Radioen

On air

Notturno  |  Stephen Steinbrink - Pony

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi flexibel Sproochkenntnesser fir Affekoten?

Barreau

Méi flexibel Sproochkenntnesser fir Affekoten?

Lëtzebuergesch- an Däitschkenntnesser sollen net d'Konditioun si fir zu Lëtzebuerg als Affekot ze schaffen, fuerdert de Barreau. De Lëtzebuergesch-Niveau dee verlaangt wier, géif auslännesch Affekote virun onnéideg Barrièrë stellen. Eng Gesetzgebung op Lëtzebuergesch wéi si an der Sproochepetitioun gefuerdert gëtt, wier iwwerdeems net z'envisagéieren.

auto_stories

4 min

François Prum (Bâtonnier) a François Kremer (Fize-Bâtonnier)

De Lëtzebuerger Barreau zielt haut 2400 Affekoten. D’Halschent dovunner plädéiere viru Geriicht. Déi aner si virun allem an de Finanzen aktiv. Mee och an anere spezialiséierte Beräicher wéi den Assurancen an dem Contentieux si si present. Et wieren dacks héichspezialiséiert Affekoten, erkläert de Maître Rosario Grasso, Bâtonnier sortant. A Beräicher wéi den Assurancen, der Fongenindustrie, dem Dateschutz, der Recherche an der Biomedezin wier d'Recht ee wichtege Volet. "Dat ass eng gesond Entwécklung, déi Lëtzebuerg mécht an do ass och ee politesche Wëllen do." D'Etudë bréichten Affekoten, déi sech an den héich spezialiséierte Matièrë géifen auskennen, esou de Maître Rosario Grasso. Aus deem Grond géifen esou vill Affekoten op Lëtzebuerg kommen.

Manner Sproochkompetenzen

De Barreau, deen all d’Affekoten déi zu Lëtzebuerg zougelooss gi representéiert, fuerdert datt d’Sprochufuerderunge fir d'Affekoten erofgesat ginn. Dem Bâtonnier Maître François Prum no géif d'Lëtzebuerger Gesetzgebung verlaangen, datt all Affekot, deen d'Coursen am Lëtzebuerger Recht gepackt hätt och misst Franséisch kënnen a Basiskenntnesser am Lëtzebuergeschen an Däitschen hunn. eréicht da kéint en op de Lëtzebuerger Barreau kommen.

"Et gi vun hinne méi Kenntnesser erwaart, wéi vun de Leit, déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit kréien." Dat wier eng Hürd, virun allem fir déi franséischsproocheg Kandidaten, esou de Maître François Prüm. "A fir déi ass et net einfach fir Lëtzebuergesch an Däitsch ze léieren." Fir déi Affekoten, déi net all Dag um Geriicht misste plädéieren, wier d’Lëtzebuerger Sprooch eng onnéideg Barrière, fënnt de Bâtonnier.

Keng Sproochkonditioune fir verschidden Affekoten

Zu Lëtzebuerg ass den Zougang zum Beruff vum Affekot ganz ënnerschiddlech. Fir d'Affekoten, déi zu Lëtzebuerg schaffe ginn et verschidde Lëschten: Op der Lëscht I stinn zum Beispill d'Affekoten déi hire Stage gemaach hunn, op der Lëscht II, déi, déi e nach maachen. An da gëtt et d'Lëscht IV: Déi géif et Affekoten aus dem EU-Ausland erlabe fir Affären zu Lëtzebuerg ze traitéieren, erkläert de Maître Rosario Grasso. Affekoten, déi an engem Memberstaat vun der Europäescher Unioun géife schaffen, kéinten direkt zu Lëtzebuerg Affairen unhuelen: Si misste keng Sproochkonditiounen erfëllen a kéinten no dräi Joer op d'Lëscht I gesat ginn. Op där Lëscht IV stinn zum Beispill ronn 200 Paräisser Affekoten.

Och wann een de "Certificat d'aptidude", een Exame beim Justizministère, géif maachen, misst ee kee Cours am Lëtzebuerger Recht maachen. "Déi kënnen direkt no der Uni als Affekot schaffen, ouni datt d'Sproochen iwwerpréift ginn", esou de Bâtonnier sortant.

Fir ze verhënneren, datt een Affekot Affairen unhëlt fir déi him d'Kompetenzen an der Sprooch oder an der Matière feelen, géif et de Règlement d'ordre intérieur vum Lëtzebuerger Barreau ginn, esou de Maître François Prum. "Keen Affekot kann ee Mandat unhuelen, deem hien net mächteg ass."

Konditiounen adaptéieren

D’Attraktivitéit vum Lëtzebuerger Standuert ass fir auslännesch Affekote grouss, trotz dem Ofschafe vum Bankgeheimnis. An et géife weider Affekote gebraucht ginn, seet de Maître François Prum. Fir der Demande vum Marché entgéint ze kommen, missten awer d'Konditioune fir Affekot ze ginn, geännert ginn.

De Bâtonnier fuerdert, datt d'Lëtzebuergesch an Däitschkenntnesser vun den Affekoten, déi op de Barreau kommen, net iwwerpréift ginn. Eréischt wann een Affekot säi Stage gepackt hätt, soll gekuckt ginn wéi seng Sproochkompetenze wieren, esou de François Prum. Mee och do sollen d'Sprooche keng Konditioun sinn, mee d'Affekote solle sech verflichten, net an engem Dossier ze schaffe fir deen hinnen d'Sproochkompetenze feelen.

"D'Lëtzebuergescht ass net déi richteg Sprooch"

D'Petitioun fir d’Lëtzebuergescht als Amtssprooch anzeféieren, fënnt de Barreau net realistesch. Dem Fize-Bâtonnier, Maître François Kremer no misst Lëtzebuergesch - wann et soll Amtssprooch a Lëtzebuerg ginn - och Amtssprooch an Europa ginn. "An da stellt sech d'Fro, wat de Sënn an den Zweck dovun ass. Fir datt eng hallef Millioun Leit zu Lëtzebuerg ënnert sech Lëtzebuergesch schwätzen ... dat ass evident."

Mee am techneschen Debat, ob Droit oder Medezin, wier Lëtzebuergesch net déi richteg Sprooch. "Et wier net besser fir den Droit, also och net besser fir d'Leit, wann den Droit op Lëtzebuergesch wier." Där Meenung wier all Jurist, seet de Maître François Kremer. "Et ass eng léif Iddi, mee et ass net néideg an et bréngt näischt."

All d’Gesetzer déi et zu Lëtzebuerg gëtt, wieren zanter dem Zweete Weltkrich op Franséisch formuléiert an enger extrem technescher a präziser Sprooch geschriwwen. Eng Gesetzgebung op Lëtzebuergesch wier net z’envisagéieren.