Radioen

On air

Notturno  |  Rozeen - A Little Bit Of Romance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mengen net, dass ech dat nach emol wëll maachen"

Chamberwahlen 2018

"Mengen net, dass ech dat nach emol wëll maachen"

Fir Politik wier hien nach "total motivéiert", mee bei den nächste Chamberwahle wëll den Europadeputéierten net méi untrieden. 2013 war de Charel Goerens nach DP-Spëtzekandidat am Bezierk Norden. Ugangs Dezember ass hien als éischte Vize-Präsident vu senger Partei zréck getrueden. Trotz senger Kritik un der Aart a Weis, wéi d'Dräierkoalitioun entstan ass, lueft de Liberalen am 100,7-Interview d'Regierung fir hir Aarbecht während der EU-Semester-Presidence.

Carole Schimmer / po

auto_stories

5 min

Wéi kommentéiert Dir de Récktrëtt vun der Logements- a Kulturministesch Maggy Nagel?

Mir hate scho méi grouss Regierungsëmbildungen. Mir haten eng, wou e Staatssekretär eng Kompetenz iwwerdroe krut an eng aner, wou e Minister ersat ginn ass. Loosse mer lo dorausser keng Revolutioun eraus liesen. Dat Land hei huet Problemer an et huet och Méiglechkeeten. 2016 muss net onbedéngt Ulass ginn zur gréisserer Besuergnis. D'Regierung wäert de Verantwortunge gewuess sinn.

Ech si jo net de "Geburtshelfer" vun dëser Regierung, mee wann ech héieren, wéi dobaussen d'Presidence kommentéiert ginn ass, do sinn awer vill anerer, déi dat net sou gutt gemaach hunn. Ech héieren nëmme positiv Echoen an ech ka mech doriwwer just freeën. Wa gesot gëtt, dass seelen ee Budget mat esou enger Vitesse a souguer eestëmmeg vun deenen 28 akzeptéiert gouf, dann ass dat ee Luef, deen de Responsabele vun de Finanzen zoukënnt. Och an der Justiz, an der Kultur an an der Economie héieren ech iwwerall nëmme ganz vill Luef iwwer d'Impulser, déi vun der Lëtzebuerger Presidence koumen. Gekoppelt mat engem ganz serieuxe Geschéck och fir d'Mediatioun tëscht verschiddene Standpunkten.

War de Choix vun enger Dräierkoalitioun dann awer gutt, wann een déi lescht zwee Joer kuckt?

Ech hunn näischt iwwer de Choix gesot, mee iwwer d'Method. Ech war dergéint fir eng Partei auszeschléissen, déi nach ëmmer dat duebelt vun de Stëmmen hat, wéi déi zweet stäerkste Partei.

Aktuell sinn d'Sondagen net sou favorabel fir d'Majoritéit an och net fir d'DP. Ass dat d'Resultat vun der Aart a Weis wéi d'Regierung entstan ass?

Dat kann domadder zesummen hänken. Ofgesinn dovunner, muss een an der Geschicht ëmmer déi grouss Trende kucken. Ech weess net, wéi den Trend ausgesäit bis 2018. An de leschte Sondage huet gewisen, dass et och nees bësse besser ka goen. Mee mir sinn nach Liichtjoer ewech vun den nächste Wahlen. Dës Koalitioun ass elo zwee Joer al an huet nach dräi Joer viru sech. Ech weess net, wéi dat weider geet. Mee "le pire n'est jamais sûr".

Gitt Dir nach emol mat an d'Wahlen?

Ech weess net, wat mech derzou kéint beweegen nach emol mat an d'Nationalwahlen ze goen. Do mengen ech net, dass ech dat nach emol wëll maachen. Wat d'Europaparlament ubelaangt, sinn ech - wéi iwwerhaapt fir meng politesch Aktivitéit - total motivéiert. Ech gesi kee Grond, fir mat där Dynamik opzehalen.

Wéi eng Prioritéiten hutt Dir fir 2016 an Ärer Aarbecht als Europadeputéierten?

Mäin Leitmotiv an dëser Legislaturperiod ass deen, fir derzou bäi ze droen, dass d'Solidaritéit an Europa organiséiert gëtt an do wou se scho steet nach anescht organiséiert gëtt. An datt mir och musse kucken, dass d'Institutiounen an eng Roll placéiert ginn, déi d'Solidaritéit garantéiert. Mir hunn souvill gemeinsam Aufgaben, souvill wat eis gemeinsam menacéiert, datt mir all Interêt hunn, dat éischtens anzegesinn an eis och esou ze organiséieren, datt mer dat och kënne bewerkstellegen.

Wéinst de Flüchtlinge gouf de Schengenraum a Fro gestallt. Hält d'EU 2016 méi zesummen?

Engersäits muss een déi Efforten appreciéieren, déi ënner Lëtzebuerger Presidence gemaach goufen. An anerersäits kann ee sech nëmme schummen iwwer d'Suite, déi eenzel Länner deenen Efforte ginn. Ech ka mech net domadder offannen, dass ee Land wéi Polen keng Flüchtlinge wëllt. Déi eng wëllen nëmme Chrëschten, déi aner keng Moslemen, en drëtt Land ass an de Wahlen. Wa mir et net fäerdeg bréngen, eng Millioun Flüchtlingen ënner 500 Millioune Leit gerecht ze verdeelen, oder op d'mannst d'Chargen, dann ass dat absolut lächerlech. Dofir ass net d'Europäesch Unioun responsabel, mee et sinn einfach eng gutt Dose Länner, déi sech als 'empêcheur de tourner en rond" erweisen. Et kann een nëmme frou sinn, dass d'Angela Merkel duer gehal huet. Lo kann een hir virwerfen, si hätt vläit ze grouss gesinn. Mee "Gott sei Dank" huet ee grouss gesinn. Stellt Iech Mol vir, Däitschland géif och nach d'Flüchtlingen alleguer duerchwénken. Solidaritéit muss och organiséiert ginn. A mir si jo och bereet eisen Deel dozou bäizedroen.

De ganzen Interview vum Carole Schimmer mam Charel Goerens: