Radioen

On air

Kultur um 5  |  An enger rouder, grénger Wüüst

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Méisproochegkeet entwéckelt sech ganz gutt”

Crèchen

“Méisproochegkeet entwéckelt sech ganz gutt”

D’Regierung an de Secteur vun der Kannerbetreiung hätten de Wëllen, fir sech ze verbesseren, seet d’Maria Castrovinci, Presidentin vun der Federatioun vun de private Crèchen (FELSEA). Abléck an eng Aktivitéit, déi wichteg Entwécklungen duerchleeft.

auto_stories

3 min

Maria Castrovinci

Zënter e Méinde kënnen och Frontaliersë Chèques services fir d’Betreiung vun hire Kanner ufroen. Bis dohi war dës staatlech Hëllef ee Privileg vu Residenten. Bei de private Crèchen dierft d’Demande méi grouss ginn. Ëm wéi vill, dat wier schwéier ze chiffréieren, sot d’Maria Castrovinci am Gespréich mam Christiane Kleer: deels wéinst dem Opwand, a vläicht och wéinst de méi niddregen Tariffer an der Groussregioun. Den Educatiounsminister Claude Meisch geet dovun aus, datt all fënnefte Frontalier op d’Chèques services wäert zeréck gräifen.

Och an de Nopeschlänner däerfe Prestatairen hir Servicer ubidden. “Ech denken, datt dat net esou einfach ass, fir de Critèren an den Ufuerderungen hei zu Lëtzebuerg gerecht ze ginn, sief et qualitativ sief et sproochlech”, sou d’Presidentin vun der Federatioun vun de private Crèchen (FELSEA). Virun allem wat d’Sprooch betrëfft.

Kanner sollen an Zukunft net méi nëmme versuergt ginn

Mee och hei am Land ginn d’Critèren, fir kënnen eng Crèche ze bedreiwe, an Zukunft méi streng. Vun Oktober d’nächst Joer u soll een neie Referenzkader fir déi net-schoulesch Bildung a Kraaft trieden. Dëse Kader géif de Minimum definéieren, deen néideg ass, fir Kanner ze begleeden, erkläert d’Maria Castrovinci. D’Betreiungsstrukture missten eng villfälteg Offer un Aktivitéiten (dorënner Kreativitéit, Konscht, Sprooch, Kierperbewegung) ubidden, fir eng harmonesch Entwécklung vum Kand ze fërderen. “Vill Crèchen hu schonn esou geschafft, et ass ebe just net esou formaliséiert a kontrolléiert ginn”. Bei anere Crèchë wieren d’Kanner just versuergt ginn, dat soll an Zukunft änneren.

De Secteur vun der Kannerbetreiung boomt. Vun 8.000 Strukturen am Joer 2004 waren et der Enn 2015 schonn 51.000, all fënneft dovun eng privat Struktur. Regiounen am Land, wéi de Norden, déi bis elo éischter vernoléissegt gi sinn, géife lues a lues och besser bedéngt ginn, sou d’FELSEA-Presidentin.

Virbereedung op d’Méisproochegkeet an de Crèchen

Fir der ëmmer méi grousser Demande u Kannerbetreiung gerecht ze ginn, wier et fir d’Prestataire virun allem schwiereg, Personal ze fannen, dat déi Lëtzebuerger Sprooch beherrscht. Fir d’Rentrée 2017 gëtt nämlech d’Méisproochegkeet an de Betreiungsstrukturen agefouert – do muss ee sech drop virbereeden. D’Pilotphas, un där de Moment zéng Crèchë bedeelegt sinn, hätt mat Retizenzen ugefaangen, seet d’Maria Castrovinci. An Tëschenzäit hätt de Projet sech “ganz gutt” entwéckelt, an zwar wéinst der Autonomie, déi de respektiven Equippe gelooss géif ginn. Souwuel d’Eltere wéi och d’Equippe wiere begeeschtert.

Huet déi privat Kannerbetreiung net awer ee Problem, fir attraktiv ze sinn? D’Maria Castrovinci gesäit an, datt een do manner verdéngt wéi am konventionéierte Secteur. Allerdéngs wier am private Beräich wéinst de méi klengen Equippen och méi Plaz fir Autonomie a Kreativitéit.