Radioen

On air

De Moien  |  Cornershop - Brimful Of Asha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Muechtkampf

Zukunft vun der Police Judiciare

Muechtkampf

Wie gëtt neien Direkter vun der Police Judiciaire? Firwat huet de Jeff Neuens misse virun annerhallwem Mount demissionéieren a wéi eng nei Aufgab kritt hien? Äntwerten dorop muss den Etienne Schneider dësen Donneschdeg um 14 Auer an den zoustännege Chamberkommissioune ginn. D'CSV hat am August gefrot, fir vum Minister fir bannescht Sécherheet Kloerheet ze kréien. De Muechtkampf iwwer d'Kontroll iwwer d'Police Judiciare ass Recherchë vum radio 100,7 no ee vun den Hannergrënn fir d'Demissioun vum Jeff Neuens.

auto_stories

4 min

De Jeff Neuens huet als PJ-Direkter enk mam Parquet a mat der Gewerkschaft APPJ zesummegeschafft fir e.a. d'Police Judiciaire méi enk un d'Justiz ze bannen a manner enk un d'Policedirektioun. Wesentlech Punkten, iwwert déi de Parquet Général, de Jeff Neuens an d'APPJ sech eens waren, stoungen awer net am Avant-Projet de loi vun der Police-Reform, deen de Minister Schneider Enn Juli un déi concernéiert Acteure verschéckt huet.

Dowéinst hunn d'Procureure Générale Martine Solovieff, d'APPJ an de Jeff Neuens op getrennte Weeër protestéiert. Ob dat eng concertéiert Aktioun war, ass eis net bekannt. Mä de Jeff Neuens krut op jiddefall dono vum Minister virgeheit, net loyal par rapport zum Minister an dem Police-Generaldirekter gewiescht ze sinn, an huet wéinst engem Vertrauensbroch misse goen.

Solovieff kritt Satisfaktioun

D'Procureure Générale, déi verschidde Positiounen aus dem Jeff Neuens sengem 116-Säiten décken Aarbechtspabeier iwwer d'Policereform deelt, krut awer Satisfaktioun an den Text ass zwee Deeg, ier en an de Regierungsrot gaang ass, vum Etienne Schneider a vum Justizminister Felix Braz ugepasst ginn. D'Ausso vum Minister Schneider, datt d'Martine Solovieff "dee falschen Text" geschéckt kritt hätt, gëtt iwwerdeems vu méi Sourcën a Fro gestallt: all déi concernéiert Parteien hätten dee selwechten Avant-Projet de loi gehat. Eréischt am Gesetzesprojet, deen iwwert e Mount méi spéit an der Chamber deposéiert gouf, hunn déi concernéiert Leit gemierkt, wat d'Ministere Braz a Schneider Ufank August ouni nei Consultatioun vun de Verhandlungspartner nach geännert hunn.

D'Policegewerkschaft SNPGL huet am 100,7-Interview confirméiert, datt d'Justiz am Gesetzestext vun der Police-Reform méi Kontroll iwwer d'Police Judiciaire huet, wéi nach am Avant-Projet de loi virgesinn. An den zwee Texter, déi eis virleien, ginn et a punkto Police Judiciare gréisser Ännerungen.

Méi Matsproocherecht fir d'Justiz

An der neier Versioun huet d'Justiz e grousst Matsproocherecht bei den Nominatiounen an der PJ. De "Comité d'accompagnement", dee vum Procureur Général presidéiert gëtt an an deem och d'Policedirektioun vertrueden ass, kritt am Artikel 51 d'Attribution:

  • "d'aviser les candidatures pour les postes les plus importants de la Police en matière de police judiciaire (directeur central de police judiciaire, directeur et directeur adjoint du Service de police judiciaire, chefs de département, chefs de section)."

Donieft gesäit de Gesetzesprojet elo vir, datt d'Justiz iwwert déi strukturell Organisatioun vun der PJ matschwätzen dierf:

  • "Le SPJ est divisé en départements qui sont subdivisés en sections. Le nombre de départements et de sections ainsi que leurs missions respectives sont déterminées par le directeur du SPJ sur avis du comité d'accompagnement".

Am Avant-Projet de loi war dat anescht. Do war d'Struktur mat de verschiddenen Departementer gesetzlech definéiert an de Comité d'accompagnement, ënnert der Presidence vum Parquet Général, hat deemno kee Matsproocherecht fir Ännerungen.

Gewaltentrennung?

Et geet net, datt dee geplangte Begleed-Comité, dee vum Procureur Général soll presidéiert ginn, bei all wichteger Nominatioun an der Police Judiciaire soll en Avis ofginn, an zwar wéinst der Gewaltentrennung, mengt de Pascal Riquier, President vun der Policegewerkschaft SNPGL. Grad bei de Cheffe vun Departementer a Sektiounen dierften d'Justizautoritéite sech net amëschen. Dat wier d'Aufgab vum Verwaltungschef. Dee Punkt wier schonn an den Aarbechtsgruppen diskutéiert ginn an et wier kee Konsens fonnt ginn, esou de Pascal Riquier.

D'Procureure Générale hat während den Aarbechten un der Policereform souguer eng nach méi déifgräifend Ännerung virgeschloen. D'Martine Solovieff huet eisen Informatiounen no proposéiert, datt un der Spëtzt vun der Police Judiciare sollt e Magistrat stoen. Eppes, wat de fréiere Procureur Général Robert Biever schonn an d'Gespréich bruecht hat. De Minister Etienne Schneider war an den Diskussiounen iwwer d'Policereform awer net bereed, op dee Wee ze goen.

De Muechtkampf iwwer d'Kontroll iwwer d'Police Judiciare gëtt schonn zënter Joere gefouert. Eng gréisser ëffentlech Debatt gouf et awer nach net. Ënnert anerem am Bommeleeërprozess sinn Tensiounen tëscht Justiz a Policedirektioun wéinst der Struktur vun der Police Judiciare un d'Liicht komm.

D'Enquêteure vun der Kriminalpolice schaffen am Optrag vun der Justiz. Administrativ ënnersti si awer der Policedirektioun. Eng duebel Hierarchie, déi och bei den Aarbechten un der Policereform nees fir Tensiounen a Muechtkämpf an de Kulisse gesuergt huet.