Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Äppel aus Argentinien

Wochemaart

Keng Äppel aus Argentinien

Et rentéiert sech nach e Stand op engem Maart ze hunn, och wann d’Konkurrenz vun de Supermarchéë wiisst. Den Niki Kirsch, de President vum Lëtzebuerger Maarteverband iwwer frëscht Uebst a Geméis an iwwert méi héich Produktiounskäschte wéi am Ausland.

Christian Welter / ys

auto_stories

3 min

“Wann ech samschdes op de Maart ginn, déi Zalot oder dee Chicon si freides geschnidde ginn an déi ass den Dag drop um Maart. Also méi frësch kann een et guer net kréien”. Fir de Niki Kirsch ass dat e wichtegt Argument, firwat d’Leit léiwer op de Maart gi wéi an e Supermarché. En anere Virdeel wier d’Berodung. Um Maart ass de Konsument am direkte Kontakt mam Produzent, wat an engem grousse Geschäft net de Fall wier.

Bis viru Joren haten d’Maartleit eng éischter eeler Clientèle. Dat wär elo awer anescht. De President vum Maarteverband stellt fest, datt déi jonk Familljen nees méi den Zock hu, fir op engem Maart anzekafen. "Deenen hir Elteren hu schonn net méi gekacht an déi kënnen och net kachen. Déi Jonk komme gären op de Maart fir ze froe wéi een eng Zalot ka preparéieren oder e Choufleur ka versuergen."

Gutt fir de Portmonni a fir d’Ëmwelt

Fir de Niki Kirsch geet den Trend nees dohin, datt d’Leit gär regional a saisonal akafen. "Et brauch ee keng Äppel aus Argentinien oder aus dem Chile, wann ee bedenkt wéi vill Kilometer déi geflu gi sinn. Mir hunn hei Wuer genuch. Am direkten Ëmkrees vun honnert Kilometer kann en alles kafen."

An dat obwuel nëmmen ee Prozent vum Geméis dat giess gëtt och hei am Land produzéiert gëtt. Well dat ganz wéineg ass, wier een amgaang do opzehuelen. Zanter zwee Joer produzéieren zwee grouss Betriber fir gréisser Firmaen. Déi Wuer kënnt guer net op de Maart. Béi der Uebstproduktioun wär de lëtzebuerger Undeel méi héich an do géif den Trend och viru klammen.

Parkingen a Schantercher

Soll de Glyphosat virun zougelooss ginn oder net? Dat ass eng Décisioun déi d’EU-Landwirtschaftsministere geschwë wäerten huelen. Fir den Niki Kirsch ass dat eng heikel Fro. A sengem eegene Betrib géif dat Onkrautmëttel guer net agesat. Hie sëtzt awer och an der Landwirtschaftskammer, zesumme mat de Baueren an de Wënzer. Amplaz d'Mëttel ganz ze verbidden, misst méi Opklärung gemaach ginn. An de Produit misst méi geziilt agesat ginn.

Den Niki Kirsch wär frou wann deen neie Parking ënnert dem Knuedler bis fäerdeg wär. Mee och sou géifen et genuch Parkplaze gi fir mëttwochs a samschdes op de Wochemaart ze kommen. De Problem wier éischter deen, datt d’Leit haut net méi gären ze Fouss géife goen. D’Schantercher wäre par konter eng Plo fir d’Geschäftsleit an der Stad.