Radioen

On air

Notturno  |  Shabason, Krgovich & Harris - I Don't See The Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach keen Accord fir privat Buschaufferen

Transportsecteur

Nach keen Accord fir privat Buschaufferen

D'Verhandlungen ëm en neie Kollektivvertrag fir privat Buschauffere sinn an enger Sakgaass, sou den OGBL. Mam Patronat geséich ee keng Méiglechkeet fir ze verhandelen. Den Dossier wier elo op der Conciliatioun, sou den OGBL an den LCGB. Knackpunkt vun den Diskussioune wier d'Dagesaarbechtszäit vun de Buschaufferen.

auto_stories

2 min

Am Virfeld vun de Verhandlunge wär ee sech net eens bei engem Règlement Grand-Ducal, dee Mini-Pause soll erlaben, erkläert de Jean-Paul Baudot vum LCGB. D'Patronat hätt déi obligatoresch Paus vu 45 Minutten no 4 1/2 Stonne Fuere wëllen duerch eng Paus vun aacht Minutten ersetzen. Allerdéngs nëmme bei Tier ënner 50 Kilometer am Dag.

Gewerkschaften a Patronat wiere ganz no un engem Accord gewiescht, erkläert de Jean-Paul Baudot. Et hätten de Gewerkschaften awer déi néideg Garantië gefeelt. "Wann een aacht Minutte Pausen-Tricke mécht, muss ee wëssen, datt d'Linne Verspéidung hunn." Ee Risiko wier, datt sou Pause géife genotzt ginn, fir Retarden opzefänken, déi duerch de Verkéier entstane wieren.

Datt een no un engem Accord gewiescht wier, confirméiert och d'Federatioun vun de Bus-Entreprisen (FLEAA). Et géif een net verstoen, firwat d'Gewerkschaftler net ënnerschriwwen hätten, sou de Sekretär Marc Wiltgen. Den 22. September treffen déi zwou Parteie sech mam Transportminister. Bei engem Konsens vu béide Säite wier de François Bausch bereet ze legiferéieren. Dat soten d'Gewerkschaftler dem radio 100,7.

Sträit iwwer Amplituden

D'Verhandlungen iwwert de Kollektivvertrag géifen eréischt lass goen, wann ee sech iwwert de Règlement Grand-Ducal eens wier, sou d'FLEAA. Fir d'Gewerkschafte bedeit dat, datt hir jorelaang Fuerderung fir d'Amplitude vu 14 op zéng Stonnen erofzesetzen, net erfëllt gëtt. Dat ass déi Zäit, wou de Buschauffer sengem Patron muss zu Verfügung stoen.

Dowéinst hätt een den Dossier op d'Conciliatioun geschéckt, erkläert de Romain Daubenfeld vum OGBL. Et wier méiglech, fir aner Pläng ze maachen. Awer dat wier mat vill Aarbecht verbonnen. Dowéinst wéilt d'Patronat net iwwer d'Anmplituden diskutéieren.

D'Patronat léist déi Kritik awer net gëllen. D'FLEAA géif net express blockéieren, esou de Marc Wiltgen. Alles an allem sinn 2.000 Mënsche vum neie Kollektivvertrag am private Bustransport betraff.

Bäitrag vum 23.08. (Maxi Pesch)play_arrow