Well hien dat neit Pan-Gesetz, sou wéi d’Regierung et elo proposéiert, als “Mogelpackung” beschriwwen hat, gouf de Patrick Dury vum André Roeltgen ferm kritiséiert. Fir den OGBL ass nämlech d’Propos vun der Regierung e groussen Erfolleg fir d’Gewerkschaft a fir d’Salariéen. Wéi soll ee soss d’Roserei vum Patronat erklären, freet den André Roeltgen.
Suen amplaz Congé
Ouni den André Roeltgen oder den OGBL mam Numm ze nennen, huet de Patrick Dury versicht z’erklären, wat den LCGB am Zesummenhang mat méi flexiblen Aarbechtszäite gefuerdert hat.
En Echange fir méi laang Referenzperioden, solle Salariéen an de Betriber kënnen entscheeden, ob se méi Congé kréien oder méi Suen. Wann een nämlech Salariéë géing ofstëmme loossen, da géingen dem LCGB-President no, der vill éischter méi Pei froen, wéi méi Congé.
Kollektivvertrag
Déi nei Dispositioune solle just fir Betriber ouni Kollektivverträg gëllen an dowéinst huet den LCGB gefuerdert, datt d’Verlängerung vun der Referenzperiod just iwwert d’Verhandlung vum Kollektivvertrag méiglech wier. De chrëschtleche Gewerkschaftsbond mengt also am Géigesaz vum OGBL net onbedéngt, datt d’Propos vun der Regierung d’Kollektivvertrags-Wiese géing stäerken.
Well d’Opstelle vu flexiblen Aarbechtspläng während enger Referenzperiod net am Kollektivvertrag festgeluecht géing ginn, mee um Terrain, huet den LCGB och gefuerdert, datt d’Salariéen e Matsproocherecht beim Opstelle vun dëse Pläng solle kréien. “Datt u sech d’Aarbechtszäit-Modeller do kënnen ausgeschafft ginn, déi de Leit entgéint kommen”, sou de Patrick Dury.
PAN a POT
Nodeems Patronat a Gewerkschafte kee Kompromëss iwwert en neit PAN-Gesetz fonnt haten, huet d’Regierung folgendermoossen tranchéiert: En Echange fir de Betriber méi laang Perioden z’erméiglechen an deene flexibel Aarbechtszäite kënnen agesat ginn, sollen d’Salariéë Congé bäikréien. D’Referenzperiod soll vun aktuell engem, op véier Méint eropgesat ginn.
Wéi funktionéiert d’Referenzperiod? E Betrib muss mam Accord vum Personal e Plang opstellen (Plan d’organisation du travail - POT), deen dann zum Beispill esou ausgesäit:
1. Woch | 2. Woch | 3. Woch | 4. Woch | |
---|---|---|---|---|
Méindeg | 4 Stonnen | 10 Stonnen | 4 Stonnen | 10 Stonnen |
Dënschdeg | 10 Stonnen | 10 Stonnen | 4 Stonnen | 8 Stonnen |
Mëttwoch | 10 Stonnen | 4 Stonnen | 10 Stonnen | 6 Stonnen |
Donneschdeg | 8 Stonnen | 4 Stonnen | 10 Stonnen | 6 Stonnen |
Freideg | / | 10 Stonnen | / | 6 Stonnen |
Samschdeg | / | 10 Stonnen | 10 Stonnen | 6 Stonnen |
Sonndeg | / | / | / | / |
Total | 32 Stonnen | 48 Stonnen | 38 Stonnen | 42 Stonnen |
(source: http://www.guichet.public.lu/entreprises/fr/ressources-humaines/temps-travail/gestion/organisation/index.html)