Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Monsanto-Bayer kéint Landwirtschaft nach méi ofhängeg maachen

Wirtschaft

Monsanto-Bayer kéint Landwirtschaft nach méi ofhängeg maachen

Den US-Konzern Monsanto produzéiert den “Onkrautkiller”, deen am meeschte benotzt gëtt, an zwar de Produit mam Markennumm “Roundup” an deem de Wierkstoff Glyphosat ass. Monsanto kéint demnächst vum däitsche Grupp Bayer iwwerholl ginn. D'Tessy Steffen-Koenig mengt, datt duerch eng Fusioun vu Monsanto a Bayer, d'Landwirtschaft nach méi ofhängeg vum Pestizid kéint ginn.

auto_stories

5 min

De Chimie- a Pharmakonzern BAYER vu LEVERKUSEN huet eng Offer gemaach fir den US-Konzern Monsanto ze kafen. D’Strategie dohannert ass kloer: Bayer wëll säin eegent Agrar-Geschäft ausbauen. Monsanto ass nämlech staark an den USA vertrueden, Bayer dogéint an Europa an Asien. Zesummen ergänzen déi béid Gruppe sech. Wann et zu enger Fusioun kënnt, da géingen si dem Wall Street Journal no, ronn e Véirel vum weltwäit verkaafte Geseems a vun de weltwäit verkaafte Pestiziden ausmaachen. Mat Monsanto zesummen, géing Bayer an der Agrarwirtschaft also eng vill méi grouss Roll spillen wéi bis elo. Donieft géing den Zesummeschloss och Monsanto “retten”. De Pestizid-Hirsteller aus den USA erlieft nämlech grad eng schwiereg Phase a baut Aarbechtsplazen of.​

Ëmstriddene Glyphosat

Déi geplangte Fusioun tëschent BAYER a MONSANTO gëtt vun Ëmweltschützer staark kritiséiert: “Gentechnik a Pestizide si keng Zukunfts- mee Risikotechnologien”, esou zum Beispill de grénge Fraktiounschef an Däitschland, den Anton Hofreiter.

Dat chemescht Mëttel Glyphosat steet am Verdacht kriebserreegend ze sinn. En neie Rapport huet Mëtt Mee Entwarnung op dësem Punkt ginn, mee och hei sti Lobbyiste vun de grousse Pestizid-Produzenten dohannert. Déi nei Etude gouf vum “Joint Meeting on Pesticide Residues” erausbruecht. D’JMPR ass en Deel-Organ vun der Weltgesondheetsorganisatioun a vun der Ernährungs- a Landwirtschaftsorganisatioun vun der UNO. Anescht wéi déi zwou éischt, huet dës nei Etude de Wierkstoff Glyphosat net selwer bewäert, mee d’Réckstänn vu Glyphosat an de Liewensmëttel. An déi sinn hirer Meenung no net kriebserreegend. Dësen Ënnerscheed ass zentral a muss verdäitlecht ginn.​

D’Onkrautvernichtungsmëttel Glyphosat ass e staark ëmstriddenen Herbizid. Och de 19. Mee sinn d’EU-Memberstate sech jo zu Bréissel net Eens ginn, ob d’Zouloossung vu Glyphosat an der Europäescher Unioun no Enn Juni verlängert gëtt oder net. De Vote gouf verréckelt.

Drock duerch Lobbyisten

​D’EU-Kommissioun kritt Drock gemaach. Vu Bauereverbänn a Pestizidproduzenten, wéi zum Beispill Monsanto, DuPont oder Syngenta. Déi dräi grouss Firmen kontrolléieren e groussen Deel vum Weltmarché a stelle Patenter op Som a Liewensmëttel aus. Dat huet eng grouss Ofhängegkeet vun de Baueren a Konsumenten als Konsequenz. Donieft schwätze Lobbyiste vu Monsanto a Bayer regelméisseg bei der EU-Kommissioun. Dat gouf och vun der Kommissioun selwer confirméiert.

Nieft de Pestizidhirsteller mécht och den europäeschen Daachverband vun de Bauereverbänn a ländleche Genossenschaften, COPA-Cogeca Drock op d’EU-Kommissioun a verlaangt, datt Glyphosat weider um EU-Marché zougelooss gëtt. Dëse Wierkstoff wier nämlech en zentrale Bestanddeel vun der Landwirtschaft. D’Baueren an der EU fäerten donieft eng onfair Konkurrenz duerch Drëttlänner, wann an der Europäescher Unioun kee Glyphosat méi dierft benotzt ginn. Et gi Méiglechkeeten op chemesch Mëttel ze verzichten, awer zum groussen Deel net mat deene Maartpräisser vun de Liewensmëttel, mat deenen d’Baueren de Moment musse liewen.​

Duerch een eventuellen Zesummeschloss vu Bayer a Monsanto géing d’Landwirtschaft vu grousse Pharma- an Chimiekonzerner nach méi dominéiert ginn. An d’Ofhängegkeet vun de Bauere géing weider wuessen.