Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Last Frontier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach ëmmer iwwerbeluecht

Prisong

Nach ëmmer iwwerbeluecht

De Schraasseger Prisong ass chronesch iwwerbeluecht, esou den neien Direkter. De Michel Lucius begréisst déi geplangte Reform vun der Prisongsverwaltung a vum Strofvollzug. Hie kritiséiert awer, datt ëmmer nach Mannerjäreger mat Erwuessenen agespaart kënne ginn. Beim SCAS, dem Service central d’assistance sociale, géif et dernierft grave Problemer ginn, well net genuch Personal do wier.

auto_stories

4 min

Michel Lucius, Direkter vum Prisong zu Schraasseg

D’Haaptqualitéite fir e Prisongsdirekter wiere Mënschlechkeet a Managerfäegkeeten, seet de Michel Lucius. Hien huet den 1. November d’Successioun un der Spëtzt vum Prisong iwwerholl, nodeems de Vincent Theis an d'Pensioun gaangen ass. De Michel Lucius war virdru véier Joer laang Fizedirekter Schraasseg.

628 Prisonéier sinn aktuell am Centre pénitentiaire de Luxembourg ënnerbruecht. De Prisong war ursprénglech fir 600 Detenue gebaut ginn. "Dat ass eng Belaaschtung fir d’Leit, déi do schaffen a fir d’Detenuen", seet de Michel Lucius. An de leschte Jore géif d’Zuel vun de Prisonéier stagnéieren. E Pic hätt et 2007 ginn, mat iwwer 750 Detenue, Gewenich derbäi gezielt (wou aktuell 90 Detenue sinn). Aktuell sinn dem Direkter no zu Schraasseg méi Prevenuen (Persounen an Untersuchungshaft) wéi Condamnéierter.

Iwwerlaascht

D’Iwerbeleeung ass fir de Michel Lucius eng Haaptursaach fir d’Gewalt am Prisong - esouwuel tëscht de Prisonéier, wéi géigeniwwer dem Personal. Lëtzebuerg hätt am Verglach mam Ausland eng grouss Prisongspopulatioun. Dat hätt domadder ze dinn, datt vill Prisonéier aus dem Ausland kéimen. "Déi kommen hei hin a maachen hir Geschäfter hei. Op dat Déifstall ass oder op dat Drogendelikter sinn. Wa si Pech hu gi si zu Lëtzebuerg erwëscht, an dann och hei agesat”, seet de Michel Lucius.

Uganks September gouf et eng Revolt am Prisong, déi mat Hëllef vun der Police no fënnef Stonnen ofgeschloss war. Deen Incident wier dee Schlëmmste vun där Zort gewiescht. "Mee ech fäerten, mir mussen domadder rechnen, datt sech dat an Zukunft nach ka widderhuelen." Am rezente Fall hätten d'Detenue keng Revendicatioune gestallt, si hätte just rebelléiert, betount de Prisongsdirekter.

Et géifen zu Schraasseg Prisonéier ginn, mat grave Perséinlechkeetsstéierungen, déi an engem Prisong schwéier ze geréiere wieren, esou de Michel Lucius. Et wier ugeduecht fir mat der der Restrukturatioun vum Centre pénitentier vu Schraasseg eng speziell Unitéit ze schafe fir schwiereg Detenuen. Haut wiere si zesumme mat deenen anere Prisonéier ënnerbruecht. "Eréischt wann de Prisong vum Uerschterhaff zu Suessem opgeet, kann dat besser ginn."

Nei Verwaltung, reforméierte Strofvollzug

D’Prisongsreform war 2012 vum deemolege Justizminister François Biltgen lancéiert ginn. Den 31. August huet de grénge Justizminister Felix Braz zwee nei Gesetzprojeten an der Chamber deposéiert: Een iwwert d’Reorganisatioun vun der Verwaltung an een iwwert d’Reform vum Strofvollzug. An Zukunft soll d’Direktioun vun den dräi Prisongen (Schraasseg, Givenich an Uertchterhaff) onofhängeg vum Parquet sinn. Gläichzäiteg soll de Strofvollzug awer ënnert der Autoritéit vum Parquet général bleiwen.

Den neien Direkter vum Prisong vu Schraasseg begréisst déi Opdeelung. De Michel Lucius mengt net, datt et zu Problemer kéint kommen. Den aktuelle System vum Strofvollzug, deen och an Zukunft soll weidergefouert ginn, géif eng gewësse Flexibilitéit am Alldag erlaben, esou de Michel Lucius.

Am éischte Gesetzprojet 2012 ënnert dem deemolege Minister François Biltgen war dem Michel Lucius no eng Judiciarisatioun vum Strofvollzug geplangt. Eng vum Parquet onofhängeg "Chambre de l'application des peines" no franséischem Modell war virgesinn. Dorops hat de Staatsrot an engem Avis geschriwwen, de Parquet général - dee bis elo nach fir den Aménagement des peines zoustänneg ass - géif vill méi Flexibilitéit erlaben, wéi de franséische System. "Dat stëmmt och, mir fueren haut mam Parquet général wat den Aménagement des peines ugeet ganz gutt", esou de Prisongsdirekter.

Senger Meenung no misst de System wéi en elo besteet weider gefouert ginn. "Och wann et vläit um Pabeier net esou gutt ausgesäit, wéi an der Praxis." Et géif awer grad dorëms goen, datt den Detenu um Wee fir an d'Fräiheet, déi néideg Hëllef géif kréien.

Ëmmer nach Mannerjäreger zu Schraasseg

Am Prisong sinn 20 Sozialaarbechter ugestallt. Dat géif duer goe fir aktuell Dossieren z'evakuéieren. Um Niveau vum Service central d’assistance sociale (SCAS), déi dem Parquet ënnersteet, wier dat anescht. Do géif et grave Problemer bei den Effektiver ginn.

Véier Mannerjäreger sinn aktuell zu Schraasseg agespaart, seet de Michel Lucius. D'Personal hätt an engem Prisong dee fir Erwuessener geduecht wär, net vill Moyene fir mat hinnen ze schaffen. " Mir wäre frou wa keng Mineuren zu Schraasseg wieren", bedauert den Direkter.