Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Little Simz - Point And Kill Feat. Obongjayar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Manifest Illegalitéit"

Staatstrojaner am Geheimdéngscht

"Manifest Illegalitéit"

Datt de Srel schonn Trojaner benotzt huet fir Leit z’iwwerwaachen, ass dem Affekot Pol Urbany no net legal. Fir esou en Agrëff an d’Privatsphär wier e präziist Gesetz néideg. An dat géif et zu Lëtzebuerg nach net ginn. Eppes dogéint ënnerhuelen, kéint een trotzdem net.

auto_stories

3 min

Den Affekot Pol Urbany

"Déi Aktioune waren illegal". Esou kommentéiert de Pol Urbany d’100,7-Recherchen iwwer den Asaz an de leschte fënnef Joer vu Staatstrojaner am Geheimdéngscht. Mä den Affekot kënnt selwer séier zur Konklusioun, datt een "eigentlech net vill" dogéint ënnerhuele kann. Fir eng Klo ze maache, misst de Bierger selwer e Schued erlidden hunn. De Problem ass: de Bierger gëtt zu Lëtzebuerg prinzipiell net gewuer, datt en iwwerwaacht gouf. Also kann hie sech och net géint e méigleche Verstouss géint d’Mënscherechter wieren.

Restriktiv Applikatioun vun de Gesetzer néideg

D’Gesetzer mussen an esou Fäll ganz restriktiv applizéiert ginn, argumentéiert de Pol Urbany. Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter vu Stroossbuerg an d’Lëtzebuerger Verfassung géifen dat bei esou engem däitlechen Agrëff an d’Privatsphär an an den Domicile vum Bierger imposéieren. Well eng Iwwerwaachung mat Hëllef vun Trojaner wier méi wéi eng einfach Telefonsécoute. Mat Trojaner kréich de Srel nët nëmmen Accès zu Kommunikatiounen, mä och zu all aneren Donnéeën um Computer oder mobille Gerät, souguer och zur Kamera.

E präziist Gesetz fir d'Benotze vun Trojaner gouf et bis elo zu Lëtzebuerg net. Dofir huet de SREL sech mat der Autorisatioun vun de Regierungscheffe Juncker a Bettel, vun de concernéierte Riichter, a vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun op de Code d’instruction criminelle vun 1982 baséiert, fir Trojaner ze benotzen.

Dat wier eng "manifest Illegalitéit", fir déi de Pol Urbany méi Argumenter huet:

  • Weder d'Srel-Gesetz vun 2004 nach de Code d'instruction criminelle gesinn d’Benotze vun Trojaner ausdrécklech vir
  • Och wann de Code d'instruction criminelle d'Interceptioun vun "all Forme vun Telekommunikatioune" virgesäit, kéint dat net fir en Trojaner gëlle, well 1982 wier nach net vun esou Computer-Verbindunge Rieds gewiescht
  • De Code d'instruction criminelle géif d'SREL-Iwwerwaachung just bei enger Menace op d'"Sécurité extérieure" méiglech maachen, an do géif Terrorismus net drënner falen
  • En anert Gesetz géif all informatesch Intrusioun mat bis zu dräi Joer Prisong bestrofen

An dat neit SREL-Gesetz?

D'Geheimdéngschtreform, déi d'Chamber den 9. Juni majoritär gutt geheescht huet, géif déi informatesch Intrusioun op d'mannst virgesinn. An d'Gesetz, dat den 1. Oktober 2016 a Kraaft trëtt, géif och präziséieren, datt de Geheimdéngscht däerf a Wunnengen andrénge fir Trojaner z'installéieren.

Trotzdem wieren och am neie Gesetz verschidde Punkten net präzis. Et wier net präziséiert, wat de SREL mam Trojaner alles maachen däerf, an et wier och keng nodréiglech Kontroll virgesinn. Den Affekot Pol Urbany mengt, onofhängeg Spezialiste missten d'Méiglechkeet kréien z'iwwerpréiwen, wat d'Iwwerwaachungssoftware alles kann, a fir wat se agesat gouf.