Radioen

On air

De Moien  |  Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, den Björn Höck, steet virun Geriicht

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wäerteunterrecht: Proffen tëscht Zouversiicht a Bedenken

Enseignement

Wäerteunterrecht: Proffen tëscht Zouversiicht a Bedenken

Den neie Cours "Liewen a Gesellschaft" ersetzt vun der Rentrée un de Reliouns- a Moralsunterrecht am Lycée. D' Enseignanten gi mat gemëschte Gefiller dru run, mee et ass Zouversiicht do.

auto_stories

4 min

Den neie Cours gëtt vun der Rentrée un an de Lycéeë gehal

Den neie Wäerterunterrecht huet scho virun der éischter Schoulstonn vill vu sech schwätze gedo. Am Programm vu "Vie et société" steet de Cours soll de Kanner déi demokratesch Wäerter vun eiser multikultureller Gesellschaft méi no bréngen, a sou fir méi Toleranz suergen. Donieft soll den interaktive Cours déi Jonk dozou animéieren, kritesch an differenzéiert nozedenken.

Iwwer déi ënnerschiddlech Diskussiounen am Virfeld eraus sinn d'Enseignanten éischter zouversiichtlech wat den neie Cours ugeet. "Ech mengen et si ganz vill Leit déi am Fong net wësse wat mir an deem Cours maachen", seet den Thomas Koenig. "Et ass kee Wäerterunterrecht". Et géif net drëm goen, Wäerter ze imposéieren, mee dem Schüler ze hëllefen, sech fir sech selwer seng Wäerter auszesichen.

"Dat wat ech zanter déng Joer maachen"

Fir datt d'Enseignanten – déi aus ganz verschidde Branche kënne kommen – den neie Cours dierfen halen, mussen si eng Formatioun um IFEN (Institut de Formation de l’Éducation Nationale) maachen. En éischten Deel war schonn am Juli an den zweeten Deel ass Enn Oktober. Déi ganz Formatioun dauert 16 Stonnen.

Den Thomas Koenig huet den éischten Deel matgemaach, a seet: "Et war net vill fundamental Neies dran". Am Kader vun der Formatioun war, zum Beispill, een Atelier drop ausgeluecht, de Proffen ze weisen, wéi ee Kanner un Hand vun engem Mäerche kéint zum Philosophéiere bréngen. "Dat ass u sech dat wat ech schonn zanter zéng Joer maachen", sou den Thomas Koenig. D'Formatioun hätt awer vill Froe kéinte klären, vill Suergen hätte sech als iwwerflësseg eraus gestallt.

Gi 16 Stonne Formatioun duer?

Allerdéngs steet d'Fro am Raum op déi 16 Stonne Formatioun wierklech duer ginn. "Et wier vläicht wënschenswäert, datt d'Initialformatioun e bësse méi pousséiert wier. De Risiko ass, datt elo jidderee seng Zëppche kacht esou wéi hien et gewinnt war", seet d'Patricia Pettinger, Philosophieproff am Lycée Hubert Clément zu Esch. Si wënscht sech och eng Pedagogik, déi "den Inhalter ugepasst" wier. Virgesinn ass jo, datt d'Proffe fräi Hand kréie bei der Gestaltung vun hirem Cours.

Den Direkter vun der IFEN, de Camille Peping appelléiert d'Leit dowéinst dozou och nieft dem obligatoreschen Deel weider Formatiounen ze beleeën.

D’Vicky Stoll, eng Däitschproff aus dem Kolléisch, war ganz positiv vun der Formatioun iwwerrascht an trotz de villen Diskussioune wier si richteg motivéiert. Wéi sech elo alles an der Praxis ëmsetze léisst, dorop ass si gespaant, seet si.

Neutralitéit wierklech méiglech?

Et ginn awer och nach Onkloerheeten. Zum Beispill wat de Proffeconcours an deem Fach ugeet. "Et ass net kloer wien decidéiert, wien dat Fach iwwerhaapt dierf ginn, wéi d'Epreuve da soll ausgesinn, wie soll Tuteur sinn a wéi d'Tutorat iwwerhaapt soll ausgesinn", sou den Thomas Koenig. Ee weidere Problem gesäit den Thomas Koenig bei méi grousse Klassen. De Risiko wier do, besonnesch bei méi sensibele Sujeten, datt eenzel Schüler "vläicht e bëssen ënnerginn an der Diskussioun.".

Virgesinn ass och, datt d'Proffen sou neutral an onviragehol wéi méiglech un d'Themen aus dem Beräich Relioun, Kultur an Traditioun, eru ginn. Och dat wier awer net ëmmer sou einfach, mengt den Thomas Koenig. "Ech mengen, et si ganz vill Leit déi kënne professionell sinn, an awer an déi Fal tappen. Mir sinn alleguer Mënschen, mir kommen alleguer mat eiser Vergaangenheet, eisen Iddien a Wäertvirstellungen dohin an do gëtt et da schwiereg fir zeréckzeschrauwen an de Schüler net ze beaflossen". Déi einfachst Method wier senger Meenung no, een Thema aus sou vill wéi méigleche Bléckwénkelen ze beliichten.

D’Patricia Pettinger ass der Meenung, datt een de Cours net wierklech virbereede kéint, well ee mam Input vun de Schüler misst schaffen. "Et kann een am Virfeld just graff Linne virbereeden an da muss een sech un déi eenzel Klassen adaptéieren".

"Feststellen, datt aner Leit aner Meenungen hunn"

Am Lycée Ermesinde gouf et schonn e Cours de vergläichbar mam neie Wäerterunterrecht ass an "Éducation aux valeurs" heescht. Den Direkter vum Lycée Ermesinde Jeannot Medinger seet, de Ministère hätt sech zwar net un deem Cours inspiréiert, global géing sech den Inhalt vu “Vie et Société” awer mat dësem decken.

D’Marie-Josée Hommel-Wester, eng Reliounsproff aus der Privatschoul Sainte Anne zu Ettelbréck, mengt et wier nach ze fréi eng Ausso iwwert den neie Cours ze maachen. Dem Minister Claude Meisch no soll all Schoul sech säin eegene Profil vum “Vie et Société” ginn. Dat wier och dat wat d’Sainte Anne géing maachen: D'Schoul bleift weiderhi kathoulesch. Un hirer Oppenheet géing sech domat näischt änneren, d’Schoul hätt eng villfälteg Schülerschaft an et wieren och verschidde Relioune vertrueden. "Dat ass eng Beräicherung", esou d'Marie-Josée Hommel-Wester.

Och wann et nach Froen ze kläre ginn, sou schéngen déi Proffen déi mer gefrot hunn, zouversiichtlech ze sinn, wat den neie Cours ugeet. "Ech denken, et ass eng vun de wéinege Geleeënheeten an der Schoul fir am Fong iwwer Saachen nozedenken, fir Saachen ze hannerfroen, fir sech Informatiounen ze beschafen, ze léieren ze argumentéieren a festzestellen, datt aner Leit aner Meenungen hunn".