arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ MUDAM: Josée Hansen net méi am Verwaltungsrot

Musée d’Art Moderne Grand-Duc

|
reading time

1 min

MUDAM: Josée Hansen net méi am Verwaltungsrot

D’Josée Hansen huet aus dem MUDAM-Verwaltungsrot demissionéiert: Schwéieren Häerzens hätt si déi Decisioun der Presidentin vum Musée, der Prinzessin Stéphanie an dem Premier Xavier Bettel e Sonndeg matgedeelt, esou d’Journalistin.

reading time

1 min

D’Josée Hansen huet präziséiert, datt d’Demissioun aus dem MUDAM-Verwaltungsrot näischt mat der Entscheedung vum Conseil ze dinn hätt, fir dem Direkter Enrico Lughi d’Vertrauen auszeschwätzen. Déi Entscheedung wier eestëmmeg gewiescht.

Nom Virfall Lunghi-Schram hätt si awer gemierkt, datt et deontologesch extrem schwéier gewiescht wier, als Haapt-Kulturjournalistin vun der Zeitung Lëtzebuerger Land gläichzäiteg Member vum Verwaltungsrot vum "Musée d’Art moderne Grand-Duc Jean" ze sinn, huet d’Josée Hansen explizéiert.

Zwou Deontologien

D'Journalistin schwätzt vun enger "onméiglecher Situatioun". Als Administrateur dierft een näischt aus dem Conseil no baussen droen an als Journalistin wéilt een esou vill wéi méiglech transparent maachen. Béid Deontologië stéinge sech géintiwwer.

Wéi si d’Nominatioun am Januar dëst Joer ugeholl hat, wier si sech och net bewosst gewiescht, wéi vill gesellschaftlech, politesch an ekonomesch Pressioun op de MUDAM gemaach géif ginn. De Kulturstaatssekretär Guy Arendt hat d’Josée Hansen gefrot, fir Member vum Verwaltungsrot ze ginn.

Tëschent 2004 an 2014 war d’Josée Hansen President vun der Rockhal.


play_arrow Josée Hansen