Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Een éischte Schrëtt"

Justiz

"Een éischte Schrëtt"

D'Procureure Générale d'Etat Martine Solovieff mengt, datt d'Reform vun der Police Judiciaire d'Qualitéit vun de Justizenquêtë verbessert. Laangfristeg plaidéiert si awer fir eng méi grouss Reform.

auto_stories

3 min

Datt d'Justiz zur Organisatioun an zu den Nominatiounen bei der Police judicaire (PJ) an Zukunft soll kënnen een Avis ofginn, ass fir d'Martine Solovieff wichteg. Am Fong wier dat awer just een "éischten", "klenge" Schrëtt.

Notamment sollt d’PJ, hirer Meenung no, och qualifizéiert Personal kënne vu baussent der Police rekrutéieren. Dat ass am Gesetzesprojet fir d'Policereform, deen am August op den Instanzewee geschéckt gouf, net virgesinn. An eigentlech wier doriwwer eraus eng méi grouss Reform néideg, huet d’Martine Solovieff ze verstoe ginn.

Onofhängeg Police judiciaire: Een éiwege Sträit

D'Police judiciaire schafft am Optrag vun der Justiz, mee ënnersteet adminstrativ der Policedirektioun. Dat féiert ëmmer nees zu Tensiounen. Am Kader vum Bommeleeërprozess huet d'Justiz sech beklot, dass d'Police d'Enquête erschwéiert hätt, well net genuch Enquêteuren zur Verfügung gestallt goufen.

Zënterhier goufen et ëmmer nees Initiativen fir d'Police judiciaire ganz vun der administrativer Police ze trennen. D'Martine Solovieff huet der Regierung och Proposen an déi Richtung gemaach.

Während der Preparatioun vun der Reform hätt si proposéiert, datt ee Magistrat sollt kënnen Direkter vun der Police Judiciaire ginn. Dat wier awer net zréck behale ginn. Well "da wier selbsverständlech déi nächst Etapp gewiescht fir d'Police judiciaire ganz bei de Justizministère ze rattachéieren." An dat wier eng gréisser Reform gewiecht, déi vill Zäit kascht hätt.

Chaos wéinst Avant-Projet

Am Kader vun der Police-Reform, war d'Justiz am Aarbechtsgrupp fir d'Reform vun der Police judiciaire vertrueden an huet och duerno nach mam PJ-Direkter Jeff Neuens un enger Textpropose geschafft. Eng Zouso vun der Regierung, datt des Proposë géifen zréck behal ginn, gouf et net, huet d'Martine Solovieff op Nofro hinn präziséiert.

Trotzdem wier si net mat der Manéier averstan gewiecht, datt si réischt kuerz virun der Decisioun am Regierungsrot ëm hiren Avis zum Text gefrot gouf. Dowéinst hätt si dunn ee Bréif gemaach.

Falschen Text, oder Police-Text?

Datt et sech beim Avant-Projet net ëm ee "falschen Text" kéint gehandelt hunn (wéi de Minister Etienne Schneider sot), mee ëm eng Versioun, déi den Accord vun der Police-Direktioun hat, wollt d'Martine Solovieff net kommentéieren.

Op der Martine Solovieff hir Interventioun hinn ass den Avant-Projet nach kuerzfristeg geännert ginn. Ob de Gesetzprojet bei der Police gutt ukënnt, dozou wollt d'Procureure générale sech net äusseren. Elo wier et un der Chamber fir d'Gesetz an aller Onofhängegkeet ze beurteelen.

Och zur Demissioun vum PJ-Direkter Neuens wollt d'Martine Solovieff sech net weider äusseren. Dat wier zwar am Kontext vun der Reform geschitt, mee hätt näischt mat der Zesummenaarbecht tëscht dem Jeff Neuens an der Justiz en Vue vun där Reform ze dinn.

Staatstrojaner

D’Martine Solovieff huet de méiglechen zukënftegen Asaz vum engem Staatstrojaner géint d’Kritik verdeedegt, datt domadder Grondrechter géife verletzt ginn. Déi Kritik kéint ee verstoen, mee d’Justiz misst fir d’Terrorbekämpfung mat esou Iwwerwaachungs-Software kënne schaffen.

De Geheimdéngscht huet an de leschte Jore scho Staatstrojaner agesat. Ob dat legal war oder net, huet d’Procureure générale esou beäntwert: Déi legal Basis dofir wier “vague”, mee géif d’Iwwerwaachung vun alle Kommunikatiounsforme virgesinn.