Déi aktuell Ännerungen un der Beruffsausbildung ginn net duer, dat wéisst och de Minister, seet de President vun der Handwierkerfederatioun. De Michel Reckinger schwätzt vu "Micro-Adaptatioune" fir de System kuerzfristeg iwwert d’Zäit ze retten. Mëttelfristeg géing de Ministère eng méi grouss Reform plangen, un där sech och d’Handwierkerfederatioun bedeelege wëll. Gefuerdert ginn eng besser Grondausbildung an eng besser Orientatioun.
De Prinzip vu méi Schoulautonomie, deen den Educatiounsminister ënnerstëtzt, fënnt de Michel Reckinger net gutt. D’Schoule géingen dacks einfach maachen, wat se wéilten. Fir d’Orientatioun géing et ville Lycéeë just drëm goen, d’Schüler bei sech ze hale mam Zil, hir Klassen ze fëllen. Do misst vun uewen erof e Kader gesat ginn.
"Flou artistique" am Educatiounsministère
Datt den ëmstriddenen Direkter vum Departement vun der Beruffsausbildung am Educatiounsministère Antonio de Carolis soll vu sengem Posten entbonne ginn, kommentéiert de Michel Reckinger esou: "Mir brauchen een Uspriechpartner am Ministère, deen och mat eis zesumme probéiert, d’Kar aus dem Dréck ze zeien.” Déi lescht Jore wier net genuch mam Handwierk geschwat ginn. Dobäi wären et awer d'Betriber, déi déi Jonk sollen ausbilden an duerno astellen.
Dräi Véirels vun den Handwierksbetriber kloen der Federatioun no iwwert e Mangel u qualifizéiertem Fachpersonal. D'Handwierk fuerdert dowéinst eng besser Orientéierung, eng Opbesserung vun der initialer Beruffsausbildung, méi Stagen am ënneschte Zyklus vun de Lycéeën, an datt d’Ausbildung vun der Geselleprüfung vun 3 op 4 Joer verlängert gëtt.