Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Calexico - Crystal Frontier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir brauche SpaceX"

SES

"Mir brauche SpaceX"

​Op der amerikanescher Weltraum-Statioun Cape Canaveral ass den 1. September eng Rakéit vun der Firma SpaceX explodéiert. Eng Firma mat där de Satellittebedreiwer SES zesummeschafft fir mat enger recycléierter Rakéit e Satellit ze lancéieren.

auto_stories

2 min

Den éischten Deel vun der recicléierter Rakéit kann zeréck op der Äerd landen. Foto: SpaceX

SpaceX war am gaangen d’Rakéit op eng Missioun virzebereede bei där en israelesche Satellit an de Weltraum sollt bruecht ginn, wéi et zu der Explosioun koum.

Enn des Joers ass de Lancement vun engem SES-Satellit mat der Firma geplangt. De Virfall vun der Explosioun hätt nëmme wéineg Konsequenze fir d’Société européenne des satellites, esou de Markus Payer, Pressespriecher vun SES. "Mir zielen op SpaceX, mir Vertraue SpaceX, mir brauche SpaceX."

D'Rakéit déi explodéiert wier, wier nëmme fir den eemolege Gebrauch geduecht gewiescht. "Et war net déi, déi soll fir de Lancement vum SES-Satellit genotzt ginn."

SES plangt mat enger Rakéit "Falcon 9" vu SpaceX de Satellit Enn des Joers op Orbit ze setzen.

Op de Virfall vun der Explosioun eppes um Zäitplang ännert, kann de Markus Payer net soen, "SpaceX schafft säit dem Ongléck un der Auswäertung. Et mussen Dausende vun Daten ausgewäert ginn an och d'Schied musse bestëmmt ginn." SES géing an enkem Kontakt mat SpaceX stoen. Et wier méiglech datt SES op eng aner Startplaz auswäiche kéint fir de Satellit SES 10 ze transportéieren, seet de Markus Payer.

Eng recycléiert Rakéit

SES hat annoncéiert datt si déi éischt Entreprise wier, déi ee geostationäre Satellit mat enger recycléierter Rakéit wéilt an de Weltraum transportéieren. Déi éischt Etage vun der Rakéit kéint kontrolléiert zeréck op der Äerd landen.

Dat wier eng Innovatioun, erkläert de Markus Payer."Et ass schonn a villen Tester gelongen a mir setzen elo dorop. Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht."

Domat kéint een net nëmme Käschte spueren, mee et stéingen der SES méi a méi séier Träger-Rakéiten zur Verfügung, esou de Markus Payer. "Et kann een och europäesch Rakéite benotzen. Eventuell kéint een och russesch Rakéite genotzt ginn. Oder et sti méi Rakéite vun engem Hiersteller zur Verfügung"Deemno wier et fir SES e groussen Avantage, datt een déi selwecht Rakéit méi wéi eng Kéier kéint benotzen, ënnersträicht de Markus Payer.


De Markus Payer am Interview mam Carole Schimmerplay_arrow