Jonk IS-Kämpfer "Ech wëll net de-radikaliséiert ginn"

Zënter den Attentater den 13. November zu Paräis gëtt an der EU verstäerkt driwwer nogeduecht, wéi ka verhënnert ginn, datt Jonker sech radikaliséieren. D'Belsch ass dat EU-Land, dat proportionell zu senger Populatioun am meeschte jonk Syrie-Kämpfer zielt. Aus der Zivilgesellschaft kommen elo nei Initiativen, déi op den Dialog oder op d'Laachen opbauen, während d'ëffentlech Autoritéite weider iwwerfuerdert schéngen.

Kattalin Landaburu/po

ismael saidi.jpg
Laachen géint Radikaliséierung: Den Ismaël Saïdi wëll mat sengem Theaterstéck "Djihad" Jonker mat Humor opklären (©djihadspectacle.com/)

Fundamental, net radikal

Younes, sou wëll de 27 Joer ale Michaël Delefortrie haut genannt ginn. Hien ass an enger kathoulescher Famill an der Banlieue vun Antwerpen opgewuess. Virun aacht Joer, ass hien zum Islam konvertéiert. 2013 war hie sechs Wochen a Syrien, fir um Djihad Deel ze huelen. No sengem Retour hëlt d'Police hie fest. Als Strof kritt hien dräi Joer Prisong op Sursis.

Als Patron vun enger Bäckerei schéngt hien nees een normaalt Liewen ze féieren. Mee säin Discours bleift radikal: "Fir éierlech ze sinn, bedaueren ech et nees hei ze sinn. D'Situatioun huet sech net verbessert. Ech wëll net de-radikaliséiert ginn. Ech sinn orthodox a fundamental. Dat ännert sech net, wann ech Drock gemaach kréien. Am Géigendeel."

De Montasser Alde’Emeh ass och a Syrien gereest, awer mat engem ganz anere Motiv: Den Islamwëssenschaftler mat palästinenseschen Originë wollt den Alldag vun de jonken Djihadiste besser verstoen. Hien huet een Zentrum fir De-Radikaliséierung opgemaach. Zil ass et, fir weider Departen a Syrien ze verhënneren a fir belsch Kämpfer no hirem Retour nees ze integréieren. Leit also, wéi de Younes. Dem Montasser Alde'Emeh seng Method: Nolauschteren ouni ze jugéieren. "Si kënne mat mir schwätzen, hir Gefiller an hir Frustratiounen ausdrécken", seet hien.

Laachen iwwer Terrorismus

Den Auteur, Acteur a Regisseur Ismaël Saïdi verfollegt dat selwecht Zil mat sengem Theaterstéck "Djihad". Aus ursprénglech fënnef geplangten Opféierungen si mëttlerweil iwwer 100 ginn. 40.000 Leit, dovunner d'Halschent Schüler, hunn d'Stéck gesinn. An der Belsch gëllt d'Wierk als Bäitrag zum Effort, fir d'Radikaliséiere vu Jonken ze verhënneren.

Ugangs waren d'Leit awer skeptesch, zielt den Ismaël Saïdi: "Verschidde Leit hu gemengt, mir géifen de Geck mam Islam maachen. Anerer hu gemengt, mir géifen zum Terrorismus rechtfäerdegen. Mee duerno war jiddereen iwwerrascht, well mir et fäerdeg bréngen, dass een am Stéck vill iwwer déi ganz Saach laacht. An d'Laache rassembléiert."

Politesch Äntwerten

D'Radikaliséiere vu Jonker ass och Thema an engem Rapport, deen de 25. November am Europaparlament no villen Ännerungen um Dokument ugeholl gouf. Besonnesch d'Sozialisten hu gefuerdert, net eleng de Sécherheetsaspekt ze beliichten. Déi portugisesch Europadeputéiert Ana Gomes argumentéiert, dass een den Terroristen an d'Hänn spillt, wann ee kee Wäert op d'Rechter an d'Fräiheete vun de Bierger leet.

De Rapport geet an de grousse Linnen awer an eng aner Richtung. E recommandéiert, d'Radikaliséieren um Internet besser ze detektéieren a méi Informatiounen tëscht de Memberstaaten auszetauschen. Anescht wéi de Younes, solle jonk Syrie-Kämpfer no hirem Retour an Zukunft automatesch ënner Kontroll vun der Justiz gestallt ginn.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / /
Lauschteren

Méi zum Thema

internet.jpg
Jonk IS-Kämpfer

Och Jonker aus dem Weste fille sech vun der Propaganda vum Islamesche Staat ugezunn, a maache sech op de Wee an den Irak oder Syrien. Wéi kënnt et dozou? A wat sichen a fanne si do?

BRUSSELS, BELGIUM, JULY 4 2015: The canal and quai de charbonnages in sint jans molenbeek in Brussels. Part of the Brussels capital region it is home to Toots Thieleman and a large muslim community.
Attentater vu Paräis

D'Enquête ëm d'Paräiser Attentater riicht de Bléck ënnert anerem op de Bréisseler Quartier Molenbeek. Allgemeng gëllt dëse sozio-economesche Brennpunkt als europäesch Héichbuerg vum radikalen Islam.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen