Radioen

On air

De Moien  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Subventioune fir Sanéierung

Klimabank

Nei Subventioune fir Sanéierung

Mam Aféiere vun enger Klimabank wëllt d’Regierung d’Albausanéierung fërderen. Et ass keng Bank, mee eng Partnerschaft tëscht dem Staat a konventionelle Bankinstituter, erkläert den DP-Deputéierten Max Hahn. Hien ass Rapporter vum Gesetzprojet iwwert déi nei Klimabank.

auto_stories

2 min

Max Hahn

Bal d'Halschent vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg goufe virun 1970 (also virun der Pëtrolskris) gebaut a sinn net gutt isoléiert. De Logement mécht 15 Prozent vun den CO2-Ausstéiss zu Lëtzebuerg aus. Duerch des d'Klimabank wéilt een och een Deel vun de Klimaschutzziler erreechen, seet de Max Hahn

Prêt ouni Zënse fir d'Albausanéierung

D'Subventiounen déi de Staat fir d'Sanéierung an der Vergaangenheet proposéiert huet, hätten net esou gutt funktionéiert wéi geplangt, wëll d'Stéit d'Aarbechten hätte misste virfinanzéieren, sou den DP-Deputéierten. Mat der Klimabank kréiche mannerbemëttelt Stéit eng Garantie vum Staat an ee gënschtege Prêt ouni Zënse vu maximal 50 000 Euro accordéiert. Derbäi kéim eng Prime vun 10 Prozent an eng gratis Energieberodung.

Och Proprietaire vu Mietwunnengen oder Stéit mat méi héijem Revenu kéinten am Fall vun enger Albausanéierung eng Zënsbonifikatioun ufroen. De Staat géif 1,5 Prozent un Zënse bäi engem Prêt vu maximal 100.000 Euro pro Wunneng bezuelen.

Guichet unique fir sämtlech Bäihëllefen

Op enger eenzeger Plaz zu Hollerech am Guichet unique kéint een an Zukunft eng Berodung oder eng Subventioun am Beräich vum Wunnengsbau oder der Energieeffizienz ufroen. An deem Guichet unique wiere souwuel de Logementsministère ewéi och de Nohaltegkeetsministère vertrueden. Doduerch kéint een direkt op der Plaz konkret gesot kréien, ob ee verschidde Kritären erfëllt fir an de Genoss vun enger Subventioun oder vun engem Klimaprêt ze kommen, sou den Max Hahn.

Qualitéit vun der Sanéierung verbesseren

Ee weidert d’Zil vun der Regierung wier et, datt d'Sanéierung richteg duerchgefouert gëtt. "Et geet net duer eng Fënster z'ersetzen, soss riskéiert een datt d'Mauere fiicht ginn an datt Schimmel entsteet", warnt de Max Hahn. Fir dat ze verhënneren, géife verschidde Bäihëllefen un eng Energieberodung gekoppelt ginn.

Iwwert de LENOZ, déi Lëtzebuerger Nohaltegkeet-Zertifizéierung fir Wunnengen, wéilt den Ëmweltministère iwwerdeems den Asaz vun nohaltegem Baumaterial fërderen. Do géifen et jee no techneschen Installatiounen an no Material weider Subventioune vum Ëmweltministère ginn.