Radioen

On air

Notturno  |  Fatima Al Qadiri - Mojik (Your Waves)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hunn nach 50 Joer Zäit"

Klimawandel

"Mir hunn nach 50 Joer Zäit"

Fir de Klimawandel war 2015 nees e Rekordjoer: Déi amerikanesch Meteorologies-Gesellschaft Noaa huet d'Erkenntnisser vu Klimafuerscher aus der ganzer Welt an engem Rapport zesumme gedroen. Si kënnt zur Konklusioun: De Klimawandel spillt sech virun eisen Aen of.

auto_stories

3 min

Julian Klaus

Fir de Julian Klaus, Fuerscher um Lëtzebuerger Institute of Science and Technology LIST, weist deen amerikanesche Rapport, dass sämtlech Indikateuren, déi déi als Zeeche vum Klimawandel gëllen, vu Joer zu Joer zouhuelen. Och d'Joer 2016 géif riskéiere bei den Temperature nees Rekorder ze briechen, seet de Julian Klaus.

2015 net just dat wäermste Joer

Déi amerikanesch Meteorologies-Gesellschaft Noaa hällt an hirem 26. State of the climate Rapport fest:

  • 2015 war dat wäermste Joer, dat jee gemooss gouf. Déi global Duerchschnëtts-Temperatur ass elo 1 Grad Celsius méi héich, ewéi virun der Industrialiséierung.
  • D'Temperatur vun den Ozeaner huet nei Rekorder erreecht, d'Waasser am Nordpolarmier louch am August 8 Grad Celsius iwwert der Moyenne.
  • De Niveau vun de Mierer ass op e neien Héchst-Stand geklommen an ass elo ronn 70mm méi héich ewéi d'Moyenne vum Referenzjoer 1993.
  • D'Duerschnëttskonzentratioun vun CO2 ass zu Mauna Loa op Hawaii eng éischte Kéier iwwert déi symbolesch Mark vu 400 ppm geklommen.
  • D'Alpe-Gletscher si fir dat 36. Joer hannereneen zeréckgaangen.
  • Iwwer 50 Prozent vun der Äis-Surface vu Grönland si geschmolt.

Nach 50 Joer Zäit

Am Klimaaccord vu Paräis hunn 195 Länner sech am November 2015 derzou engagéiert, Mesuren ze huele fir d'Äerderwäermung op maximal 2 Grad Celsius par Rapport zum pre-industriellen Zäitalter ze limitéieren.

Wéi de Julian Klaus seet, géiffe senger Meenung no nach onegféier 50 Joer Zäit bleiwen, fir den Engagement vun de maximalen 2 Grad Erwäermung ëmsetzen.

Méi Reen zu Lëtzebuerg

Deen extreme Reen, deen am Ärenzdall eng katastrophal Sturzflut provozéiert huet, ass ee vun villen extreme Wieder-Phenomener, un déi d'Leit zu Lëtzebuerg sech an Zukunft wäerte gewinne mussen.

Et kéint een zwar kéng direkt Correlatioun tëscht de Sturzfluten am Ärenzedall, oder nach den Iwwerschwemmungen zu Déifferdeng a Munneref , mam Klimawandel maachen, seet de Julian Klaus. Fakt wier awer: Wann d'Temperature klammen, kënnt méi Energie an d'Atmosphär. An dat bréngt méi staarke Reen mat sech. Miessungen an de leschte Jore géifen dat konfirméieren: Virun allem am Wanter fält däitlech méi Reen zu Lëtzebuerg.

Landwirtschaft muss sech upassen

Zu de Reaktiounen op e Klimawandel an der Ëffentlechkeet huet de Julian Klaus, Fuerscher um Lëtzebuerger Institute of Science and Technology, perséinlech den Androck, dass vill Leit hautzedaags soen, "domat musse mer liewen".

Et géif awer och konkret reagéiert ginn. A Süddäitschland, eng 250 südlech vu Lëtzebuerg, zum Beispill, géif Landwirtschaft driwwer nodenken, sech op deen ëmmer méi "mediterrane" Klima unzepassen. Do géife ganz konkret Iwwerleeunge lafe fir an Zukunft, wéint deene méi waarmen Temperaturen, aner Zorte vu Planzen an der Landwirtschaft unzebauen.

Interview mam Julian Klausplay_arrow