Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Tops - Waiting

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net nëmmen zouspären"

Prisong

"Net nëmmen zouspären"

E Prisong huet net nëmmen d’Aufgab dofir ze suergen, datt d’Prisonéier hir Strof ofsëtzen: Et geet och dorëm, sécher ze stellen, datt d’Prisonéier no hirer Zäit am Prisong keng nei Strofdote beginn an datt si sech nees an d’Gesellschaft integréieren. Ma de Prisong kéint dësen Optrag awer net méi erfëllen, gëtt kritiséiert: Dëst, well zu Schraasseg mat 630 Detenuen net méi genuch Plaz wier. Et gëtt gehofft, datt verschidde Reformen d'Situatioun verbesseren.

auto_stories

4 min

Et ass wichteg, mat de Prisonéier ze schaffen. Foto: Bigstock

2022 soll de Prisong fir Untersuchungshäftlingen zu Suessem um Uerschterhaff, mat Plaz fir 400 Häftlingen, opgoen. De Michel Koepp vun der Associatioun vun de Gardiene vum Schraasseger Prisong ass iwwerzeegt, datt dëst de Centre Pénitentaire de Luxembourg entlaaschte wäert. "Wa mir Suessem hunn, dann hu mir Plaz an da kann och erëm eng normal Betreiung vun de Gefaangene gemaach ginn."

Do géifen et nämlech den Ament grouss Spannunge ginn, "well mir déi vill verschidden Natiounen, Kulturen a Reliounen hei hunn. Déi denken all anescht a sinn et anescht vun doheem aus geléiert ginn." D'Prisongsreform ass fir de Michel Koepp eng éischt Etapp vun enger laang erwaarter Reform vum Lëtzebuerger Strofvollzug.

Mat Zäite rekrutéieren

Wann den neie Prisong zu Suessem a Betrib geholl gëtt, solle Mineuren a Leit, déi an Untersuchungshaft setzen, net méi zesumme mat condamnéierten Detenuen ënnerbruecht ginn. Well Schraasseg esou entlaascht gëtt, kéint erëm eng anstänneg Prise en charge vun den Detenue garantéiert ginn, betount de Michel Koepp.

Et wier immens wichteg, datt elo schonn esou séier wéi méiglech ugefaange géif gi mat rekrutéieren, fir datt och zu Suessem forméiert Personal mat der néideger Experienz kéint agesat ginn. "Well wa mir een oder zwee Joer éier Schraasseg opgeet esou vill Jonker beienee kréien, déi keng Ahnung hunn - da kréie mir et net hin, fir déi ze forméieren."

Sozialaarbecht leeschten

De Moment brauch ee just dräi Joer Lycée, fir kënnen als Gardien am Prisong ze schaffen. D’Ufuerderungen un de Beruff wieren haut awer ganz anerer wéi fréier: Dofir wier och eng Ecole nationale d’administration penitentiare virgesinn, betount de Serge Legil vum Bureau vum Ombudsman, dee fir d'extern Kontroll vum Prisong zoustänneg ass. "Mir hätte gär, datt d'Giischtecher eng Zort travailleurs sociaux de proximité ginn." D'Detenuen an d'Gardiene géifen deels immens laang zesumme schaffen a sech gutt kennen. Dofir wier et wichteg, datt d'Giischtecher sou forméiert wieren, datt si séier géife gesinn, wann et den Detenue schlecht géif goen oder Problemer do wieren. Da kéinte si direkt e Feedback un déi néideg Servicer ginn. "Si kréien och als éischt mat, wann een am Gaangen ass duerchzedréinen."

Mat de Prisonéier schaffen

Fir datt de Prisong d’Resozialiséierung vun den Detenue kéint garantéieren, missten och d’Visitten anescht geregelt an encadréiert ginn, ënnersträicht de Michel Koepp vun der Prisongsverwaltung. Et wier wichteg, datt de Kontakt vum sozialen Ëmfeld net géif ofbriechen. Am Ausland géif et zum Beispill d'Méiglechkeet ginn, datt eng Koppel, vun där ee vun de Partner am Prisong ass, sech iwwer e puer Deeg an e Studio kéint zréckzéien. Zu Schraasseg géifen d'Raimlechkeeten dat net erlaben. De Justizminister hätt awer Verbesserunge versprach, esou de Michel Koepp.

Am Kader vun de geplangte Reforme wier och e fräiwëllege Resozialiséirungsprogramm geplangt. Dat wier eng gutt Iddi, fënnt d'Lynn Bertrand vum Bureau vum Ombudsman. D'Detenue misste Perspektiven hunn, fir wa si aus dem Prisong erauskéimen. Esou kéint een de Risque vun enger Réckfällegkeet minimiséieren. "En zouene Prisong ass a verschiddene Fäll onëmgänglech. Mee dat heescht net, einfach nëmmen zouspären." Et wier wichteg, d'Zäit ze notzen, fir mat hinnen ze schaffen.

Als Prisonéier schaffen

An dëse Kontext schreift sech och dem Serge Legil seng Fuerderung an, datt méi Aarbechtsplaze fir d'Detenuen am Prisong misste geschaaft ginn. D'Aarbecht wier eng Belounung. Ee Prisonéier, deen net dierft schaffe goen, wier de ganzen Dag agespaart. Ma en Detenu, dee géif schaffe goen, wier de ganzen Dag fräi. "Dat ass e risegen Ënnerscheed fir déi Leit an en plus kréie si eng kleng Pei."

D’a.s.b.l. Défi-job bitt Gefaangene vu Giwenech d’Méiglechkeet, enger regelméisseger Aarbecht nozegoen - entweder an Atelieren oder andeems se bei enger Partnerentreprise matschaffen. Dofir géife si de Mindestloun kréien, erkläert d'Sarah Jann vun Défi-job. "Dat heescht, si kréien e richtegen Aarbechtskontrakt, si bezuele Pensiounskeess, Krankekeess an hir Steieren." Dat wier eng grouss Motivatioun. Iwwerdeems ass de Mindestloun der Sarah Jann no vill méi héich wéi dat, wat d'Prisonéier am Prisong géife verdéngen. De Wëlle vun de Prisonéier fir eng Aarbecht ze fannen, wa si aus dem Prisong entlooss ginn, wier grouss. "Mir hate seele Leit, déi wéineg matgeschafft hunn."

De Serge Legil vum Büro vum Ombudsman begréisst d’Aarbecht vun Défi-job. Hie kritiséiert, datt de Service Psycho-Socio-Educatif vum Schraasseger Prisong ze vill Detenuen, déi eng Semi-Liberté genéissen, op den zweeten Aarbechtsmarché géif orientéieren. Dat géif bedeiten, datt een d’Ex-Detenuen a prekär Aarbechtsverhältnisser, wéi Deelzäitaarbecht, an a Beschäftegungsmesurë géif weiderleeden.