Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Kaffee Aus Der Küche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chantier op der Pist net ouni Konsequenzen

Findel

Chantier op der Pist net ouni Konsequenzen

D’Planungsaarbechte fir déi nei Pist um Findel lafen op Héichtouren. Am Hierscht soll de Gesetzprojet iwwert de Finanzement vun der Pistesanéirung an der Chamber gestëmmt ginn. D'Sanéierung soll sech vun 2018 bis 2020 zeien. Et rechent ee mat engem groussen Impakt op de Fluchverkéier.

auto_stories

2 min

D'Aarbeschten un der Pist dauere vun 2018-2020. Foto: Bigstock / Erchog

Uganks 2017 sollen d'Viraarbechten um Findel lass goen, sot eis de Roland Fox vu Ponts et Chaussées. Déi grouss Aarbechte fir d’Piste komplett ze sanéiere géingen sech vun 2018 bis 2020 zéien.

Dësen Timing wier awer just an der Theorie realistesch. Géing et zu engem Retard an de Prozeduren oder an enger Soumissioun kommen, da misst de Planning adaptéiert ginn. "Mir mussen am Fréijoer an am Summer schaffen, wann d'Wieder gutt ass." Am Hierscht an am Wanter wieren nämlech d'Konditiounen net ginn, fir d'Aarbechten ze realiséieren, esou de Roland Fox.

Auswierkungen op de Fluchverkéier

Vun 2018 un hätten d’Aarbechten en Impakt op de Fluchverkéier um Findel. "Wann den Entrepreneur op der Pist schafft, dann ass et kloer datt dee Moment kee Fluchbetrib ka sinn. Da kënnen d'Aarbechten och net ënnerbrach ginn." Dofir soll Nuets geschafft ginn, tëschent eelef Auer Owes a sechs Auer Mueres. Dat hätt allerdéngs een Impakt op déi Flich, déi a Verspéidung sinn. Hei gëtt no Léisunge gesicht.

Op d'Fro op extra Konditioune fir déi verschidden Airlinen ausgehandelt ginn, äntwert de Roland Fox, datt d'Fluchgesellschafte wéissten u wee si sech mat enger Reklamatioun misste riichten. "Normalerweis wende si sech dann un de Minister oder de Bedreiwer vum Fluchhafen."

Käschte méi héich

D'Sanéierung vun der Pist um Findel gëtt méi deier wéi bis elo geduecht. Den Infrastrukturminister François Bausch hat bis ewell mat engem Käschtepunkt vu 30 bis 40 Milliounen Euro gerechent.

"Domat geet et definitiv net duer", seet awer de Roland Fox. Déi 40 Millioune géinge sécher iwwerschratt ginn. Weider Detailer wollt de Roland Fox awer keng nennen.


Sanéierung vun der Fluchpist um Findelplay_arrow