arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meenungsfräiheet oder Strofdot?

Hate Speech

|
reading time

4 min

Meenungsfräiheet oder Strofdot?

Ass d'Hemmschwell erofgaange fir Leit op soziale Reseauen unzegräifen? Déi Fro gouf viru Kuerzem an der Abtei Neimënster um Hate Festival gestallt. Vertrieder aus Politik, Medien a Kultur hunn op enger Table Ronde iwwert de sougenannten Hate Speech diskutéiert. Mam Haaptmessage, datt Opruff zum Haass en Delikt ass.

reading time

4 min

Den Terme "Hate Speech" gëtt et am Lëtzebuergesche Gesetz net. Wuel awer Begrëffer wéi Diskriminatioun oder Opruff zu Gewalt oder Haass. D'Diskriminatioun vun enger Persoun ënnert anerem wéinst hirer Hautfaarf, hirem Geschlecht oder hirer Relioun ass verbueden. Dem Code Pénal no kënnen esou Delikter mat bis zu zwee Joer Prisong an / oder enger Amende vu bis zu 25.000 Euro bestrooft ginn.

Iwwert wat fir e Wee een zu Haass oprifft, wier net relevant, seet de Justizminister Felix Braz. "Déi Artikele gëllen ëmmer. Op dat op der Strooss ass, um Internet, an enger ëffentlecher Reunioun ... Et spillt keng Roll op dat an der reeller Welt ass oder an der virtueller Welt um Internet."

Ass Hate Speech dat selwecht wéi Mobbing? Neen, mengt de Psycholog Georges Knell. Perséinlech Ugrëff an Diffamatioun géingen éischter an d'Kategorie Mobbing falen, well d'Ugrëff direkt géint eng Persoun geriicht wieren. "Hate Speech" géing sech méi allgemeng géint e Grupp vu Persoune riichten. "Wann ech soen all d'Leit vun där an där Nationalitéit, déi sinn dëst an dat. Dat ass Hate Speech."

Refugiéen am meeschte viséiert

Dem Justizminister no huet sech de Phenomen Hate Speech an de leschten dräi Joer verännert. D’Virfäll hätten zougeholl an de Profil vun de viséierte Léit hätt changéiert.

Besonnesch Asyldemandeuren an Demandeurs de protection internationale wiere cibléiert. "D'Zil sinn net méi de Portugis oder de Fransous oder den Ex-Jugoslaw. An et gëtt net gefuerdert, datt déi Leit zréck an hiert Land ginn. Et ass eng Opfuerderung zur Gewalt."

D'Auslännerassociatioun asti betreit Flüchtlingen zu Lëtzebuerg. Dem Marc Piron vun der asti no géing ënnert de Refugiéë besonnech d'Frae viséiert.

Frust ofloossen

Et wier schwéier soen, wat déi genee Motiver hannert dem Hate Speech wieren, esou de Georges Knell. Hien ass Member vun der Initiativ BEE SECURE, déi zesumme mat verschidde Partner u Campagnë fir e séchert Benotze vum Internet schafft.

Wéinst perséinleche Problemer a Liewensëmstänn géinge verschidde Leit am Internet hirem Frust fräie Laf loossen, esou de Georges Knell.

Donieft géing déi vermeintlech Anonymitéit um Internet eng grouss Roll spillen. "Ech sinn online, ech setzen hannert mengem Computer an ech ka schreiwe wat ech well, ouni datt mir eppes geschitt." Um Internet wier ee manner eleng mat sengen Iddien, erkläert de Georges Knell.

Meenungsfräiheet?

Dem Justizminister Felix Braz no géinge Leit sech ënner der falscher Impressioun vu Stroffräiheet um Internet Saachen erlaben, déi si sech an engem ëffentleche Kader net géingen trauen. An dat dacks ënnert dem Deckmantel vu Meenungsfräiheet, engem Grondrecht also.

All Moossnam géint esou diskriminéierend Aussoe géing vun deene Leit als eng Aschränkung vun hirer Meenungsfräiheet gesi ginn. Dobäi wier de Géigendeel de Fall, ënnersträicht de Felix Braz. "Déi Leit, déi esou Saache posten, schränke mat all Saz d'Meenungsfräiheet vun engem Grupp vu Leit massiv an. Wa mir engem d'Stir bidden, verdeedege mir d'Meenungsfräiheet vu ganz villen Affer." Déi Affer hätten nämlech Angscht hir Meenungsfräiheet auszeliewen.

Mesurë géint Hate Speech

Wann Hate Speech en Delikt ass, wat dogéint ënnerhuelen? De gesetzleche Kader ass ee Volet. De Lëtzebuerger Kënschtler Luc Spada, dee sech méi intensiv mam Thema Haass ausernee gesat huet, gesäit déi penal Mesuren awer kritesch.

Duerch Bestrofung géingen d'Ursaache vum Problem net geléist ginn. "Et muss ee méi wäit kucken", fënnt de Kënschtler. D'Educatioun géing eng wichteg Roll spillen. "Et muss een d'Leit erzéien, fir datt si Manéieren hunn."

Netiquette oder Counterspeech

Fir Medien, déi op sozialen Netzwierker aktiv sinn, kann eng sougenannt Netiquette dem Notzer Richtlinne ginn. De User fënnt déi Regelen um concernéierte Site a kritt doran erklärt, wéi hie sech a senge Commentairen op der Internersäit oder op der Facebooksäit vum Medienhaus verhale soll.

D'User géinge vläicht net direkt op d'Netiquette klicken, mee et kéint ee si dorop hiweisen, seet d’Christiane Kleer, Radio an Online-Journalistin beim radio 100,7. "Wann d'Leit eppes posten, wat net an der Rei ass, da soe mir hinnen, datt dat de-publizéiert gëtt a mir verweisen op d'Netiquette. Dat fonctionnéiert gutt."

Nieft der Netiquette gräife verschidde Medien an der Lutte géint dirkriminéierend Commentairen op "Counterspeech” zréck. Dat heescht, si konfrontéieren d’Auteure vun den Aussoe mat Géigenargumenter.

Fir eng inklusiv Gesellschaft

Fir de Justizminister sinn de Code Pénal an d'Counterspeech ergänzend Mesuren an der Lutte géint Haass-Opriff. Jiddfer Bierger wier an dëser Debatt gefuerdert, net nëmme Politiker, Kënschtler oder Journalisten. "Jidderee muss sech concernéiert spieren. Net nëmme fir een unzesichen, mee fir opzestoen a fir en inklusive Modell ze kämpfen."

An esou enger inklusiver Gesellschaft misste Gemeinsamkeete gestäerkt ginn an Differenzen akzeptéiert ginn, wënscht sech de Felix Braz. Dofir misst jidderee sech asetzen.

Fir europawäit géint Hate Speech op sozialen Netzwierker virzegoen, hu sech verschidde Plattformen, wéi zum Beispill Facebook, un engem Guide bedeelegt. Zil vun dësem "Code of Conduct" ass et, fir valabele Reklamatioune bannent manner wéi 24 Stonne Rechnung ze droen an Haass-Äusserungen ze läschen.