Steierpolitik No de Bréifkëschten

D'Zäit vun de Bréifkëschtefirmaen ass zu Lëtzebuerg eriwwer. Doriwwer si sech Politiker an Experten eens. Mä wéi vill Substanz eng Societéit muss hunn, fir vu Steieravantage profitéieren ze kënnen, ass alles anescht wéi kloer.

Pia Oppel / ys

Aged Mailboxes
©sirawit / Bigstock

"Wir haben keinen Platz für Häuser, darum haben wir nur Briefkästen" - Wat den Ausseminister Jean Asselborn kuerz no de LuxLeaks-Revelatiounen am November 2014 beim Anne Will op der ARD versicht huet mat Humor ze verdeedegen, soll elo der Vergaangenheet ugehéieren: Firmen, déi zu Lëtzebuerg näischt anescht ewéi eng Adress hunn - mä duerch déi enorm Zomme Kapital geschleist gi fir Steieren ze spueren - sinn net méi erwënscht. 

Wéi vill Substanz ass néideg?

D'Besteierung soll un eng "economesch Substanz" geknäppt ginn, sou dat neit Prinzip, deem sech d'OECD-Memberstate verschriwwen hunn. Mä wéi vill méi ewéi eng Bréifkëscht ass néideg, wann eng Societéit zu Lëtzebuerg vu Steieravantagë wëll profitéieren? Dat wollt d'Chamber vum Finanzminister Pierre Gramegna wëssen.

Si hätten erkläert kritt, datt et eng al Circulaire vum Finanzministère géif ginn, déi d'Critèrë vun der Substanz festleet, seet den CSV-Deputéierten a Geschäftsaffekot Laurent Mosar. Déi Circulaire misst elo iwwerschafft ginn. "Ganz kloer Informatiounen, wéi déi soll ausgedehnt ginn, hu mir effektiv net kritt. Et muss een allerdéngs och wëssen, datt esouwuel vun der Europäescher Unsioun aus, wéi och vun der OECD eigentlech och nach keng kloer Critèrë festgeluecht sinn." 

Allerdéngs wär et gutt, wann d'Regierung géif soen, wou si wéilt histeieren, sou de Laurent Mosar weider. Déi ganz Finanzplaz géif op konkret Informatioune waarden.

SOPARFIen och am Viséier?

Fir Lëtzebuerg steet vill um Spill: D'Domiciliatioun vu Sociétéite mat wéineg Substanz beschäftegt Berodungsfirmaen an Affekoteboîten. An och wann all Sociétéit eenzel wéineg Steiere bezilt, mécht dat fir de klenge Lëtzebuerger Staatsbudget vill aus. Zum Beispill bezuelen d'Finanz-Participatiounsgesellschaften, déi sougenannt SOPARFIen, mëttlerweil bal sou vill Steieren wéi d'Banken.

Zwëschent 40.000 a 50.000 där Sociétéite géif et zu Lëtzebuerg ginn, erkläert de Laurent Mosar. E ganz groussen Deel dovun hätt keng Aktivitéit. Si géife just puer Participatiounen halen. "Déi hunn also manifestement keng Substanz, well dat ganz oft Bréifkëschtefirmae sinn."

Et géif sech also d'Fro stellen, ob et mëttel- a laangfristeg méiglech wär, fir sou Firme wieder zu Lëtzebuerg kéinte lafen ze loossen. De Minister hätt him gesot, momentan géif nach net iwwer d'SOPARFIen diskutéiert ginn. De Laurent Mosar ass awer der Iwwerzeegung, datt dat eng Diskussioun wäert ginn.

De Finanzminister selwer wollt aus Zäitgrënn keen Interview zum Thema ginn. Et géif och nach keng "komplett an definitiv Äntwert" op d'Fro vun de Substanzcritèrë ginn, sou ee Spriecher vum Finanzministère. 

"Keng wierklech Substanz bei der Substanz"

De gréngen Europadeputéierte Sven Giegold huet ugangs der Woch kritiséiert, datt et nach keng offiziell Aussoen doriwwer gëtt, wéi eng Substanzcritèrë Lëtzebuerg an der Suite vun den OECD-Recommandatioune wëll applizéieren. Hien erënnert sech un eng Diskussioun mat héije Beamten aus der Finanz-Administratioun: "Wéi mir bei dëse Punkt komm sinn, ass d'Gespréich ganz schwiereg ginn. Den Här Gramegna huet dee concernéierte Fonctionnaire sec ënnerbrach. Wéi hien am gaang war z'erklären, datt et bei der Substanz keng wierklech Substanz géif ginn."

A Verwaltungskreesser krut de radio 100,7 op Nofro hi confirméiert, datt den Ament net kloer ass, wéi déi verschäerfte Substanzcritèrë genee definéiert sinn. Et ginn awer Hiweiser, datt méi strikt Critèren applizéiert ginn: Manner Entreprisë kréie vun der Steierverwaltung ee Ruling. Also eng prealabel Decisioun doriwwer, ob hire Steiermontage als valabel consideréiert gëtt.

