Radioen

On air

Notturno  |  Julie Byrne - Summer Glass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Chancegläichheet um Aarbechtsmaart

Soizal Inclusioun

Méi Chancegläichheet um Aarbechtsmaart

Leit mat enger Behënnerung hunn et schwéier eng Aarbecht ze fannen a sinn dacks mat Virurteeler an Diskriminatiounen um Aarbechtsmarché konfrontéiert. Fir déi Situatioun ze verbesseren, hunn d’Gewerkschaften an den Daachverband vun den Entreprisen (UEL) sech an enger Charta engagéiert, d’Chancëgläichheet fir Leit mat engem Handicap um Aarbechtsmaart ze förderen. Dës Initiative gouf op enger Konferenz an der Chambre de Commerce thematiséiert.

auto_stories

6 min

De Joël Delvaux, Chef vum Departement fir travailleurs handicapés beim OGBL, schwätzt aus Erfahrung. Hien huet sech, trotz Behënnerung, géint Virurteeler an administrativ Hürden op sengem Carrières-Wee duerchgesat. "Well ech einfach ganz kloer gewisen hunn, datt näischt mech aus där Bunn géif erauskréien." D'Leit hätte séier verstan, datt et kee Wäert hätt, him Steng an de Wee ze leeën. Et wär wichteg, ze wëssen, wat ee wéilt an dann um Zil festzehalen. "Et kritt een et net servéiert op engem sëlwer Tablett."

Qualifikatioun ass eng grouss Hürd

D’Direktesch vun der ADEM, Isabelle Schlesser, beleet dat mat Zuelen: Beim Aarbechtsamt sichen 1.800 Leit, déi de Statut vum Salarié handicapé hunn, no enger Aarbecht. Dat wär déi eenzeg Kategorie, déi net vun der Baisse vum Chômage géif profitéieren.

Dass d’ADEM et schwéier huet, d’Salariés handicapés um Aarbechtsmaart ze placéieren, géif manner um Handicap leien. De Grond wär, dass 75% vun hinnen e ganz niddrege Qualifikatiouns-Niveau hunn. "Et ass leider sou, dass Lëtzebuerg virun allem nei Aarbechtsplaze schaaft a Beräicher, wou een héich qualifizéiert Leit brauch."

Fir Leit mat enger Behënnerung, ass et awer vun Ufank un méi schwéier, iwwerhaapt Qualifikatiounen ze kréien. Zu Lëtzebuerg wär d’Inclusioun vu Behënnerten an de Schoulen manner gutt ewéi an anere Länner, seet de Joël Delvaux. A Frankräich géif et besser Strukturen a spezialiséiert Personal ginn, fir Schüler mat Behënnerung z'encadréieren. Och op den Unien. "Hei kämpfe mir fir  d'Inclusioun an der Primärschoul iwwerhaapt mol un d'Lafen ze kréien."

Nei Mesurë bidden nei Méiglechkeeten

De Statut vum Salarié handicapé kréie Leit, déi eng Incapacité de travail vun op d'mannst 30 Prozent hunn. Mam neie Gesetz iwwert de Reklassement, wat ugangs des Joers a Kraaft getrueden ass, krut d’ADEM d’Méiglechkeet, hir vulnerabelst Clienten an e Stage d’insertion vu sechs Wochen ze schécken. Oder e Contrat de ré-insertion-emploi vun engem Joer fir si an engem Betrib ze vermëttelen, sou d’Jil Voss vun der ADEM.

Nei ass bei der ADEM och de sougenannte "Profil de compétences", deen et den Demandeurs d’emploi mat Behënnerung soll erlaben, hir berufflech Kompetenzen, a net hiren Handicap, bei potentiellen Employeuren an de Mëttelpunkt ze stellen.

Dat begréisst och d’Direktesch vun de Resources Humaines bei der Firma KPMG, d’Géraldine Hassler. Kandidate mat enger Behënnerung rifft si op, sech esou gutt ewéi méiglech ze verkafen. Et sollt ee sech net enger Auto-Zensur ënnerwerfen an et wier wichteg, déi Kompetenzen an d'Fënster ze stellen, déi d'Entreprise kéinte weiderbréngen.

Patrone mussen ëmdenken

Vill Patrone missten et awer nach fäerdeg bréngen, Virurteeler ze iwwerwannen, mengt de Claude Reimen, Chef vum Kontakt Zenter vun der ADEM. Hei schaffe 25 Leit, déi all en Handicap hunn. D'Ëmdenken ass fir d’Patronen zum Deel och obligatoresch. Dem Gesetz no musse Betriber an de Staat eng gewëssen Zuel vu Leit mat enger Behënnerung astellen, erkläert de Joël Delvaux.

Doriwwer eraus, ass d’Ënnerstëtzung vun der Chancëgläichheet um Aarbechtsmaart fir Entreprisen e wichtege Facteur fir de Label vun der sozialer Responsabiltéit. Déi hätt och en Impakt op de Wäert vun enger Entreprise, seet d’Stéphanie Deltenre, CEO vu CDD Partners, eng Entreprise, déi am Beräich ESR (entreprises socialement responsables) spezialiséiert ass. Och Aktionnairen an Investisseure géifen de Sujet consideréieren, wa si sozial wéillten investéieren.

Engagement vun der UEL

Bei der UEL gouf 2003 den Institut National pour le dévelopement durable et la responsabilité sociale des entreprises gegrënnt. Den iNDR wor Co-Organisateur vun der Konferenz an huet d'Charta fir d'Chancëgläichheet vun Handicapéierten um Aarbechtsmaart mat ënnerschriwwen. "Mir mussen de Patronen d'Angscht ewechhuelen an hinne weisen: Dat geet. Do ginn et Success Stories. Dat ass gutt fir den Zesummenhalt vun den Equipen a fir d'Produktivitéit vum Betrib," seet den iNDR Generalsekretär Nicolas Henckes.

D’UEL huet sech am Akkord mat der Regierung jo engagéiert, fir bannent dräi Joer zousätzlech 5.000 Leit iwwert d’ADEM ze rekrutéieren. Dorënner sollen och Salariés handicapés sinn, seet den Nicolas Henckes.

D’Direktesch vun der ADEM, Isabelle Schlesser, sot als Schlusswuert vun der Konferenz: Si géing op alle Fall hoffen, dass en Deel vun den 1.800 Demandeure bei der ADEM, déi eng Behënnerung hunn, an engem Joer net méi an där Situatioun sinn.