Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Police - Roxanne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach keen Accord um EU-Sommet

"Brexit"

Nach keen Accord um EU-Sommet

D’Zukunft vu Groussbritannien bannent der EU oder eraus (“Brexit”) gëtt zënter gëschter op engem Sommet zu Bréissel diskutéiert. Déi 28 EU Staats- a Regierungscheffe verhandele weider. Eng Analyse nom éischte Sommetsdag vum 100,7-Journalist François Aulner.

md

auto_stories

5 min

David Cameron an Angela Merkel (© The European Union)

Dat lescht Wuert nom éischte Sommetsdag war: “Et goufe Fortschrëtter gemaach, mee haut, eventuell souguer nach de Weekend, mussen d’Knackpunkte nach geklärt ginn.” De polneschen EU-Rotspresident Donald Tusk sot virun der Reunioun: “ça passe ou ça casse”. No zwielef Stonnen Diskussioun um Stéck gouf et en Eenzelgespréich tëscht dem britesche Premier David Cameron, dem Donald Tusk an dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Ganz aussergewéinlech an en Zeeche fir nach vill Divergenzen.

Iwwerdeems hunn Diplomaten a Juristen un enger Propos fir en Accord mat der britescher Regierung weidergeschafft. D’Noriichten Agence Reuters schreift vun engem “surrealistesche Brexit-Sommet”, déi gutt informéiert Financial Times huet e grousse “Brexit-Day” annoncéiert, am Laf vum Owend dunn iwwer näischt neits méi bericht...

Wourunner sinn d’Diskussioune bis elo gescheitert?

U juristeschen an technesche Schwieregkeeten, vläicht souguer un e puer Kommaen. Mee och un nationalpolitesche respektiv ideologeschen Divergenzen. Den David Cameron huet sech an eng geféierlech Situatioun era manövréiert. Hie muss e gudde Reformpak mat heem huele fir d’Gesiicht net ze verléieren. Mee och an deenen aneren EU-Memberstate si Wahlen, déi respektiv Regierunge wëllen och net einfach kleng bäi ginn. Sträit ass an deem Fall programméiert.

D’Fuerderunge vun der britescher Regierung

Den David Cameron huet dem briteschen Elektorat versprach dofir ze suergen, datt d’EU-Memberschaft am Interessi vu Groussbritannie bleift. Dozou gehéiert d’Garantie, datt méi europäesch Integratioun keng Musse-Saach soll sinn.

Zweetens solle Groussbritannien an aner Net-Euro-Staaten beim Zougank zum gemeinsamen EU-Bannemaart net diskriminéiert ginn. Drëttens soll d’Kompetitivitéit gestäerkt ginn. Besonnesch ëmstridden ass dann d’Fuerderung fir d’Sozialleeschtunge fir EU-Bierger a Groussbritannien kënnen anzeschränken.

Um Spill steet méi allgemeng d’Visioun vun Europa: soll et een Europa “à la carte” ginn, oder méi Integratioun? De franséische President Francois Hollande sot bei senger Arrivée en Donneschden zu Bréissel, et géif hei net ëm ee Land goen, mee och em d’Europäesch Unioun am grousse Ganzen. Och aner Staaten, dorënner Lëtzebuerg, gesinn dat ähnlech. D’Reegele musse fir jiddereen déi selwecht sinn, sot de Premier Xavier Bettel.

De britesche Premier huet eng Pandora-Béchs opgemaach

Wa Groussbritannie ka Fuerderunge stellen, firwat net och déi aner Staaten? Et muss ee fäerten, datt populistesch Parteien, wéi de Front National a Frankräich, ähnlech Versprieche maachen. Kontradiktoresch ass et, datt d’EU an der Migratiounskris zu méi Solidaritéit a Kooperatioun opfuerdert, a gläichzäiteg iwwer manner Europa verhandelt gëtt.

Kontrovers ass d’”Sozialleeschtungs-Brems”, déi London wëll aféieren. Zentral schéngt et hei ëm d’Indexéierung vum Kannergeld gaang ze sinn. Ee Beispill: en tschechesche Bierger, deen zu London schafft, géif d’Kannergeld fir seng Kanner doheem net méi indexéiert kréien. Doriwwer eraus stelle sech eng Rei froen: Wéi laang kann déi Sozialleeschtungs-Brems a Kraaft bleiwen? Opgrond vu wéi enge Kritäre gëtt d’Brems duerch d’EU validéiert? Ka se réckwierkend gëllen? Kënnen och aner Memberstaten se ufroen an applizéieren, asw. Besonnesch Memberstaten, vun deene vill Bierger a Groussbritannie liewen a schaffen, di sech mat dëser britescher Fuerderung schwéier. Mat virop Polen, Ungarn, Tschechien an d’Slowakei.

Enjeue fir Lëtzebuerg

Eng rout Linn fir déi Lëtzebuerger Regierung: Een Accord mat Groussbritannien dierft keng Nodeeler fir d’Finanzplaz géigeniwwer der Londoner City mat sech bréngen. De Prinzip vum “level playing field”, also datt kee benodeelegt gëtt, schéngt bei de Verhandlungen allgemeng akzeptéiert ze sinn.

Mat engem Accord ass nach dëse Weekend ze rechnen. Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel huet vu schwierege Kompromësser geschwat, op déi sech eng Rei Memberstate missten aloossen. Um Enn wier ee sech awer eens, datt Groussbritannien an der Europäescher Unioun soll bleiwen. D’Käschte vun engem Kompromëss wieren ëmmer nach méi niddreg déi vun engem “Brexit”.

Ob Groussbritannien EU-Member bleift decidéieren awer déi britesch Wieler. Méiglecherweis schonn am Juni kéint en deementspriechende Referendum ofgehale ginn. D’Rechnung vum britesche Premier muss net onbedéngt opgoen. Och wann hie fir eng Zukunft an der EU plädéiert kéinten d’Wieler äus Protest géint seng Rekommandatioun stëmmen. Britesch Euroskeptiker loosse sech méiglecherweis aus Prinzip net iwwerzeegen.

Nëmme Verléierer bei engem "Brexit"?

Um reng wirtschaftleche Plang schéngt een Austrëtt weder am Interessi vun der EU nach an deem vu Groussbritannien ze sinn. Onsécherheet ass net gutt fir d’Vertraue vun den Investisseuren. Sollt Groussbritannien elo d’EU verloossen, da misst London seng Handelsbezéiunge mat der EU nei verhandelen. D’Europäesch Unioun stellt d’Hallschent vum briteschen Handel duer. Ob Groussbritannie besser ewech kënnt ass manner wahrscheinlech.

Um geopolitesche Plang stellt sech d’Fro, wéi staark ass Groussbritannie baussent der EU, alleng an der globaliséierter Welt? A wéi geet et mat Schottland am Kader vum Vereenegte Kinnekräich weider? Ee Majoritäre Vote a Schottland zugonschte vun der EU-Memberschaft kéint d’Diskussiounen ëm eng schottesch Onofhängegkeet relancéieren.