi medezinesch Direktesch vum Centre Hospitalier an der Stad, Catherine Boisanté fest. "Mir gesi Patienten an den Urgencen, déi och vun engem Allgemengmedeziner oder an enger Maison médicale kéinten traitéiert ginn. Mee dofir dierften d'Maison médciales net nëmmen owes op sinn. Mir sinn nämlech dacks och am Dag iwwerlaascht", sou d'Catherine Boisanté.

Santé a Generaliste géint Ouverture am Dag

Bei der Santé an och ënnert de Generalisten ass een awer net dofir, datt d’Maisons médicales och dagsiwwer sollen op hunn. D'Doktesch-Praxen hätten am Dag souwéisou op an d'Leit sollen dee Moment éischter dohinner goen. Ausserdeem géifen et net genuch Hausdokteren hei am Land ginn. Et sinn nämlech och d'Allgemengmedeziner, déi Permanencen an de Maisons médicales assuréieren.

D'Patientevertriedung ass der Meenung, datt sech un den Ëffnungszäite vun de Maison médicales eppes muss änneren. D'ASBL fuerdert, datt dës Noutopname schonn um 18 Auer owes amplaz um 20 Auer hir Dieren opmaachen. Déi meescht Doktere géifen um 17 oder um 18 Auer hir Praxis zoumaachen, esou d’Michèle Wennmacher aus der Direktioun vun der Patientevertriedung. "Wann een no 18 a virun 20 Auer nach een Dokter brauch, da muss een an eng Urgence goen. Dat ass kontraproduktiv, well eng Maion médecale jo awer grad d'Urgencë soll entlaaschten, a wéi den Numm et scho seet, nëmme fir Noutfäll sinn".

Sensibiliséierungscampagne geplangt

Et wier eng Tatsaach, datt Patiente wéinst sougenannte klengen Urgencen - Fäll also, déi net liewensgeféierlech sinn - an de Service vun engem Spidol ginn, esou d'Directrice adjointe vun der Santé, d'Dokter Elisabeth Heisbourg. Dat kéint, hirer Meenung no ënner anerem dru leien, datt vill Leit kee sougenannten Hausdokter hätten. "Wa si dann e Problem hunn, gi si an d'Spidol", sou d'Doktesch. Dat géif virun allem Net-Lëtzebuerger betreffen, déi "vläicht de System vun der Maison médicale net genuch kennen".

Datt vill Leit am Noutfall éischter an d’Urgence vun enger Klinik ginn amplaz an eng Maison médicale läit also zum Deel dorunner, datt d’Informatiounen zu deem Thema feelen. Där Meenung ass och den Dokter Fred Lech. Dofir plangt d’Santé fir den Hierscht eng Sensibiliséirungscampagne. D'Populatioun soll virun allem drop opmierksam gemaach ginn, datt et méiglech ass, owes, nuets an de Weekend ee Generalist an deenen dräi Maison médicales hei am Land ze fannen.

Mangel am Osten a Pediatrie

Zanter engem Joer gëtt et an der Stad och eng Maison médicale fir Kanner, déi zur Kannerklinik gehéiert. Am Osten oder am nërdlechen Éislek ass allerdéngs keng Maison médicale. D’Patientevertriedung fuerdert dowéinst, datt op Ettelbréck och eng Maison médicale fir Kanner kënnt, déi an déi aktuell Maison médicale kéint integréiert ginn. Et wier net optimal, datt een - deemno wéi - mat engem kranke Kand misst eng Stonn fueren, fir bis an d’Maison médicale pédiatrique an der Stad ze kommen.

Am Oste vum Land ass d’Situatioun ähnlech, esou d’Michèle Wennmacher vun der Patientevertriedung. "Am Osten hu mer festgestallt, datt d'Weeër fir an den Zentrum dacks wäit sinn. Wann eng Urgence ass, da verléieren d'Leit also wäertvoll Zäit fir an d'Spidol ze kommen" seet d'Michèle Wennmacher vun der Patientevertriedung. Doriwwer eraus wier den Osten iwwerhaapt medezinesch schwaach ofgedeckt.

Der Dokter Elisabeth Heisbourg vun der Santé no ass et besser, eng Maison médicale no bei engem Spidol ze hunn. Dat, well an deem Fall déi néideg Zesummenaarbecht méi einfach wier. Well et am Oste vum Land net sou vill Doktere ginn, schléit d'Elisabeth Heisbourg vir, datt Doktere sech an enger Praxis zesummen dinn, fir sou méi laang Ëffnungszäite méiglech ze maachen.