Den Nico Clement huet gutt Chancë President vum Verwaltungsrot vum Group Editpress ze ginn. Editpress ass de Verlag vun Tageblatt, Jeudi an all Kéiers 50 Prozent vum Quotidien a L'essentiel. Dat huet de Member vum Exekutivbüro vum OGBL dem radio 100,7 confirméiert. Ufank 2017 soll een neie President gewielt ginn, nodeems de Jean-Claude Reding Enn November als President vum Group Editpress zeréck getruede war.
De fréieren OGBL-Chef an aktuelle President vun der Chambre des salariés wéilt d'Situatioun tëschent senge verschiddene Verwaltungsrots-Mandater klären, fir eventuellen Interessekonflikter aus dem Wee ze goen. Domat hat hie seng Demissioun domat begrënnt. Paperjam no wier domat dem Jean-Claude Reding säi Mandat am Conseil vun der Spuerkees gemengt. Dee wier net kompatibel mat der Spuerkees-Berichterstattung vun enger Editpress-Zeitung.