Radioen

On air

Notturno  |  William LX - Comme Jamais

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Massiv Leit fir d'Justiz

Robert Biever

Massiv Leit fir d'Justiz

De fréiere Procureur général d'état Robert Biever ass der Meenung, datt "relativ massiv" misst an der Justiz rekrutéiert ginn. An engem Rapport mam Titel "Pistes de réflexions en vue d'une justice plus efficace", déi hien dës Woch presentéiert huet an deen elo vum Justizministère ausgewäert gëtt, mécht de Robert Biever och eng Rei fundamental Iwwerleeungen. Am Interview mam Mick Entringer, huet de Robert Biever och Mesuren am Kampf géint Terrorismus kommentéiert.

auto_stories

4 min

De Robert Biever proposéiert, datt "relativ massiv" Leit fir d'Justiz agestallt ginn. "An déi mussen och agestallt ginn. Doriwwer ass net ze diskutéieren", esou de fréiere Procureur. Et dierf ee sech awer och net dorop limitéieren. Et misst ee sech froen ob een net eng Rei Prozeduren méi einfach a méi rapid kéint maachen. "Wat och zum Deel Saache sinn, déi nuren hallef juridictionnel sinn, wou d'administrativ Aarbecht vill méi grouss ass wéi déi effektiv Decisiouns-Aarbecht, déi de Geriichter zoukënnt."

Fir d'Recht gerecht ze maachen, ass dem Robert Biever no, den effektiven Accès zur Justiz kruzial. Ënnert anerem plädéiert de Robert Biever dofir, datt eng Partei déi e Prozess gewënnt, op d'mannst en Deel vu sengen Affekote-Käschten zeréck kréich.

Fundamentales

A sengem Reflexiouns-Pabeier, ënnerstëtzt de Robert Biever zwee Projeten vum fréieren CSV-Minister François Biltgen, déi vun der neier Regierung - laut Koalitiounsprogramm - weider sollen ënnert d'Lupp geholl ginn. Dat ass zum engen d'Cour Suprême. Hei géing et dem Robert Biever no virun allem drëm goen, d'Cassatiouns-Méiglechkeet op den ordre administrativ z'erweideren. Dat wier näischt "revolutionäres", esou de fréiere Procureur.

Den zweete Projet ass dee vun engem Conseil National de Justice (CNJ). Dëse wier haaptsächlech fir d'Nominatioun an d'Promotioun vu Magistraten zoustänneg. Domadder géing een d'Gesetz un d'Realitéit adaptéieren, well den Texter no, d'Regierung d'Nominatioune mécht an d'Justiz net onofhängeg ass. De CNJ wier doriwwer eraus eng Aart Ulafstelle fir d'Leit. Dem Robert Biever no géing dat keng zousätzlech Käschte fir d'Justiz mat sech bréngen. Wat d'Zesummesetzung vum CNJ ugeet, mengt de fréiere Procureur, datt et gutt wier eng "kuerz Majoritéit" vu Riichteren dra vertrueden ze hunn. Déi aner Membere kéinte vu Bausse sinn. "Et ka jo net just sinn: 'wir über uns'."

Anti-Terrorismus

Kuerz virun Enn vu sengem Mandat als Procureur général d'état, hat de Robert Biever e ganz kriteschen Avis iwwert d'Mesure redigéiert, déi d'Regierung no den Attentater vu Januar 2015 zu Paräis proposéiert an Enn vum Joer ëmgesat hat. Dem Robert Biever no, misst gekuckt ginn wéi ee präventiv géint Terror-Uschléi ka virgoen, respektiv, wéi een Auteuren kann identifizéieren. Ënnert dem Motto vun der Preventioun kéint een awer alles justifizéieren. "A wat mech och gesteiert huet, dat ass datt de Service de Renseignement Pouvoiren huet, déi ee Riichter, déi d'Justiz net huet."

Bei der - vu Juriste kontestéierter Fro iwwert d'Aschreiwe vum Ausnamezoustand an d'Verfassung ugeet, sot de fréiere Procureur, et kéim drop un ze wëssen, wat de Contenu vum Ausnamezoustand wier. Mat Verweis op Frankräich, wou d'Police zum Beispill, am Géigesaz zu Lëtzebuerg, ouni Uerder vun engem Riichter ka perquisitionnéieren, sot de Robert Biever, hie wier "extremst reservéiert".