Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'CGFP huet een neie Generalsekretär

Fonction Publique

D'CGFP huet een neie Generalsekretär

De Steve Heiliger ass deen neie Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft. Mat him geet Rieds iwwer de Gehälteraccord an der Fontion publique an d'Positioun vun der CGFP.

auto_stories

3 min

De Steve Heiliger ass deen neie Generalsekretär vun der CGFP

De Steve Heiliger iwwerhëlt d’Successioun vum Romain Wolff, deen elo President vun der Staatsbeamtegewerkschaft ass. Säi Poste wier keen Neiland, seet den Steve Heiliger, deen zanter 2004 fir d’Ëffentlechkeetsaarbecht bei der CGFP zoustänneg ass. Hie geet och dovunner aus, datt an der Kontinuitéit zesummeschafft gëtt.

D’CGFP ass, ënnert der aktueller Form, 1967 gegrënnt ginn. Et ass den Daachverband vu 60 autonomen Ënnerorganisatiounen, déi fir déi verschidde Secteuren an der Fonction publique zoustänneg sinn.

D'Confederatioun iwwerhëlt d'Verantwortung fir all Dossieren, déi am allgemengen Interessi sinn. Dat gëllt zum Beispill fir de Gehälteraccord, dee fir all Staatsbeamte gëllt.

Gehälteraccord mat Hartnäckegkeet duerchkritt

No laange Verhandlungen huet d'CGFP de 5. Dezember 2016 de Gehälteraccord mat der Regierung ënnerschriwwen.

2018 gëtt et eng Erhéijung vum Punktwäert ëm 1,5 Prozent. Am Abrëll 2017 gëtt et eng eemoleg Prime vun engem Prozent vum Joresakommes.

D'Regierung hätt sech an de Verhandlungen um Ufank op den Koalitiounsaccord beruff, an deem steet, datt et an dëser Legislaturperiod keng Punktwäert-Erhéijung géing ginn, seet de Steve Heiliger. D'CGFP hätt par konter argumentéiert, datt d'Zäite sech geännert hätten. Virun 2013 wier et eng Kris ginn, an de Koalitiounsaccord géif sech op déi Situatioun baséieren.

De Finanzminister hätt an Tëschenzäit e puer mol gesot, datt d'Situatioun sech zum Gudde gewend hätt. D'CGFP hätt mat där Argumentatioun a mat Hartnäckegkeet mat der Regierung am Konsens dee Gehälteraccord kéinte verhandelen, esou deen neie CGFP-Generalsekretär.

Nieft der Erhéijung vum Punktwäert, gouf och een neie System fir d'Deelzäitaarbecht festgeluecht. Deen soll et erlaben, Familljeliewen a Beruff ënnert een Hutt ze bréngen.

CGFP ass an der Fonction publique national representativ

Zur Fuerderung vum OGBL, fir un de Verhandlunge fir de Gehälteraccord an der Fonction publique kënnen Deel ze huelen, seet den CGFP-Generalsekretär, et géifen zu Lëtzebuerg dräi national representativ Gewerkschafte ginn. Den OGBL an den LCGB fir de Privatsecteur an d'CGFP fir den ëffentleche Secteur. Bei de Wahle vun de Beruffskammeren, hätt d'CGFP 21 vun den 22 Mandater an der Chambre des fonctionnaires et employés de l'état kritt a si wier dowéinst national representativ. Aus deem Grond géifen d'Verhandlunge fir de Gehälteraccord mat der CGFP gefouert ginn, betount de Steve Heiliger.

Den OGBL ass majoritär am Sozial- a Fleegesecteur, dee staark vum Gehälteraccord an der Fonction publique ofhängeg ass. Fir den Steve Heiliger ass et kloer, datt den Accord salarial an deene Secteure misst ëmgesat ginn, sou wéi et am bilateralen Accord mat der Regierung 2014 festgeluecht gouf.

Steierreform vun de Bierger prefinanzéiert

Zur Steierreform, déi den 1. Januar 2017 a Kraaft trëtt, seet de Steve Heiliger, datt d'Privatpersounen déi Reform iwwert de Spuer- a Steierpak prefinanzéiert hätten. D'Leit hätten nieft der Krisesteier méi TVA misste bezuelen.

D’Steierreform wier ee gudden Usaz, mee et hätt ee kënne méi wäit goen, sou de Steve Heiliger. D'CGFP fënnt virun allem, datt bei den Elengerzéier d'Steierklass 1A net méi zäitgeméiss ass.