Radioen

On air

Notturno  |  Rozi Plain - Help

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ministèrë schaffen u Verbuet vu Roundup

Nationale Pestizideplang

Ministèrë schaffen u Verbuet vu Roundup

Ëmweltschutzorganisatioune fuerdere schonn zanter laangem een ambitiéisen "nationalen Aktiounsplang Pestiziden". An e Verbuet vum ëmstriddene Pestizid Glyphosat, méi bekannt ënnert dem Numm Roundup. De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen huet dem 100,7 erkläert, datt den Aktiounsplang Pestiziden prett ass. E gouf vu Fachleit aus de Ministèrë vun der Landwirtschaft, der Ëmwelt an der Santé ausgeschafft. Den 11. Abrëll soll e public gemaach ginn.

auto_stories

2 min

Glyphosat ass och ënner dem Handelsnumm "Roundup" bekannt ©Defotoberg / Bigstock

D'Zil vum nationale Pestizideplang ass et, den Asaz vu Sprëtzmëttel an alle Beräicher ze reduzéieren. Domadder soll de Schutz vun der Ëmwelt, de Mënschen an den Déiere verbessert ginn. Zanter dem 1. Januar ass den Asaz vu Pestiziden op ëffentleche Plaze verbueden. Privatleit benotzen awer dacks Glyphosat fir Onkraut ze zerstéieren.

Et wären Iwwerleeungen amgaang, fir Roundup fir de private Gebrauch ze verbueden, seet de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen. Dofir wär eng gewëss Sensibiliséierung néideg. De Landwirtschaftsministère géif zesumme mam Ëmwelt- a mam Gesondheetsministère um Verbuet schaffen. Och Ëmweltschutzorganisatioune fuerderen ee Verbued vu Glyphosat.

No engem Skandal wéinst der Verseuchung vum Grondwaasser duerch den Herbizid Metazachlor gouf an der Landwirtschaft e Pilotprojet lancéiert. Eng Ofwiesslung vu verschiddene Planzenzorte sollt dofir suergen, datt och de Raps an Zukunft nach kann zu Lëtzebuerg ugebaut ginn, sou de Fernand Etgen. Un dësem Projet wären de Fuerschungsministère, den Ëmweltministère an de Landwirtschaftsministère bedeelegt.

Fernand Etgen

Am nationale Pestizideplang gëtt eng Agenda festgeluecht, awer och konkret chiffréiert Ziler a Punkto Reduzéierung vu Sprëtzmëttel. Iwwerdeems wären obligatoresch Formatioune virgesinn, esou de Fernand Etgen: "Baueren a Wënzer, awer och Betriber mat groussen Terraine sollen duerch eng besser Formatioun responsabiliséiert ginn."

An der Woch vum 11. Abrëll gëtt den Aktiounsplang Pestiziden an den Zeitunge publizéiert. Da kann ee während zwee Méint en Avis dozou ginn. Duerno gëtt gekuckt, ob de Plang nach kann ugepasst ginn.


Audio: Bäitrag vum Carole Schimmer vum 18. Mäerz 2016