Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nohalteg Urbanisatioun, mee wéi?

Infrastruktur

Nohalteg Urbanisatioun, mee wéi?

An 20 Joer wunnen zwee vun dräi Mënschen an enger Stad. Obwuel Stied weltwäit just 2 Prozent vun der Fläch vun er Äerd decken, gi 60 Prozent vun de globalen Energie-Ressourcen an urbanen Zentere verbraucht. D’Habitat III Konferenz vun de Vereenten Natiounen huet zu Quito an Ecuador iwwer 40.000 Léit zesummebruecht, déi iwwer d’Erausfuerderunge vun den Zukunftsstied nogeduecht hunn.

auto_stories

4 min

D'Habitat III Konferenz zu Quito.

All Stad huet hiren eegene Charakter, eng eege Visioun fir d’Zukunft an eng eege Kultur. A verschidde Stied geet et drëms, d’Ausbreede vu Slums ze verhënneren an all d'Awunner mat Stroum an Drénkwaasser ze versuergen. Op anere Plaze steet d’Entwécklung vun digitalen Infrastrukturen am Mëttelpunkt, haaptsächlech fir d'Mobilitéit.

An dach hunn d’Stied ronderëm d’Welt och eng ganz Rei Erausfuerderungen ze bewältegen, déi si matenee verbënnt: Demographesche Wuesstem, Drock op Ressourcen, Transportinfrastrukturen a Wunnengen, esou wéi sozial Inegalitéiten. Zu Quito an Ecuador war vum 15. bis den 20. Oktober déi drëtt UNO-Konferenz fir nohalteg Urbanisatioun Habitat III. Ënnerzeechent gouf eng nei urban Agenda (The New Urban Agenda). Dës zeechent grouss Richtlinnen un déi sech d’Stied orientéiere kenne fir eng nohalteg, inklusiv a resistent Urbanisatioun. D'Dokument ass awer net rechtlech bindend.

Déi nei urban Agenda

D' Richtlinne vum Dokument sinn immens vague. Dëst läit ënnert anerem dorunner, datt all Stad op der Welt sech doran erëmerkenne soll. Mee dofir ass d'Gefor grouss, datt d'Recommendatiounen ni praktesch ëmgesat ginn. D’Habitat-Konferenz, déi virun 20 Joer zu Istanbul war, gouf genee dofir kritiséiert: Grouss Prinzipie sinn ausgeschafft ginn, awer keng Implementatiounsstrategien.

Déi nei urban Agenda leet den Accent op d’Roll vun de Stied: Déi eenzel Stied solle méi Muecht an Onofhängegkeet kréien, well si sech am intensiivste mat der Ëmsetzung vun der Neier Urbaner Agenda befaasse wäerten.

E Suivi vu Paräis

Wéi gesäit et dann zu Lëtzebuerg aus? De François Bausch, Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukture war mat enger Lëtzebuerger Delegatioun zu Quito. Hien mengt, datt d’Habitat III Konferenz ënnert anerem wichteg ass, well si e Suivi vun der Klimakonferenz vu Paräis ass. Villes, wat zu Paräis decidéiert gi wier, hätt mat de Stied an den urbane Raim ze dinn. "Stéchwierder Mobilitéit, den Transportberäich, awer och energieeffizient Bauen, en aneren Ëmgang mat de Ressourcen ..." Alles dat huet dem Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen no eng grouss Bedeitung fir déi urban Zentren. An deem Sënn kéint eng Konferenz wéi Habitat III wichteg Impulser fir eng praktesch Implementatioun liwweren.

De François Bausch op der Habitat III. Foto: SIP / MDDI

D'Mobilitéit zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ass dem François Bausch no d’Mobilitéit e wichtegt Thema. E bessert Verknëppe vun den ëffentlechen Transportmëttelen an d’Entwécklung vun der digitaler Mobilitéitsinfrastruktur sollen Energie spueren an d’Leit dozou motivéieren, aner Verkéiersmëttel wei den Auto ze benotzen. Duerch d’Benotze vun der digitaler Infrastruktur, esou wéi d'Notze vun elektronesch Busticketen oder Mobilitéits Appen, géifen immens vill Date produzéiert ginn, esou de François Bausch.

Dës Date géife staatlech oder ëffentlech-rechtlech gesammelt ginn, zum Beispill beim Verkéiersverbond, beim CITA oder bei Ponts et chaussées. "Mir kënnen déi bündelen an ëffentlech zur Verfügung stellen." Dat wier och scho geschitt, esou den Infrastrukturminister: Viru gutt siwe Méint wier en Open-Data-Prozess ageleet ginn. "Déi - anonymiséiert - Date kritt jiddwer Privatpersoun zur Verfügung an ech erwaarde mir, datt domat ganz vill nei Start-Upen entstinn oder sech weiderentwéckelen, déi eis an der Mobilitéit hëllefen." Duerch d’Auswäerte vun de Mobiliteitsdonnéeë solle weider Servicer entwéckelt ginn. Mee et entstinn och nei Erausfuerderungen an et stellt sech zum Beispill d’Fro vum Dateschutz a vun der Sécherung vun den Daten am Fall vun Hackerattacken.

De Lëtzebuerger Wunnengsmaart

En anere wichtege Sujet zu Lëtzebuerg ass de Logement. E grousse Prinzip vun der Neier Urbaner Agenda ass dee vum "Right to the city", also d’Recht an der Stad ze wunnen. Wéinst héijen Immobiliepräisser ass dëst zu Lëtzebuerg dacks net méi de Fall. Dofir misst méi dense gebaut ginn an den Terrain besser ausgenotzt ginn, esou de François Bausch. Et misst een dowéinst och am Perimeter vun den Uertschafte bauen.

Dernieft missten de Staat an d'Gemenge kucken, datt, si op hiren Terrainen aner Wunnformen op de Marché bréngen. Do wieren eng Partie Projeten um Kommen. Et wéilt een Terrainen neutraliséieren a Wunnenge verkafen, déi 40 Prozent ënnert dem Marchéspräis um Kierchbierg leie géifen. "De Staat wëll dofir suergen, datt eng gesond Mixitéit an den Uertschaften entsteet, zum Beispill an der Stad Lëtzebuerg", ënnersträicht de François Bausch.

D’Stad Lëtzebuerg soll also méi inklusiv an nohalteg ginn, mat bezuelbare Wunnengen, méi sozial Mixitéit a manner CO2 Emissiounen.


D'Habitat III Konferenz war vum 14. bis den 20. oktober zu Quito an Ecuador.