Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Responsabelen Ëmgang mat der Refugiésproblematik"

Bilan Chamberpresident

"Responsabelen Ëmgang mat der Refugiésproblematik"

D'Iwwerflächlechkeet vun der politescher Ausernanersetzung géif him Suerge bereeden, seet de Mars Di Bartolomeo. Den éischte Bierger am Land huet dofir besonnesch d'Verhale vun der Chamber an der Fro vun de Flüchtlinge positiv ervirgehuewen.

auto_stories

3 min

Mars Di Bartolomeo

Ënnert de wichtegen nationalen Dossieren, déi d'Deputéiert dëst Joer beschäftegt hunn, waren d'Steierreform, de Congé parental oder nach d'Gemengefinanzen. D'Chamber hätt sech awer och verstäerkt ëm international Froe bekëmmert, mat Debatten iwwert de Brexit oder iwwert d'Flüchtlingen. "Wat mech am meeschte beandrockt huet a mer am meeschte Freed gemaach huet, dat ass dee responsabelen Ëmgang vun der Chamber mat der Refugiésproblematik", sot de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo am Interview mam Christiane Kleer.

"Populistesch Téin", wéi se an deem Zesummenhang am Ausland ze héiere gewiescht wieren, wieren engem hei erspuert bliwwen. Den LSAP-Politiker féiert dat op de Virdeel zréck, ee klengt Parlament ze sinn. Dat géif "eng gewësse Proximitéit", een aneren Ëmgang erméiglechen. An awer seet sech de Mars Di Bartolomeo besuergt, wat d'Iwwerflächlechkeet vun der politescher Ausenanersetzung betrëfft.

"Verhale vum Kandidat Trump mécht d’Politik futti"

Do géif et net duer goen, alles als "Populismus" oder "Rietsextremismus" ofzestempelen. Et misst ee "vill explizéieren, vill nolauschteren, an op reell Suergen agoen", sou de Chamberpresident. De fréieren Tageblatt-Journalist setzt an deem Sënn léiwer op klassesch Medien ("déi op de Grond ginn, Gedold weisen"), wéi op déi sozial Reseauen.

Wéinst sengen Aussoen op Facebook géint deen neien US-President Donald Trump (deen hien ënnert anerem als "skrupellosen Hetzer" an "Haasspriedeger" bezeechent hat), gouf de Mars Di Bartolomeo kritiséiert. Dës Aussoe wieren engem Chamberpresident net wierdeg, sou den Tenor. "Ech ännere kee Komma u menger Meenung, wat de Kandidat Trump ugeet”.

Wat, wann hien elo dem amerikanesche President Donald Trump sollt iwwert de Wee lafen? "Ech géif en drun erënneren, datt e Verhalen, wat am amerikanesche Wahlkampf gewise ginn ass, ganz einfach d'Politik futti mécht".

"Wallounescht Parlament keen Heldeparlament"

Op de CETA, den ëmstriddene Fräihandelsaccord tëschent der EU a Kanada ugeschwat, huet de Mars Di Bartolomeo d'Roll vum wallounesche Parlament relativéiert. Et hätt hiren Deel bäigedroen, mee et "als dat grousst Heldeparlament duerzestellen, ass sécher net richteg".

Méi virsiichteg Parlamenter - dorënner zielt de Chamberpresident och dat Lëtzebuerger - hätte sech vun Ufank u staark gemaach, fir matzeschwätzen. D'Chamber hat jo an enger Motioun Bedéngunge gestallt, fir de CETA kënne gréng Luucht ze ginn.

"Konsens iwwer Verfassungsreform méi wichteg, wéi Referendumsdatum"

Beim Referendum iwwert déi geplangte Verfassungsreform wier, fir de Mars Di Bartolomeo, "den Datum ni dat Essentiellt" gewiescht. D'CSV, op déi d'Regierungsfraktiounen ugewise sinn, fir déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit beim éischte Vote an der Chamber z'erreechen, wëll de Referendum no den nächste Chamberwahlen 2018 ofhalen.

Méi wichteg wier, sou de Chamberpresident, datt ee Konsens zustane kéim, fir eng staark iwwerschaffte Verfassung. De "Biergerforum", deen zesumme mat der Uni.lu organiséiert gouf, hätt hie "ganz opschlossräich" fonnt. Et wier ee gutt berode gewiescht, dat net "iwwert de Knéi ze briechen". Des weidere wier et wichteg, datt d'Parteie sech net vun elektoralen Hannergedanke leede loossen.

"Méisproochegkeet ass Schlëssel zur Welt"

Virun der Chamberdebatt Mëtt Januar iwwert de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch, géif sech de Mars Di Bartolomeo erwaarden, "datt et hei net drëms geet, d'Lëtzebuerger Sprooch géint d'Méisproochegkeet auszespillen". D'Sprooch misst gefleegt ginn, se wier "sécher identitéitsfërdernd". Mee d'Méisproochegkeet wier "de Schlëssel zur Welt", seet den éischte Bierger am Land.

Zwou erfollegräich Petitiounen hunn zu där Chamberdebatt gefouert: eng, déi Lëtzebuergesch als Amtssprooch wëll opwäerten; eng aner, déi dat net wëll, dofir awer op d'Méisproochegkeet pocht.