Radioen

On air

Notturno  |  Nas - Life's a Bitch Feat. AZ & Olu Dara

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Erausfuerderung fir d’Uni

“Mëschnotzung” um Site Belval

Eng Erausfuerderung fir d’Uni

D’Uni ass net den exklusive Locataire vun de Raimlechkeeten um neie Campus, well de Fonds Belval d'Maison du Savoir och als "Centre de conférences" wëll kommerziell exploitéieren. Lo muss nach garantéiert ginn, dass déi verschidden Notzer sech aus de Féiss kommen.

auto_stories

4 min

De Luc Dhamen ass zënter Juni 2015 Direkter vum Fonds Belval.

D’Uni Lëtzebuerg ass just 28 Wochen am Joer exklusive Locataire vun hire Gebaier um Campus Belval. Dat, well de Fonds Belval och e "Centre de conférences" wëll op d’Been stellen. “D’Grondiddi vun all de Gebailechkeeten um Site ass, dass dat super Equipement dat hei steet, soll benotzt ginn”, erkläert den neien Direkter vum Fonds Belval Luc Dhamen.

Baussent de ronn 28 Woche während deenen déi normal Coure sinn, soll d’Uni déi zwielef Auditoirë vun der "Maison du savoir" also mat aneren Acteuren deelen. De groussen Auditoire a mat 750 Plaze ka fir 4.000 Euro den Dag gelount ginn, respektiv fir 2.000 Euro fir en hallwen Dag. Ëffentlech Acteuren, wéi och d’Uni, bezuele kee Loyer.

"D'Uni huet Prioritéit"

De Moment ass wéinst der Lëtzebuerger Presidence EU-Rotspresidence vill Betrib. Fir ze sécher ze stellen, datt sech déi eenzel Acteuren net op d’Féiss trëppelen, sollen d’Reservatioun vun de Säll sollen iwwert en informatesche System lafen, deen de Moment awer nach kleng Startschwieregkeeten huet. Fir déi Concernéiert heescht et, sech méiglechst fréi unzemellen.

De Luc Dhamen betount awer, dass d'Uni “selbstverständlech prioritär ka reservéieren." Fir den Ament ass een sech eenz ginn, dass d’Uni hir Besoinen u Säll fënnef Méint viru Semesterufank matdeelt.

"Fonds Belval muss nach léieren"

De Vize-Recteur vun der Uni seet, hie wier optimistesch, datt sech d’Ëmsetzung vun der "Mëschnotzung" mat der Zäit apendelt. D’Direktioun vum Fonds Belval wäert nach bäiléieren, sou de Professer Eric Tschirhart: “Den Häer Fixmer, dee virdrun Direkter war wosst wéi eng Uni funktionéiert. Den Häer Dahmen ass nei. Ech mengen hien muss och nach verstoen, wéi eng Uni funktionéiert.”

Den Eric Tschirhart huet dem Fonds Belval am Juni an engem Bréif matgedeelt, datt d’Uni dat ganzt am Joer um Belval present ass. D’Examen, d’École doctoralen, Summer Schools oder och Konferenzen, déi vun der Uni organiséiert gi – alles dat spillt sech baussent den 28 Wochen of, wou déi normal Coure sinn.

Bei der Doktoranden-Associatioun Luxdoc gesäit ee kee Problem doranner, datt d’Uni hier Säll deele muss. "Soulaang d'Uni ee gewësse Virrang huet, gesinn ech do generell keng Problemer", sou de Luxdoc-President Romain Decet.

Gesetzleche Kader

An den nächste Woche soll e Gesetzprojet duerch d’Chamber goen, deen dem Fonds Belval seng Missioun als Gérant vun de Gebaier um Site Belval festhält. Doran ass dann och virgesinn, datt de Fong am Kader vun där Missioun Recetten dierf generéieren. Dem Gesetzprojet no, ass et wichteg eng Infrastruktur wéi de Konferenzzenter vun der "Maison du savoir" op eng aktiv a kommerziell Manéier ze exploitéieren.