Radioen

On air

Notturno  |  Torpid - Belaxt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net eleng de Wieler hir Schold

Brexit

Net eleng de Wieler hir Schold

D'EU gouf gerëselt duerch d'Resultat vum Referendum a Groussbritannien. Et wier awer falsch, d'Schold eleng deenen ze ginn, déi fir de Brexit gestëmmt hunn, mengt d'Simone Beck.

auto_stories

3 min

Simone Beck

Mir Europäer sinn esou houfreg op eis demokratesch Regimmer an op hiert Haaptinstrument, de Referendum. Dass de Referendum awer och kann e Selbstgol ginn, wësse mir Lëtzebuerger selwer am beschten.

An elo huet den Här Cameron och misste feststellen, dass e Referendum e Boomerang ka sinn. Esou wéineg wéi virun engem Joer vill Lëtzebuerger sech bewosst waren, iwwer wat se hier Meenung sollten ofginn, esou wéineg wousste vill Englänner Bescheed.

D'Washington Post huet een Artikel iwwerschriwwen: "The British are frantically Googling what the E.U. is, hours after voting to leave it..." No dem Vote hu vill Englänner sech gefrot, wat d'EU eigentlech ass, wat mat England geschéie géif, wann et misst aus der EU eraus. Si hunn ni gefrot, ob alles dat géif stëmmen, wat d'Géigner vun der EU alles behaapt hunn.

Vertrauensverloscht

D'Analyste vum Brexit stellen en interessante Phänomen fest - deen se iwwregens a Rapport setze mat dem Populismus, deen ëmmer méi zouhëlt : déi etabléiert politesch Parteie verléieren un Buedem. Si hunn d'Vertraue vun de Wieler verspillt, duerch inkonsequent Haltungen, duerch Inkompetenz a wichtege Froen, duerch den Androck, deen si ginn, an hirem Tuerm aus Elfebeen eleng ze wëssen, wat dat Bescht fir d'Allgemengheet ass. An da fannen déi Zoulaf, déi d'Impressioun vermëttelen, d'Suergen an d'Ängschte vum klenge Mann ze verstoen.

Déi Mënschen, deenen et materiell gutt geet, déi duerch eng zolidd Bildung berufflech Perspektiven an en intellektuelle Bagage hunn, fäerten noutgedronge manner abstrakt Konstrukter wéi Bréissel, well se wëssen, wat fir Virdeeler si an enger globaliséierter Welt bréngen.

Leit awer, déi sech verlooss fillen, well se hier Aarbecht verluer hunn, deenen et materiell schlecht geet, déi iwwerzeegt sinn, deenen honnertdausende Flüchtlinge géif ënner d'Äerm gegraff an hinnen net, déi loossen sech vun Demagoge wéi Trump, Le Pen, Farage oder Wilders ëm de Fanger wéckelen.
Awer déi Angscht ass net nuren eng Angscht virun onsécherer Zukunft oder enger abstrakter Muecht, déi een net versteet an déi net engem schwätzt, déi engem säin Alldag awer bestëmmt. Et ass och e Réckmarsch an eng Zäit, vun där ee mengt ze wëssen, dass se besser war oder hofft, dass se besser gëtt.

Leadership

An an där Hisiicht ass de Brexit-Vote och interessant : besuergten an ängschtlech eeler Leit hu vir e Groussbritannien ausserhalb vun der EU gestëmmt an dobäi Millioune jonke Briten hier Zukunft op d'Spill gesat. Déi méi Jonk kënnen sech duerchaus e bessert Liewen innerhalb der EU virstellen - hire Vote beweist et - an dach hunn déi gewonnen, déi dat net kënnen.

Dee graven Echec, deen de Brexit fir d'Europäesch Unioun duerstellt, erkläert sech awer net nuren duerch de Vertrauensverloscht vun etabléierte Parteien, duerch e Vabanque-Spill vun irresponsabele Politiker op se Cameron oder Johnson heeschen oder duerch d'Liichtgleewegkeet vu veronsécherte Leit.
De Fait, dass e Vollek majoritär der EU de Réck dréint, léisst sech och doduerch erklären, dass mer op héchstem EU-Niveau kee Jacques Delors méi hunn, kee Spëtzepolitiker, dee mat engem visionäre Konzept en komplexen an zerstriddene Veräi féiert.