Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - CSI: Petralona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mediekritik a Finanzoptimiséierung

UEL

Mediekritik a Finanzoptimiséierung

Rulinge sinn eng gutt Mesure fir den Entreprisen eng Sécherheet ze ginn, seet de Generaldirekter vun der "Union des entreprises luxembourgeoises". De Jean-Jacques Rommes kritiséiert d’Berichterstattung vun de Lëtzebuerger Medien iwwert de Luxleaks-Prozess. Kritik gëtt et och un der Regierung wéinst dem PAN-Gesetz. D’Regierung hätt eng politesch Positioun géint d’Betribsvertriedung geholl, esou de Jean Jacques Rommes.

auto_stories

4 min

Jean-Jacques Rommes

Hie wär enttäuscht, datt de Luxleaks-Prozess à la Une vun den nationale Medie steet, de Jean-Jacques Rommes. Dem Generaldirekter vun der Betribsvereenegung UEL no, géingen d'Medien net de Gesamtkontext erklären, deen dozou géing féieren, datt multinational Entreprisë wéineg Steiere bezuelen. Lëtzebuerg hätt dat modernst Whistleblower-Gesetz an Europa, esou de Jean-Jacques Rommes.

"Transparenz ass net déi eenzeg Vertu"

Déi Praktiken ëm déi et am Luxleaks-Prozess géing goen, hätte kennen diskutéiert ginn, ouni datt d'Nimm vun de concernéierte Steierzueler an déi ganz Welt transportéiert gi wieren, mengt de Jean-Jacques Rommes. Et wär wichteg, datt de Prozess géing stattfannen. "Wann ee manifestéiert a politesch Meenungen äussert, da soll een dat géint d'Regierung oder d'Chamber maachen", fënnt den UEL-Generaldirekter. De Luxleaks-Prozess sollt net mat moraleschen Iwwerleeunge kommentéiert ginn. Dat wär e geféierlechen Exercice.

D'Iddi vun de Steier-Rulinge wär absolut net ze diskutéieren. "Datt ass eng äusserst gutt Mesure déi a ganz ville Länner gemaach gëtt." De Steierzueler géing doduerch eng Sécherheet kréien. Déi Rulinge wäert a sollt et dem Jean-Jacques Rommes no och nach an Zukunft ginn. Steierrulinge si verbindlech Steieraccorden, déi tëscht engem Betrib an der Steierverwaltung ausgehandelt ginn.

Den Ausmooss vun der Ruling-Praxis, déi duerch d’Revelatioune vun de Whistleblower Deltour an Halet bekannt gouf, wär keen typesch Lëtzebuerger Ausmooss, fënnt den Jean-Jacques Rommes. "Et ass d’Inadequatioun vun enger nationaler Steierlandschaft an Europa an engem Marché unique wou grouss multinational Gesellschaften iwwer déi national Grenzen eraus aktiv sinn." Dat géing immens Problemer fir d'Entreprisë schafen. D'Rulinge géingen do eng eng Sécherheet fir d’Entreprise bidden.

Datt dobäi Saache geschitt sinn, déi net am Interêt vun de Staate wieren, dorunner wier keen Zweifel, seet den UEL-Generaldirekter. "Dat muss dann och ausgeraumt ginn." Entreprisen déi international täteg sinn, géingen an enger anerer Steierwelt liewen, wéi Entreprisen déi national täteg sinn.

Wa Steiere vu Betriber an d'Zukunft verlagert géinge ginn, géing dat net heeschen, datt guer keng bezuelt ginn.

Stock Options: Arrangementer "à la tête du Client"

D'"Stock Options" wären en interessant Finanzinstrument, seet de Jean-Jacques Rommes. D'CSV hat gefuerdert, datt déi Optioun op eng Bedeelegung vum Salarié bei der Entreprise fir manner Steiere ze bezuelen, ofgeschaaft gëtt. Dat géing de Staat 300 Milliounen Euro u Steierrecette kaschten, hat de CSV Deputéierte Gilles Roth gesot. Fir de Jean-Jacques Rommes hätt een et hei mat engem politesche Spillchen ze dinn. D'CSV wär elo géint dat, wat si selwer an der Vergaangenheet agefouert hat.

Him wär net kloer wat den aktuelle Regime wierklech erreeche soll. Dem Jean-Jacques Rommes no géing et net drëm goe fir, datt mat "Stock Options" an déi eegen Entreprise investéiert gëtt. Woubäi Stock Options net onbedéngt e steierlechen Avantage wären. Wann d'Aktien, op déi een eng Optioun huet, sech net favorabel entwéckelen, da kéint dat schlecht fir de betraffene Salarié sinn.

Als UEL wéilt een awer Instrumenter hunn, fir héich qualifizéiert Leit fir op Lëtzebuerg un ze zéien.

PAN-Gesetz: "eng politesch Decisioun géint d'Betriber"

Mam PAN-Gesetz sollt d'Aarbechtszäit méi flexibel gestallt gi - dat war eng grouss Demande vum Patronat un d’Regierung. De Staatsrot stellt sech a sengem Avis vru d'Salariéen. Salariéen an engem Kollektivvertrag dierfen duerch d'Reform duerno net méi schlecht ewech kommen, schreift de Staatsrot. Dat heescht d'Verlängerung vun der Referenzperiod däerf an deem Fall net decidéiert ginn. D'Iwwerleeunge vum Patronat wiere ganz ignoréiert ginn, kritiséiert de Jean-Jacques Rommes.

"Mir wollten eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäite mat de Salariéë pro Betrib maachen." Déi Diskussioun géing et iwwerall am Ausland ginn, a si wär zu Lëtzebuerg erstéckt ginn. Dat géing een op d'Héchst bedaueren. Beim PAN-Gesetz wier d'Positioun vun de Gewerkschaften zréckbehale ginn, et hätt een et net mat engem Kompromëss ze dinn. Et wier eng politesch Positioun geholl ginn, géint d'Betribstvertriedung. Et wier e schlechte Witz fir vu Kompromëss ze schwätzen.