Radioen

On air

Concert  |  E Wiener Dreemert um Piano

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Legal oder illegal ass eng Fro vun Evolutioun"

Panama Papers

"Legal oder illegal ass eng Fro vun Evolutioun"

Am Face-à-Face iwwer Panama Papers sinn de Mike Mathias (Staatsrot an Tax Justice Lëtzebuerg) an den Affekot Alain Steichen (Bonn, Steichen & Partners) sech net ganz eens. Den Alain Steichen seet, d'EU wier mat responsabel fir déi vill Offshore-Gesellschaften. De Mike Mathias fënnt, datt fir "Kompromësser" tëscht verschiddenen Interesse muss gesuergt ginn.

auto_stories

6 min

Déi Lëtzebuerger Finanzgesellschaft Experta soll tëscht 1996 an 2011 iwwer 1600 Offshoregesellschafte geschaf hunn, zesumme mam panamaesche Büro Mossak Fonseca. Lëtzebuerg erschéngt an de Panama Papers also net wéi een onbeschriwwent Blat. Datt et bis elo awer keng breet Debatt iwwert d’Revelatioune vum Internationale Journalistekonsortium gouf, huet dem Mike Mathias no domadder ze dinn, datt bis elo keng Lëtzebuerger Perséinlechkeeten dran implizéiert sinn. 

​D'Situatioun wier domat zu Lëtzebuerg eng aner wéi an Island oder an England. "Dat mécht e groussen Ënnerscheed", sou de Mike Mathias. De Member vum Staatsrot an dem Kollektiv Tax Justice Lëtzebuerg gëtt awer zou, datt et "eegenaarteg" ass, datt d'Impliktaioun vun der BIL-Filial Experta net méi vu sech schwätzen deet. Dat kéint senger Meenung no awer och doru leien, datt déi Aktivitéite gréisstendeels op Joren zréckginn, déi méi wäit an der Vergaangenheet leien. 

Vergaangenheetsbewältegung

Iwwerhaapt hätten d’Panama Papers virun allem och mat Vergaangenheetsbewältegung ze dinn, seet de Mike Mathias, och well et mëttlerweil eng Rei Instrumenter gëtt, déi "et méi schwiereg maachen, sou Praktike sënnvoll unzewennen". Eng Meenung, déi de Finanzaffekot Alain Steichen deelt. Den Alain Steichen gesäit Panama Papers och wéi eng "historesch Studie", an där et vill ëm "räich Privatcliente" geet , an och Persounen, déi illegal Aktivitéite wéilte verschleieren. 

Den islännesche Premier Sigmundur Gunnlaugson géif dobäi zu der Kategorie vun de Räiche gehéieren. "Wann ech de Fall vum islännesche Premier sachlech kucken, weess ech net wat hie letztendlech falsch gemaach huet, mee hien ass awer net méi um Pouvoir", sou den Alain Steichen. Dem Gunnlaugson géif virgeworf ginn, Banke gerett ze hunn, fir d'Depoten, déi hien iwwer d'Gesellschaft vu senger Fra do hat, a Sécherheet ze bréngen. Domat hätt hie sech net nëmmen een eegene Virdeel verschaf, mee zum Deel och am allgemengen Interessi gehandelt. Illegal wier dat net.

"Schlupflächer" notzen am Interessi vum Aktionär

"Legal oder illegal ass eng Fro vun Evolutioun”, seet dozou de Mike Mathias. Hien hofft, datt an de nächste Méint eng Rei europäesche Legislatioune wäerte verschäerft ginn. "Lächer" a Schwächten am aktuelle System misste reparéiert ginn, mam Zil, fir nach méi Steiertransparenz ze suergen. Dem Economist no wier awer am däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble sengem annoncéierte Plang géint Steierhannerzéiung a Blanchiment ganz vill “Damp” dran, dee wahrscheinlech net zu ganz vill wäert féieren.

De Finanzaffektot Alain Steichen ënnersträicht sengersäits nach, datt et ëmmer en Uleies vun Entreprisë war an ass, esou mann wéi méiglech Steieren ze bezuelen. Juristesch gesi wier dat och einfach ze justifiéieren. Aktionäre vu grousse Gesellschafte géifen Dividenden erwaarden: "bannent engem legal Kader, natierlech, musse Beneficer maximiséiert ginn". Wann de Gestionnaire vun der Entreprise net vu méigleche "Schlupflächer" géif profitéieren, da géif hien net am Interessi vun der Gesellschaft handelen, sou den Alain Steichen

Europa mat responsabel fir Grënnung vun Offshore-Gesellschaften

D'Aktionäre géife soen: D'Bedenke vun deenen, déi gär "Stroosse bauen", missten "anere Leit hir Suerg sinn". An déi kéinten d'Texter jo änneren, fir esou "Schlupflächer" zouzemaachen. Doriwwer eraus wier den europäesche Legislateur selwer mat dofir responsabel, datt sech Offshore-Gesellschafte virun allem ëm d'Joer 2007 multiplizéiert hunn, sou en Affekot. Wéi d’EU-Direktiv agefouert gouf, déi Lëtzebuerg obligéiert huet, d’Quellesteier anzeféieren, hätten d'Entreprisen no Ausweeër gesicht, fir weiderhi keng Steieren ze bezuelen.

De Mike Mathias hält fest, datt et un der Politik wier, fir Kompromësser ze suergen. An zwar tëscht - an dësem Fall - den Akteure vun der Finanzplaz an den Interessië vun deene Leit "déi Stroossen, Schoulen an e Gesondheetssystem, dee fonctionnéiert" wëllen. Doriwwer eraus misst och fir ee "valablen Ausgläich tëscht de Länner" gesuergt ginn. Datt och an Europa eng Rei Länner um Bord vun der Faillite stinn, wier och dorop zréckzeféieren, datt zum Beispill "griichesch Gesellschafte sech zu Lëtzebuerg konnten installéieren, fir a Griichenland keng Steiere mussen ze bezuelen". "Do stousse mer och un  d'Grenze vum europäesche Geescht", sou de Mike Mathias.