Flüchtlingen "Mir hunn an eise Länner d’Grënn fir e gutt Liewe verluer"

"Refugees Welcome?" – dat ass den Titel vun enger rezenter Diskussiounsronn, déi vu forum organiséiert gouf. Invitéiert waren och jonk Flüchtlingen, déi erzielt hunn ob a wéi sich sech zu Lëtzebuerg wëllkomm spieren.

Public Forum- Refugees Welcome.jpg

Eng vun de Réfugiéen, déi un der Ronn deelgeholl hunn, ass d'Nour. Déi jonk Fra ass viru Kuerzem op Lëtzebuerg komm a lieft de Moment am Foyer Lily Unden um Lampertsbierg. Si fillt sech do eegenen Aussoen no gutt opgehuewen – a wëllkomm.  D'Nour ass Iwwersetzerin, schwätzt fléissend Englesch, Spuenesch an Italienesch.  Dat ass e grousse Virdeel an hiren Aen: "Franséisch ze léieren ass fir mech net schwéier" seet si.

Mee d'Nour kennt och den Debat deen d’Flüchtlingsproblematik an der Europäescher Unioun ausgeléist huet. An huet de Besoin fir fir Versteesdemech ze froen."Ech verstinn d’Ängscht déi Dir vläit hutt. Zemools wann Dir vun de Medien beaflosst sidd. Mir brauchen Zäit fir Iech ze weisen, datt mir sou sinn wéi mir sinn. Mir hunn eis Famillen, eis Kultur, mir si net heihi komm fir eng Laascht ze sinn fir Iech oder Är Regierung. T’ass méi sou datt mir an eise Länner d’Grënn fir e gutt Liewen verluer hunn, a mir déi lo hei sichen".

"Et ass net sou einfach, alles hannert sech ze loossen"

Dee Besoin fir ze erklären firwat hien hei ass, huet och de Nazar, och e jonke Syrer deen zanter bal engem Mount zu Lëtzebuerg lieft. "Dir musst wëssen: et ass net sou einfach, alles hannert sech ze loossen, säi Land, seng Famill, säin Job, einfach alles...an da mat näischt heihin ze kommen", seet hien.

Fir déi meescht Leit aus dem Publikum vun der Diskussiounsronn war et eng nei Erfahrung dës Iwwerleeungen direkt vun engem Concernéierten ze héieren. Op d’Fro vun de Moderatoren vun der Diskussiounsronn, ob et fir d’Leit am Publikum den Owend déi éischte Kéier ass, datt si mat Flüchtlingen a Kontakt kommen, wénken der net wéineg “jo”.

"Et ass wéi eng normal WG"

Allerdéngs waren och eng Rei Leit am Raum, déi sech scho méi laang engagéieren, fir et Flüchtlingen ze erlaben zu Lëtzebuerg Fouss ze faassen. Dorënner d’Geneviève, wat am Februar zwee Flüchtlingen bei sech opgeholl huet, een aus Syrien an een aus Erithrea. Dat ass fir déi jonk Lëtzebuergerin näischt Ongewéinleches – am Géigendeel. "Et ass wéi eng normal WG. D’Leit soen mir oft, ech hätt awer Courage. Ech mengen net, datt dat sou ass. Ech vertrauen just de Leit", seet déi jonk Fra.

D’Geneviève huet hier Matbewunner per Zoufall iwwert hir Aarbecht kennegeléiert. Et hätt een sech einfach fonnt, wichteg wier deemools wéi haut datt een sech op Englesch verstännege kann. Lo zielt si déi zwee Männer zu hire Frënn. Wéi alles ugefaang huet, war si frou, datt et onkomplizéiert war fir déi zwee opzehuelen. Datt dat sech lo ännert, fënnt d’Genevivève net gutt.

Den Aitan, de syresche Matbewunner vum Geneviève, seet, et hätt him vill gehollef, beim Geneviève opgeholl ze ginn. Et wier doduerch méi einfach gewiescht fir sech zu Lëtzebuerg ze integréieren. "Ech hunn [dem Geneviève] séng Famill a Frënn kennegeléiert, ech hu gesinn wéi d’Lëtzebuerger mat Réfugiéë ëmginn. An ech hu gesinn, datt d’Leit eis net haassen an eis net fir geféierlech fannen – well dat war eis Angscht", seet den Aitan.

Initiative coordinéieren

Och Djuna ass eng engagéiert Fra. D’Grënnerin vun der Facebook-Plattform “Refugees Welcome”, déi an Zäit vun e puer Deeg zu engem Symbol vun der Solidaritéit mat Flüchtlingen ginn ass, ass och der Meenung, datt spontan Iddien fir ze hëllefen sollen op onbürokrateschem Wee kënnen ëmgesat ginn. Där Iddien sinn der iwwert hier Facebook-Säit vill un d’Djuna erugedroen ginn.

Déi jonk Fra ass awer der Meenung, datt déi verschidden Initiativen sollen openeen ofgestëmmt ginn: "Et muss coordinéiert sinn. D’Flüchtlinge musse gefrot ginn, wat si eigentlech wëllen. Et sollt net Top-Down vun der Lëtzebuerger Gesellschaft decidéiert ginn".

Ass wierklech alles gutt?

Aus de Reien vum Publikum vun der Diskussiounsronn sinn awer och méi kritesch, nodenklech Stëmme komm. Eng jonk Fra huet op d’Haass-Kommentarer opmierksam gemaach, deen op de soziale Medien an soss Internetplattformen ze liesen sinn – och zu Lëtzebuerg. D’Djuna sot dozou datt si op hirer Säit “Refugees welcome” zwar kritesch Kommentaren stoe gelooss hätt, awer de sougenannten Hate-Speech geläscht hätt.

En Här aus dem Publikum huet sech generell mat grousser Suerg iwwert d’Flüchtlingsproblematik geäussert – an domat och iwwer de Contenu vun de Gespréicher op dem Owend. "Wann ech hei sou nolauschteren hunn ech d’Gefill alles wier gutt a jiddereen wier frou. Ech mengen: de gréisste Problem vun der Migratioun ass den Duercherneen deen entsteet. Wa mer doriwwer diskutéieren, wéi mer Flüchtlingen sollen Wëllkomm heeschen, da musse mer och iwwer Zuele schwätzen", sou den Uwe.

"Fridden a Syrien an am Irak"

Am Mount September hunn 374 Leit hei zu Lëtzebuerg Asyl ugefrot. D’läscht Joer waren et deeselwechte Mount 134 Mënschen. Déi Tendenz gëllt de rezentesten Zuelen no och fir d’Summerméint.

Den Affekot Frank Wies huet awer an deem Kontext en Opruff gemaach fir ze nuancéieren, a virsiichteg sinn, mat der eegener Angscht. Hien mécht och drop opmierksam, datt déi zueleméisseg Tendenz wuel kaum bis an de Wanter eran wäert undaueren. An op d'Fro vum Uwe, wéi een dofir suerge kann, datt manner Flüchtlingen an d'Land kommen, äntwert de Frank Wies: "Maacht Fridden a Syrien an am Irak".

Sinn d’Flüchtlingen also wierklech wëllkomm zu Lëtzebuerg? Den allermeeschten Aussoen vun de Bedeelegten vun der Diskussiounsronn no, jo. Eng endgülteg Äntwert ass dat awer mat grousser Wahrscheinlechkeet net.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen