Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vive de Partikularismus

Brexit

Vive de Partikularismus

Wëllkomm an engem neie politesche Raum. Beim Referendum gëschter huet de britesche Wieler d'Chance genotzt, dem Establishment mol eng gutt auszewëschen, seet de Jean-Paul Hoffmann an senger Wirtschaftschronik.

auto_stories

4 min

"Lamentéieren eleng geet awer net duer", seet de Jean-Paul Hoffmann

Groussbritannien huet finalement "Nee" gesot zur Europäescher Unioun. De Verdikt markéiert den Triumph vum Emotionalen iwwer kal Rationalitéit a Sënn fir gemeinsame wirtschaftleschen, politeschen a sozialen Interessi. Mir sinn an enger neier Ära. Déi namhaftesten Ekonomisten, d'Bank vun England, Industriekapitänen, den internationale Währungsfong asw. hunn ëmmer nees probéiert kloer ze maachen, datt Groussbritannien wirtschaftlesch nëmmen ze verléieren huet bei engem Nee-Vote.

De Wieler huet es awer manifestement genuch vun den Experten, genau sou wéi d'LEAVE-Kampagne dat ëmmer nees virgebiet huet. De Wieler huet majoritär d'Chance genotzt, dem Establishment mol eng auszewëschen. Deenen Décken, déi déi profitéiere vun der EU. De coup de tête ass impressionnant - an iwwer de Präis gi mir eis da méi spéit kloer.

"Post truth politics"

Wëllkomm also an engem neie politesche Raum. E Journalist vu Sky News huet dëse Raum treffend als "post truth politics" beschriwwen. Et ass en Espace, deen dominéiert ass vu Populisten. Vu Leit, déi mat simplistesche Messagen operéieren: Schwaarz a wäiss, mir hei a si do. En Espace, wou Fakten a Wourecht kaum nach zielen. Wou eppes, wat engem net an de Krom passt, als ideologesch motivéiert Lige vum Dësch gewëscht gëtt.

Et ass ee Raum, wou de Geescht zougeet an d'Ausernanersetzung mam Géigenargument net méi stattfënnt. Wou Konspiratiounstheorieen d'politesch Programmatik ersetzen. Wou anerer um ganze Misär Schold sinn: Den anonyme Bürokrat vu Bréissel, den Immigrant, den expansiven europäesche Föderalstaat. Ënner aner Horizonter, an zu aneren Zäiten, war et de Judd, dee Schold war. De Plot vun der Geschicht huet eigentlech nëmmen am Detail geännert, net awer a senge Grondzich. Groussbritannien huet e grousse Schrëtt zréck gemaach an e mentale Setting, deen een eigentlech fir iwwerwonne gehalen huet.

Lëtzebuerg wäert sech elo mobiliséieren

A wat elo? Eigentlech weess nach keen et genee. Keen huet e Modell oder e gudde Plang fir dat wat elo ze geschéien huet; keen huet eng genee Estimatioun iwwer den Impakt. Mir sti virun engem laangen a komplexe Prozess vun Désengagement vu Groussbritannien aus der EU.
Datt di britesch Wirtschaft dorënner wäert leiden ass evident, dat gouf nach an nach pronostikéiert (awer net gegleeft). Datt à court terme och d'Ekonomië vun den europäesche Partnerlänner leiden, schéngt och evident. Och wann si dann all probéiere wäerten, Kapital ze schloen aus dem Exodus vun deene Betriber, deenen de neien insulare Partikularismus vu Groussbritannien e bëssen ze enk gestréckt ass.

Lëtzebuerg wäert elo genee wéi di aner Länner all Ressource mobiliséieren, fir Business virun allem aus der Londoner City op de Kierchbierg ze zéien. Wat genee dat als Impakt op d'Wirtschaftsleeschtung wäert hunn, steet an de Stären. D'Aarbechtshypothes ass, dass d'Nodeeler déi der Europäescher Unioun duerch de Brexit entstinn, net ausgeglach ginn duerch punktuell Gewënner, déi eenzel Länner kënne kuerzfristeg aus dem Désengagement vu Groussbritannien zéien.

Legitiméiert Zerstéierung vun Opportunitéiten

Fir elo liest sech den Tëschebilan emol esou: De Brexit-Referendum ass wahrscheinlech déi gréisst demokratesch legitiméiert Zerstéierung vun ekonomeschen Opportunitéiten, déi Europa zanter laangem gesinn huet. Déi potentiell negativ Suite vum Referendums-Resultat sprengen de Kader vun dëser Chronik, dofir Stéchwierder:

  • Negativen Impakt op d'Wirtschaftswuesstem a Groussbritannien, an an der EU
  • Komplexe bürokrateschen (a politeschen) Prozess vum Désengagement aus der EU
  • Zentrifugal Risike fir Groussbritannien, wou Schottland an Nordirland däitlech pro-EU sinn
  • Copycat-Verhalen am Rescht vun Europa, wou aner Haaptstied driwwer nodenken, wéi een d'britescht Beispill kéint imitéieren

Lamentéieren eleng geet awer net duer. Et ass d'Fro ze stellen, an ze analyséieren, firwat eng Majoritéit vu Briten aus dem Bauch eraus éischter wéi mam Kapp ofgestëmmt huet. Dat ass eng vun de fundamentalen Erausfuerderungen, déi de Brexit-Referendum fir d'britesch Politik hannerléisst. De Räichtum, deen an de leschte Joerzéngten a Groussbritannien geschafe gouf, ass net gläichméisseg genuch verdeelt fir d'politesch Adhesioun vun der Majoritéit ze kréien. De Message mussen d'Ekonomisten an d'Politiker héieren. Net nëmmen a Groussbritannien.