Keng Critère fir d'Zäit no de Bréifboîten

D'Zäit vun de Bréifkëschtefirmaen ass eriwwer, seet den Direkter fir Steierfroen bei der OECD. Mä wat kënnt dono? Et wär schwéier eng Grenz ze zéien. Et géif keng theoretesch Definitioun ginn, sou de Pascal Saint-Amans. Ob genuch economesch Substanz do ass, missten d'Steierverwaltungen am Eenzelfall decidéieren.

Sol Piccioto ©Joel Sheakoski / icrict.org

Datt dofir prezis Critèrë feelen, ass kee reng lëtzebuergesche Problem, seet de Sol Picciotto. Den emeritéierte Droits-Professer vun der Uni Lancaster ass Coordinateur vum "BEPS Monitoring Grupp", engem Grupp vun Experten, déi d'Ëmsetzung vum OECD-Aktiounsplang géint aggressiv Steieroptiméierung kritesch begleeden. 

D'OECD huet just den allgemenge Prinzip virginn, datt den deklaréierte Profit vun engem multinationale Konzern an all Land un d'Valeur ajoutée vun enger spezifescher Funktioun muss gebonne ginn, erkläert den Sol Picciotto.

Wann ee mat senger Finanzgestioun zu Lëtzebuerg ee Profit géif maachen, da kéint een dee Profit och där Entitéit attribuéieren. Wann awer een Industriekonzern seng Finanzen zu Lëtzebuerg géif geréieren, kéint een där Entitéit net de Profit aus senger industrieller Aktivitéit zourechnen. "Dorëms geet et am Fall vun der illegaler Staatshëllef fir Fiat: D'EU-Kommissioun seet, datt der Fiat-Finanz-Holding zu Lëtzebuerg vill méi héich Profitter zougeschriwwe goufen, ewéi hir Funktioun dat géif erlaben."

Spillraum notzen, am Geheimen

Mä datt Funktioun a Profit mussen zesumme passen, ass ee vague Critère a léisst vill Spillraum. Dowéinst wiere vill Länner, dorënner Lëtzebuerg, dergéint, datt déi geplangte "Land-fir-Land-Rapporten" vun de Konzerner ëffentlech gemaach ginn.

Aus den Declaratiounen iwwer Ëmsaz, wirtschaftlech Aktivitéit, Personal a Steierlaascht pro Land, géif ervir goen, wann et un economescher Substanz feelt: "Si wëlle keng ëffentlech Debatt doriwwer, wéi vill Profit där enger oder anerer Funktioun bannent engem Konzern zougeschriwwe gëtt. Dat soll vu Fall zu Fall kënnen decidéiert ginn, an enger Diskussioun tëscht de Steierverwaltungen. Si wëllen déi Analys op eng geheim Manéier an ad-hoc maachen. Dowéinst wëlle si d'Land-fir-Land-Rapporten net publizéieren," sou de Sol Piccioto.

Sven Giegold

De Sven Giegold ass een "Dreemer"

Datt Lëtzebuerg, ëffentlech Land-fir-Land-Rapporten just zoustëmmt, wa se an der ganzer OECD agefouert ginn, fënnt déi gréng Deputéiert Viviane Loschetter richteg. Zur Kritik vun hirem däitsche Parteikolleg Sven Giegold, datt déi Gréng sech als Regierungsmember zu Lëtzebuerg net méi couragéiert asetzen am Kampf géint Steieroptiméierung, äntwert déi gréng Fraktiounschefin, hire Kolleg wär heiansdo bëssen naiv. Si seet, hie wär en Ideolog, en Dreemer an enger Oppositiounspartei am EU-Parlament. "Do léisst sech natierlech och vun enger idealer Welt dreemen."

Fir déi gréng Fraktiounschefin ass awer kloer, datt d'Regierung bei der Definitioun vun economescher Substanz muss Neel mat Käpp maachen. Et misst kloer sinn, datt d'Decideure vun engem Betrib permanent an deem Land géife wunnen. Et misst eng Aktivitéit ginn, grouss Raimlechkeeten an et misste Leit am Betrib schaffen.

Lëtzebuerg huet keng Plaz fir Haiser, an dofir huet et Bréifkëschten, sot de Jean Asselborn. Ass dann elo awer genuch Plaz do, fir een Deel vun den zéngdausende Bréifkëschtefirme mat Substanz ze fëllen?

Vill nei Leit ophuelen, dat hätt dat multikulturellt Lëtzebuerg bis elo och gutt gemeeschtert, äntwert d'Viviane Loschetter. "Dat kritt vläicht eng Dimensioun méi. Mä ech denken, datt dat net vun haut op muer passéiert. Sou wéi d'Bréifkëschten och net wäerte vun haut op muer verschwannen. An ech denken, dat léisst eis dann och Zäit fir dat do ze preparéieren."

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Pia Oppel
Lauschteren

Méi zum Thema

ICIJ LuxLeaks Dossier
Steiervirdeeler fir Betriber

En Dossier zur Berichterstattung vum radio 100,7 iwwer d'LuxLeaks-Revelatiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen